Mullen

Adobe Stock

Et ginn dräi Haaptgrënn, firwat frësch Mulle virun allem an de Méint mat engem „r“ – also vu September bis Abrëll – op den Dësch kommen. Deen éischten ass hiert Fleesch, dat vill Eewäiss enthält. Dat gëtt séier schlecht, esou datt d'Déieren traditionell lieweg vun der Recolte bis an d'Kachdëppen transportéiert ginn. Dat war fréier, wou se an de waarme Summerméint nach net richteg gekillt konnte ginn, net wierklech méiglech.

Dat dierft haut jo awer kee Problem méi sinn.

Richteg. Och wann et haut d'ganzt Joer virgekachten an déifgefruere Mulle ginn, gëtt de Gros awer nach ëmmer lieweg vun do, wou se gefaange ginn, bis an d'Kachdëppen transportéiert. An hei kënnt den zweete Grond an d'Spill: Am Summer hu Mullen einfach manner Muskelfleesch, well si Energie fir d'Reproduktioun brauchen. All weiblech Muschel leet da bis zu zwielef Milliounen Eeër an d'Waasser, déi vun der Spermawollek vun de Männercher befrucht ginn. Dat ass e grousse kierperlechen Effort an ziert un de Reserve vun de klengen Déieren.

A wat ass den drëtte Grond?

Dee betrëfft d'Fudder: D'Algebléi kann an der waarmer Joreszäit gëfteg Stoffer produzéieren, déi d'Muschelen aus dem Waasser filteren an am Fleesch uräicheren. Eng Muschelvergëftung wier d'Konsequenz heivun an dat ass net besonnesch spaasseg fir de Mullegourmet. Dowéinst schreift d'Gesetz et och vir, dass Muschelen op esou Gëfter musse getest ginn, ier se an de Verkaf ginn.

Merci! Da wäert ech meng nächst Portioun frësch Mullen elo ëmsou méi genéissen!

Infobox

Muschele mat Super Powers

Am Engleschen heeschen se ganz einfach mussels – Muschelen. Déi Däitsch nennen se Miesmuscheln, wat op den éischte Bléck op e lusche Charakter hindeite kéint. Mä wäit gefeelt: Mies kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen an heescht Moos. Well engersäits bedecken d'Muschelen de Buedem am Mier op munche Plazen ewéi d'Moos de Bësch. An anerersäits sinn hir Bysussfiedem en ideale Liewensraum fir Algen, déi hinnen eng moosgréng Faarf ginn.

Dës Bysussfiedem – och Muschelseid genannt – sinn eng Mëschung aus eewäissräiche Sekreeter. Eenzel kleng Fiedem si just 10 bis 45 Mikrometer déck an domat méi dënn ewéi e mënschlecht Hoer. Domat peche sech d'Muschelen un hirem Liewensraum fest, esou datt och staark Stréimungen hinnen näischt doe kënnen. Dës Fäegkeet mécht si och fir d'Fuerschung, déi ëmmer op der Sich no innovativen Iddien ass, interessant: Et kéint een doraus eng Zort bionesche Superkleber entwéckelen, deen och ënner Waasser hält. Ausserdeem, esou d'Iddi, kéint och d'Medezin dovu profitéieren, nämlech dann, wann anorganesch Materialien ewéi kënschtlech Krounen oder Implantater am Kierper un organesch Strukture gepecht solle ginn.

Firwat soll ee just Mullen, déi nach zou sinn, kachen?

Wat mir un de Mullen esou gär hunn, sinn hir Schliissmuskelen. Wa sech de klenge viischten an de groussen hënneschte Schliissmuskel zesummenzéien, dann hale si d'Schuel vun der Muschel fest zou. Dat ass iwwregens och de Grond, firwat oppe Mulle virum Kachen aussortéiert musse ginn. Well doudeg Muschele kënnen hir Muskelen net uspanen an deemno kënnen och hir Schuelen net zou sinn. A well sech d'Eewäiss an de Muskele vun doudegen Déieren zersetzt, kann ee sech op dës Manéier och séier eng Vergëftung afänken. Nom Kache ginn d'Muschelen op. Dann ass alles o.k.

Wéi gi frësch Mullen transportéiert?

Och wann et haut d'ganzt Joer iwwer virgekachten an déifgefruere Mulle ginn, gëtt de Gros awer nach ëmmer lieweg vun do, wou se gefaange ginn, bis an d'Kachdëppen transportéiert. Dat géif engersäits natierlech am Waasser goen. Dat ass awer net ganz praktesch. Duerchgesat huet sech haut den Transport an hermetesch ofgedichte Plastikstuten. Doran ass d'Loft esou fiicht, datt d'Muschelen net ausdréchnen, a si enthält esou vill Sauerstoff, datt si gutt eng Woch dovu liewe kënnen.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editor: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. 

 
Quellen

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR
Leck dech schlank? Kann ee vum Glaceiessen ofhuelen?

Wann ech Glace iessen, muss mäi Kierper d'Schneekerei fir d'éischt mol ophëtzen. Dofir brauch en Energie. Kann ech also ...

FNR