sitzenbleiben

shotshop.com

D'PISA-Etüd 2009 huet gewisen, datt a Länner wéi Frankräich oder Lëtzebuerg iwwerduerchschnëttlech vill Schüler (ongeféier 35%) op mannst eemol an hirer Schoulzäit sëtze bleiwen.

Sou komplett pauschal kann een dat net beäntwerten. Ech sinn zum Beispill eemol sëtze bliwwen, a fir mech war et aus ënnerschiddlech Grënn ganz gutt. Dat ass mir awer réischt vill Joren duerno bewosst ginn.

A wat soen d'Wëssenschaftler?

Déi grouss Majoritéit seet: Sëtzebleiwe bréngt kengem eppes. Weder de Schüler, déi ee Joer zweemol maache mussen, nach de Klassen, déi di méi Léierschwaach zeréckloossen. An och net der Steierkeess.

Dat confirméiert och den Antoine Fischbach, Bildungsfuerscher op der Uni Lëtzebuerg an Direkter vum LUCET (Luxembourg Center for Educational Testing): „Et gëtt wéineg Aspekter a mengem Fuerschungsberäich, wou den internationalen empiresche Wëssensstand esou zolidd an eendeiteg ass. Natierlech gëtt et ëmmer Leit mat anere Meenungen, oder anekdotescher Evidenz, mee dës Meenungen an „Evidenz“ si wëssenschaftlech gesinn irrelevant.“

Mee déi meescht Leit fannen et dach ganz logesch, datt schwaach Schüler sëtzebleiwen?

Dat ass net logesch, mee Gewunnecht. Mir kennen et eben sou, datt een an der Schoul sëtze bleiwe kann.

Wëssenschaftlech Etüde wéi d'PISA-Etüd weisen awer: Schüler déi sëtzebleiwen entwéckelen sech am Duerchschnëtt méi schlecht, wéi änlech schwaach Schüler, déi an déi nächst Klass versat ginn. An dat Schlëmmst ass: den Ofstand vergréissert sech am Laf vun der Zäit, also no e puer Cyclen, och nach.

Den Antoine Fischbach seet dozou nach: „Interessant ass vläicht, dass den Effekt erwisenermoossen esou guer negativ ass. Dëst kënnt ënner anerem beim Hattie senger Meta-Analyse eraus: (ganz ënnen op 7. leschter Plaz „retention“). Dëst ass och meng perséinlech Konklusioun: Sëtzebleiwen huet meeschtens en negativen Effekt, an am beschte Fall ännert et näischt.“

Wourunner kann dat leien?

Sëtzebleiwen ass frustréierend. Du stees ob eemol virun enger neier Klass mat méi jonke Schüler a kënns der wéi e Loser vir. Dat motivéiert sou gutt wéi keen zum Léieren. An da kenns de déi meescht Matière och nach! Dat ass mega langweileg - besonnesch, wa Schoul souwisou net däin Dram vum Liewen ass.

Wat sinn Argumenter PRO-Sëtzebleiwen?

Och wa Sëtzebleiwen an deene meeschte Fäll kontraproduktiv ass ginn et natierlech och Fäll wou Sëtzebleiwen eppes Positives ka bewierken. An engem Dokument vum Minstère de l’Education Nationale aus dem Joer 2006 ginn op der Säit 41 eng ganz Rei verschidden Konditiounen opgelëscht ënnert deenen e Widderhuelen vun enger Klass sënnvoll ka sinn.

De Professor Hans Brügelmann vun er Universitéit Siegen huet an enger Publikatioun vun 2005 folgende Fazit gezunn: “Sitzenbleiben ist in bestimmten Fällen (Krankheit, Durchhänger) durchaus eine wichtige Möglichkeit, sofern es nicht unter Zwang, sondern in Absprache mit Schüler/-in, Lehrer/-in und Eltern geschieht.”

A wéi kann een méi schwaache Schüler da besser hëllefe wéi mat Sëtzebleiwen?

Schüler, déi riskéiere sëtzenzebleiwen, brauche besonnesch Ënnerstëtzung. Zum Beispill Cours d'Appui, deen hir Schwächten am Bléck hält. Well keen ass iwwerall gläich staark.

Mee dat ass natierlech eng Erausfuerderung fir de Schoulsystem an déi néideg Ressourcë mussen do sinn. Dobäi kéint et jidderengem eppes bréngen, souguer der Staatskeess: well Sëtzebleiwe verursaacht héich Käschten an der Educatioun (méi dozou an der Infobox)!

Wat de Präis vum Sëtzebleiwen zu Lëtzebuerg betrëfft, dozou seet den Antoine Fischbach: „Beschoulung ass mat Ofstand an allen OECD Länner am deiersten zu Lëtzebuerg, an da kascht natierlech och all Bonusronn ëmsou méi….Appui kascht och Geld, mee steet a kenger Relatioun zu deem anere Montant. En plus kéint ee relativ einfach (zumindest am Fondamental) Ressource fir den Appui fannen, wann een z.B. d’Klasseneffektiver géing eropsetzen. Kleng Klasse sinn zwar gutt fir d’Léieren, mee et gëtt eng Aart Threshold: iwwer 20 Kanner ass kloer ee Risiko fir de Léierprozess, mee op der 19, 18, 17, oder 16 sinn, ännert näischt zum Beschten oder zum Schlechten; dat ass da just nach eng Saach vum Komfort."

Dem Antoine Fischbach sai Fazit: „Ech mengen et ass wichteg, Sëtzebleiwen als dat ze gesinn wat et ass, nämlech eng (komfortabel mee net effikass) Mesure fir Heterogenitéit ze geréieren. D’Superdiversitéit bei eis am Schoulsystem erkläert dann och schnell deen exzessive Réckgrëff op de Redoublement. Aus enger reng wëssenschaftlecher Perspektiv ass d’Debatt ronderëm d’Sëtzebleiwen awer längst ofgeschloss. Villes ass zu Lëtzebuerg anescht (z.B. duerch d’Méisproochegkeet), mee awer och net alles. Mir hunn eng Tendenz eis vun Zäit zu Zäit hanner eiser „Eenzegaartegkeet“ ze verstoppen, fir onbequem Faiten ze ignoréieren, mee bei där hei Fro gëtt et näischt Eenzegaarteges.“

Auteuren: scienceRELATIONS/Hannes Schlender, Joseph Rodesch (FNR) & Antoine Fischbach/Uni Lëtzebuerg
Éditeuren : Michèle Weber, Joseph Rodesch, Jean-Paul Bertemes (FNR)
Iwwersetzerin : Michèle Weber (FNR)

Sëtzebleiwe gëtt net iwwerall selwecht als pedagogescht Instrument genotzt. D'PISA-Etüd 2009 huet gewisen, datt a Länner wéi Frankräich oder Lëtzebuerg iwwerduerchschnëttlech vill Schüler (ongeféier 35%) op mannst eemol an hirer Schoulzäit sëtze bleiwen. A Finnland, Kroatien oder Groussbritannien trëfft et vill manner Schüler (ënner 5%). An Norweger, Koreaner oder Japaner kenne Sëtzebleiwe guer net. Éiereronne sinn an hirem Schoulsystem einfach net virgesinn. Éisträich oder Amerika leien éischter am Mëttelfeld (ca. 13%).

Wa vill Schüler an engem Land sëtzebleiwen, suergt dat allerdéngs op kee Fall fir besser duerchschnëttlech Leeschtungen an der Schoul. Dat huet d'OECD, d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung eendeiteg festgestallt: "PISA 2009 weist, datt Schülerinnen a Schüler a Länner mat engem héijen Taux vu Redoublementer méi schlecht Resultater erreechen." Zwar spillen och nach aner Facteuren eng Roll bei der Fro, wéi gutt d'Schüler vun engem Land sinn - sou wéi den Entwécklungsstand vum Land oder d'Akommes vun de Stéit, aus deenen d'Schüler kommen. Sëtzebleiwen - Jo oder Nee? - ass awer och e wichtege Facteur.

Sëtzebleiwen ass mat Käschte verbonnen. Et muss Léiermaterial a Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt ginn, a Léierpersonal muss bezuelt ginn. Heiansdo musse Klasse gedeelt ginn, wann d'maximal Schülerzuel wéinst de Redoublanten iwwerschratt gëtt. Dat geet da richteg an d'Geld. D'Käschte pro Schüler schwanke vu Land zu Land - je nodeems wéi intensiv vum pedagogeschen Instrument vum Sëtzebleiwe Gebrauch gemaach gëtt. 2009 louchen d'Käschten an Island oder Slowenie bei 500 US-Dollar pro Schüler (net pro Redoublant!). An Holland oder der Belsch waren et dogéint 11.000 US-Dollar.

Mee et bleift net just bei renge Schoulkäschten. Redoublante verléieren ee Joer vun hirem Beruffsliewen - si bezuelen an där Zäit keng Steieren oder Sozial Contributiounen. Dat ass souwuel fir d'Allgemengheet wéi och fir d'Altersvirsuerg schlecht. Wann ee wéinstens soe kéint, datt sech d'schoulesch Leeschtung vun de Betraffenen an domadder hire Schoulofschloss verbessert - da kéinte si dat jo spéider erëm ophuele. Dat ass awer leider net de Fall. Sëtzebleiwe féiert net zu besserer Leeschtung an der Schoul. An fir déi psychesch Käschten - d'Angscht, dat desagreabelt Gefill, an d'lädéiert Selbstbewosstsinn - mussen d'Schüler souwisou selwer opkommen.

Infobox

Quellen
Mr Science op ELDO RADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science um Eldo Radio eng Fro.

Auch interessant

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Schulbildung Forschend lernen – lernend forschen: Das Projekt „Fuerschen Dobaussen“ für Grundschulen

Mit einem besonderen Lernkonzept gehen Luxemburger Schulen neue Wege – und lassen ihre Schüler sich draußen in der Natur...

Menschlicher Körper - Lungenvolumen Wie viel Luft passt in unsere Lungen?

Die Schülerinnen und Schüler messen mithilfe eines Luftballons und Wasser ihr Lungenvolumen.