gähnendes Affenjunges

Daisuke Tashiro via Wikimedia Commons

E klenge Japanmakak (Macaca fuscata) dee gaapst

E Nolauschtrer huet sech d’Fro gestallt ob et Déieren ginn, déi sech dat erspueren a guer net schlofen?

Ménge Recherche no, weess een dat nëmme vun eng Art Hai dee Longimanus heescht. Dee muss tatsächlech ni schlofen. Mee eigentlech misst ee soen: Deen duerf net schlofen, well e soss erstéckt.

Wisou dat dann?

Longimanus Haien ootmen, andeems se no vir schwammen a Waasser duerch hier oppe Schnëss an duerch d’Kiemen laanscht stréime loossen. Soubal se sech net méi beweegen, brécht de Waasserstroum of, an et kennt kee Sauerstoff méi an d’Blutt. Dofir hunn dës Haien, wa se a Fëschernetzer geroden, och keng Chance ze iwwerliewen.

Brauchen déi Longimanushaien da guer keng Paus fir ze raschten?

Dach, awer si raschten nëmmen a schwammen dobäi ganz reegelméisseg wéider. Schlofe kann een dat net nennen.

An all déi aner Déieren schlofen awer?

Jo, souwäit een dat weess, schlofen all aner Déieren. Bei munchen ass dat allerdéngs zimlech kuriéis. De Leeëndecker (däitsch: Mauersegler), e Villchen schléift a bestëmmte Phasë vum Schlof mat nëmmen enger Gehirhalschent. Déi aner Halschent bléift waakreg a kontrolléiert Muskelen an d’Perceptioun.

Dofir kennen dës Déieren dausende Kilometeren ouni Ënnerbriechung fléien. D’Schlofphasen, an deene béid Gehierhalschente schlofen, daueren nëmmen e puer Sekonnen. Déi ass sou kuerz, fir dass d’Déieren net ofstierzen.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Daisuke Tashiro via Wikimedia Commons

Aussi intéréssant

Pisa Summerchallenge Wéi di Wëll duerch Lëtzebuerg

Wéi de Wollef sinn den Olivier Catani a de Mister Science emol queesch duerch d’Land getrëppelt. Si hunn dobäi keng Dier...

RTL, FNR
Microleidus Melusinae Meeressaurierart in Luxemburg entdeckt

Ein im Süden Luxemburgs ausgegrabenes Fossil wurde vom MNHN untersucht – es handelt sich um eine bislang unbekannte Art...

Surveillance de la biodiversité État de santé et de conservation des différentes espèces et habitats au Luxembourg

Le LIST, en collaboration avec le Ministère du Développement Durable et des Infrastructures a présenté les programmes d...

Aussi dans cette rubrique

Schlafen im Klassenraum
Endlech ausschlofen! Soll am Lycée d’Schoul réischt méi spéit ufänken?

Vill Schüler sinn an der éischter Stonn nëmme physesch mee net geeschteg präsent, soe munch Proffen. Mr Science, soll d’Schoul méi spéit ufänken?

FNR
Hausaufgaben
Schoulufank Wat bréngen Hausaufgaben eigentlech?

Hausaufgabe sinn a ville Familljen en desagreabelt a lästegt Thema. Bréngen se eppes beim Léieren– oder sinn se nëmmen eng Folter?

FNR
Achterbahn
Aachterbunn fueren Vu wou kënnt d‘„Lach am Bauch“?

Wann et op der Aachterbunn no ënne geet, spiert een dat och staark am Bauch. Mr Science, wat weess d’Wëssenschaft doriwwer, wéi dëst Gefill entsteet?

FNR