gähnendes Affenjunges

Daisuke Tashiro via Wikimedia Commons

E klenge Japanmakak (Macaca fuscata) dee gaapst

E Nolauschtrer huet sech d’Fro gestallt ob et Déieren ginn, déi sech dat erspueren a guer net schlofen?

Ménge Recherche no, weess een dat nëmme vun eng Art Hai dee Longimanus heescht. Dee muss tatsächlech ni schlofen. Mee eigentlech misst ee soen: Deen duerf net schlofen, well e soss erstéckt.

Wisou dat dann?

Longimanus Haien ootmen, andeems se no vir schwammen a Waasser duerch hier oppe Schnëss an duerch d’Kiemen laanscht stréime loossen. Soubal se sech net méi beweegen, brécht de Waasserstroum of, an et kennt kee Sauerstoff méi an d’Blutt. Dofir hunn dës Haien, wa se a Fëschernetzer geroden, och keng Chance ze iwwerliewen.

Brauchen déi Longimanushaien da guer keng Paus fir ze raschten?

Dach, awer si raschten nëmmen a schwammen dobäi ganz reegelméisseg wéider. Schlofe kann een dat net nennen.

An all déi aner Déieren schlofen awer?

Jo, souwäit een dat weess, schlofen all aner Déieren. Bei munchen ass dat allerdéngs zimlech kuriéis. De Leeëndecker (däitsch: Mauersegler), e Villchen schléift a bestëmmte Phasë vum Schlof mat nëmmen enger Gehirhalschent. Déi aner Halschent bléift waakreg a kontrolléiert Muskelen an d’Perceptioun.

Dofir kennen dës Déieren dausende Kilometeren ouni Ënnerbriechung fléien. D’Schlofphasen, an deene béid Gehierhalschente schlofen, daueren nëmmen e puer Sekonnen. Déi ass sou kuerz, fir dass d’Déieren net ofstierzen.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Daisuke Tashiro via Wikimedia Commons

Auch interessant

An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR