© shotshop.com

Note vun der Redaktioun: Des ass eng ugepasste Versioun vun engem Artikel deen ursprünglech den 19.12.2018 verëffentlecht gouf. Nei Studie goufe mat a Betracht gezunn an d'Quelle goufen aktualiséiert. 

Ëmmer méi Leit schwieren op d‘Intervallfaaschten: Si iessen nëmmen an engem Zäitfënster vun aacht Stonnen, da maachen si 16 Stonne laang Paus. Dat heescht: Entweder fält bei hinnen de Kaffi oder d'Owesiessen aus. Ass dat gesond, Mr Science?

Jo, warscheinlech schonn, wann och vläicht net fir jiddereen. Méi genee huet een dat awer bis elo just u Mais getest. Mais déi permanent iessen, kréien Diabetes, schlecht Liewerwäerter a gi méi séier al. Wa se awer nëmmen an engem bestëmmten Zäitfënster iessen, bleiwen se gesond- an dat, obwuel se an där Zäit souvill iesse kënne wéi se wëllen.

Cool. Fonctionéiert dat dann och bei Mënschen?

Éischt Studie weisen och bei Mënschen eng positiv Wierkung - op mannst kuerzfristeg. Den Zockerspigel am Blutt normaliséiert sech zum Beispill, Entzündunge ginn zeréck, Liewerwäerter verbesseren sech. Op een duerch Intervallfaaschte méi laang lieft ass nach net kloer, well et gëtt nach keng Laangzäitstudien. 

Leit déi e bëssen ofhuele wëllen, fannen Intervalfaaschten dacks méi einfach wei ee Regimm. Well eigentlech ginn et keng Saachen di verbuede sinn - et muss een sech just un d’Pausen halen. Dovu profitéiere virun allem Leit mat Iwwergewiicht. Bei gläicher Kalorienzuel ass Intervallfaaschten awer net méi effikass wéi e klassesche Regimm, bei deem een einfach manner Kalorie pro Dag zou sech hëlt. 

Firwat kann sech Intervallfaaschten dann sou positiv auswierken?

D’Hypothees ass follgend: Eise Kierper ass optimal dorobber virbereet. An der Steenzäit an an de Joerdausenden duerno waren sou Pause ganz normal. Villäicht brauch de Kierper sou Pause souguer, z. B. fir d'Fettverbrennung unzekurbelen. Studien u Mais hunn zum Beispill och gewisen datt sech d’Daarmflora duerch déi méi laang Pause verbessert, an eng gesond Daarmflora ass ganz entscheedend fir eis Gesondheet.

Ginn et dann och Risiken?

Dat ass nach net kloer. Et gi kaum Studien, déi potenziell negativ Effekter beim Mënsch systematesch ënnersicht hunn. An et gi wéi gesot nach keng Laangzäitstudien.

D’Resultater sinn och zum Deel ganz individuell a well Intervallfaaschte je no Zäitfënster an Aart vun der Ernärung ënnerschiddlech Auswierkungen kann hunn, as et schwéier allgemeng a laangfristeg Konsequenze virauszesoen. An Intervallfaaschten ass och net fir jiddereen. Déi eng fannen et einfach, anerer fillen sech midd, hu Kappwéi oder Konzentratiounschwieregkeeten. Fraen déi schwanger sinn oder nieren, Leit mat enger Virgeschicht vun Iessstéierungen a Leit déi z. B. Insulin sprëtze sollen zum Beispill Intervallfaaschten net ouni medezinesch Betreiung probéieren.

Wat muss ee maachen, wann een et probéiere wëll?

Net vill. Du muss dech just un deng Pause mam Iesse vu 16 Stonnen halen. Wann s de wëlls ofhuelen, da solls de dech an der erlaabter Zäitfënster awer gesond ernären, an dech net nëmme mat Junk Food voll stoppen. 

Ofhuele mat Intervallfaaschten?

Beim Faaschten an Intervallen ziele keng Kalorië mee nëmmen d’Stonnen. Giess gëtt an engem Zäitfënster vun aacht Stonnen am Dag, da gi 16 Stonne Paus gemaach (16:8 Method). Vill Mënschen huelen doduerch ouni grouss Ustrengung e puer Kiloen of. Dofir soll een sech am erlaabten Zäitfënster gesond ernären - a sech net nëmme mat Fast Food voll stoppen. Et dauert e puer Wochen, bis een sech un dëse Rhythmus gewinnt huet. Verschidde Leit iessen och zwee Deeg an der Woch manner Kalorien iwwert de ganzen Dag verdeelt, nämlech just ee Véirel vun deem wat se bräichten (5:2 Method). An da ginn et nach Methode, wou een een Dag iwwert deen anere faascht (1:1). 

Wat bewierkt Intervallfaaschten am Kierper?

Bei engem Regimm stellt sech de Kierper mat der Zäit op manner Kalorien an. Soubal de Regimm eriwwer ass, hëlt ee séier erëm bäi, dat ass deen onbeléifte Jojo-Effet. Beim Intervallfaaschte kritt eise Kierper awer genuch Iessen, just net déi ganzen Zäit. Des laang Paus kierpt d’Fettverbrennung un, senkt de Bluttzockerspigel a verbessert mat der Zäit och eis Liewerwäerter. Dat deet bal jidderengem gutt - nëmme Kanner, schwanger Fraen oder Mammen déi hir Kanner niere sollten net faaschten. An wien un Diabetis oder ënner anere gesondheetleche Problemer leit soll virdru bei een Dokter goen.

Auteur: scienceRELATIONS
Iwwerschafft: Michèle Weber (FNR) 
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR), Bidinger Jan
Foto: shotshop.com

Infobox