Mullen

Adobe Stock

Umierkung vun der Redaktioun: Des ass eng liicht ugepasste Versioun vun engem Artikel deen ursprünglech den 15.09.2021 verëffentlecht gouf. Firwat ee just Mulle kache soll, déi zou sinn gouf ergänzt, an ob ee Mullen iesse soll, déi nom Kachen nach zou sinn, gouf relativéiert.  

Et ginn dräi Haaptgrënn, firwat frësch Mulle virun allem an de Méint mat engem „r“ – also vu September bis Abrëll – op den Dësch kommen. Deen éischten ass hiert Fleesch, dat vill Eewäiss enthält. Dat gëtt séier schlecht, esou datt d'Déieren traditionell lieweg vun der Recolte bis an d'Kachdëppen transportéiert ginn. Dat war fréier, wou se an de waarme Summerméint nach net richteg gekillt konnte ginn, net wierklech méiglech.

Dat dierft haut jo awer kee Problem méi sinn.

Richteg. Usech ginn et haut op ville Plazen dat ganzt Joer iwwer Mullen. De Gros gëtt awer nach ëmmer lieweg vun do, wou se gefaange ginn, bis an d'Kachdëppen transportéiert. Do ass et wichteg, datt se permanent gekillt bleiwen. Méi iwwert den Transport an der Infobox. Et kann een haut natierlech och op gefruere Mullen zréckgräifen. 

A wat ass den zweete Grond? 

Am Summer hu Mullen einfach manner Muskelfleesch, well si Energie fir d'Reproduktioun brauchen. All weiblech Muschel leet da bis zu zwielef Milliounen Eeër an d'Waasser, déi vun der Spermawollek vun de Männercher befrucht ginn. Dat ass e grousse kierperlechen Effort an ziert un de Reserve vun de klengen Déieren. Am Summer mussen d’Mullen also aus Régiounen oder Farmen kommen wou grad keng Reproduktioun stattfënnt.

An den drëtte Grond?

Dee betrëfft d'Fudder: Mullen ernären sech vu winzege Liewewiesen, déi si aus dem Waasser erausfilteren. An der waarmer Joreszäit kann d’Algebléi gëfteg Stoffer produzéieren, déi d'Muschelen och aus dem Waasser filteren an an hirem Fleesch uräicheren. Eng Muschelvergëftung wier d'Konsequenz heivun an dat ass net besonnesch spaasseg fir de Mullegourmet. Dowéinst schreift d'Gesetz et och vir, dass Muschelen op esou Gëfter musse getest ginn, ier se an de Verkaf ginn. An Europa gëtt och d’Waasserqualitéit iwwerwaacht, sou dass wärend enger Algebléi keng Muschelen aus dem Waasser geholl däerfe ginn.

Ah, dat ass gutt ze wëssen. Zum Schluss nach zwou praktesch Froen: Firwat soll ee just Mullen, déi zou sinn, kachen?

Wat mir un de Mullen esou gär hunn, sinn hir Schliissmuskelen. Wa sech de klenge viischten an de groussen hënneschte Schliissmuskel zesummenzéien, dann hale si d'Schuel vun der Muschel fest zou. Mulle ginn traditionell lieweg gekacht. Doudeg Muschele kënnen hir Muskelen net uspanen a kënnen deemno och hir Schuelen net zoumaachen. Dat ass de Grond, firwat oppe Mullen, déi och no Uklappen net zou ginn, virum Kachen aussortéiert musse ginn – si kéinte schonn doud sinn. A well sech d'Eewäiss an de Muskele vun doudegen Déieren zersetzt, kann e sech op dës Manéier och séier eng Vergëftung afänken. Nom Kache ginn d'Muschelen op, an dat muss och esou sinn.

Ma dat ass déi zweet Fro: Stëmmt et, datt ee Mullen, déi nom Kachen net op ginn, net soll iessen?

Et seet een effektiv ëmmer nach, datt ee Muschelen, déi nom Kachen nach ëmmer zou sinn, net soll eessen. D’Argument: Dat kann nämlech en Indiz dofir sinn, dass d’Schuel virum Kache mechanesch verklemmt oder verpescht war, an net, datt d’Muschel nach gelieft huet.   

Et gëtt awer heifir kee wëssenschaftleche Beweis. Par conter gëtt et eng Studie vun australesche Fuerscher, déi dat kontestéiert an och ënnersicht huet. D’Fuerscher hunn e ganze Koup Muschele giess, déi nom Kachen nach zou waren an et gouf hinnen net schlecht. Hir Conclusioun: Muschelen, déi virum Kache frësch waren, an nom Kachen nach zou sinn, kann een trotzdeem iessen.

Si weisen awer och drop hinn, datt et wichteg ass, datt d’Mulle frësch op den Dësch kommen, datt Mullen déi VIRUM Kachen op bleiwen auszortéiert ginn, an datt een de Geroch an d’Konsistenz vum Fleesch vu gekachte Mullen – egal ob op oder zou – ëmmer iwwerpréiwe soll.

Bei Liewensmëttel gëlt generell de Motto “When in doubt, throw it out” – also: Wee sech net sécher ass datt se frësch a gutt gekacht sinn, soll zoue Mullen net iessen.

Merci! Da kann ech meng meng nächst Portioun frësch Mullen elo ëmsou méi genéissen!

Wéi gi frësch Mullen transportéiert?

Och wann et haut d'ganzt Joer iwwer virgekachten an déifgefruere Mulle ginn, gëtt de Gros awer nach ëmmer lieweg vun do, wou se gefaange ginn, bis an d'Kachdëppen transportéiert. Dat géif engersäits natierlech am Waasser goen. Dat ass awer net ganz praktesch. Duerchgesat huet sech haut den Transport an hermetesch ofgedichte Plastikstuten. Doran ass d'Loft esou fiicht, datt d'Muschelen net ausdréchnen, a si enthält esou vill Sauerstoff, datt si gutt eng Woch dovu liewe kënnen.

Muschele mat Super Powers

Am Engleschen heeschen se ganz einfach mussels – Muschelen. Déi Däitsch nennen se Miesmuscheln, wat op den éischte Bléck op e lusche Charakter hindeite kéint. Mä wäit gefeelt: Mies kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen an heescht Moos. Well engersäits bedecken d'Muschelen de Buedem am Mier op munche Plazen ewéi d'Moos de Bësch. An anerersäits sinn hir Bysussfiedem en ideale Liewensraum fir Algen, déi hinnen eng moosgréng Faarf ginn.

Dës Bysussfiedem – och Muschelseid genannt – sinn eng Mëschung aus eewäissräiche Sekreeter. Eenzel kleng Fiedem si just 10 bis 45 Mikrometer déck an domat méi dënn ewéi e mënschlecht Hoer. Domat peche sech d'Muschelen un hirem Liewensraum fest, esou datt och staark Stréimungen hinnen näischt doe kënnen. Dës Fäegkeet mécht si och fir d'Fuerschung, déi ëmmer op der Sich no innovativen Iddien ass, interessant: Et kéint een doraus eng Zort bionesche Superkleber entwéckelen, deen och ënner Waasser hält. Ausserdeem, esou d'Iddi, kéint och d'Medezin dovu profitéieren, nämlech dann, wann anorganesch Materialien ewéi kënschtlech Krounen oder Implantater am Kierper un organesch Strukture gepecht solle ginn.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editor: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen

https://www.planet-wissen.de/natur/tiere_im_wasser/muscheln/pwiemiesmuscheln100.html

https://www.deutschesee.de/fisch-meeresfruechte/schon-gewusst/fischlexikon/miesmuschel/

https://www.worldsoffood.de/specials/was-isst-deutschland/item/2820-warum-heissen-miesmuscheln-miesmuscheln.html

https://www.planet-wissen.de/natur/tiere_im_wasser/muscheln/pwiemiesmuscheln100.html

Jaworski: Properties of byssal threads, the chemical nature of their colors and the veil of Manoppello. In: Proceedings of the international workshop on the Scientific approach to the Acheiropoietos images. 2010.

Klebende Muschelproteine haften weitgehend unabhängig von der Anzahl ihre bindenden Bestandteile. Möglichkeit neuartiger Klebstoffe. Johannes Gutenberg-Universität Mainz, 4. November 2008.

Kongchang Wei, Berna Senturk, Martin T. Matter, Xi Wu, Inge K. Herrmann, Markus Rottmar, Claudio Toncelli: Mussel-Inspired Injectable Hydrogel Adhesive Formed under Mild Conditions Features Near-Native Tissue Properties. American Chemical Society (ACS) Applied Materials & Interfaces 11(51): 47707-47719, 2019 doi:10.1021/acsami.9b16465

https://www.ifam.fraunhofer.de/content/dam/ifam/de/documents/Klebtechnik_Oberflaechen/Klebstoffe_Polymerchemie/proteinbasierte_materialien_fraunhofer_ifam.pdf

https://www.geo.de/wissen/ernaehrung/muscheln-essen--nur-in-monaten-mit--r--ratsam--35804112.html

https://sz-magazin.sueddeutsche.de/gruss-aus-der-kueche/muscheln-r-monate-mythos-92318

https://www.frdc.com.au/project/2002-418

 

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

 

Auch interessant

Ernährung der Zukunft – Teil 2 Proteinwende: Neue Quellen für die Baustoffe des Körpers

In diesem Teil unserer 4-teiligen Artikelserie wenden wir uns den Proteinen zu – und der Frage nach, wie wir uns damit i...

FNR
Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR