Eidechse ohne Schwanz

Adobe Stock

Eidechse werfen hire Schwanz of, wann e Feind dono gräift.

Nee, dat kënnen net just Eidechsen – aner Déiere kënnen esouguer nach vill méi ewéi just hire Schwanz ofwerfen. An dës Strategie rett hinnen an esou munche Situatiounen d’Liewen.

Eidechse werfen hire Schwanz of, wann e Feind dono gräift. Mee de Kierperdeel geet net just lass, en zuckt och nach eng Zäitchen a lenkt de Feind of, fir dass d’Eidechs séier fortlafe kann.

Hire Schwanz wiisst normalerweis innerhalb vun e puer Wochen nees no. Meeschtens ass en dann awer net esou laang wéi deen éischten. Tatsächlech sinn Eidechsen net déi eenzeg Déieren, déi esou eppes kënnen, a gi vun där enger oder anerer Déierenaart esouguer nach iwwertraff.

Wat der Jomer ass dann nach méi beandrockend, wéi einfach mol e Kierperdeel falen ze loossen?

Net just de Schwanz oder d’Been, och Deeler vum Häerz oder dem Gehier kann den Axolotl, de bekannte Schwanzlurch aus Mexiko, regeneréieren. Dass hien d’Bee regeneréiere kann, hänkt warscheinlech mat senger Kannerstuff zesummen. Well virun allem an hirer Jugend knabbere sech d’Déieren oft géigesäiteg hir Extremitéiten of. Dass sech d’Häerz an d’Gehier och regeneréieren, kéint éischter en Nieweneffekt heivu sinn.

D’Fuerscher huelen esou eppes Änleches och beim Zebrafësch un. Egal ob Schwanzfloss, Häerz, Réckemuerch oder Sehnerv – säi Reparaturprogramm ass zimmlech beandrockend. Well en e ganz beweegleche Schwëmmer ass, kënnt et ëfters vir, dass e sech iwwerustrengt an dobäi blesséiert. Hei mussen d’Muskelen an d’Nerve séier reparéiert ginn, wat iwwregens bei all de Fësch, déi bis elo ënnersicht goufen, ganz gutt geléngt.

A bei Wierm ass „geteiltes Leid, halbes Leid“. Well wann e Stéck vun hirem hënneschte Kierper ofgetrennt gëtt, da kann de viischten iwwerliewen an de Rescht nei bilden. Hei déngen d’Autotomie an d’Regeneratioun och dozou, fir virun hongerege Raiber fortzelafen. Si se a Gefor, da kënnen d’Déieren hiren hënneschte Kierperdeel esouguer selwer ofwerfen.

Nach méi beandrockend ass d’Fäegkeet, déi eng Ekipp vu Fuerscherinne bei Sacoglossa-Mieresschleeke beobacht huet. D’Déiere käppe sech heiansdo selwer. A wärend deen ale Kierper inklusiv d’Häerz stierft, léisst sech de Kapp einfach en neie wuessen. Firwat si dat maachen? De Wëssenschaftlerinnen hir Hypothees: Ass de Schleekekierper vun ze vill Parasitte befall, da muss en eebe fort.

Mol ofgesinn dovun, dass et wierklech cool ass – firwat genee interesséiert sech d’Wëssenschaft fir dës Phenomeener?

Wa mir Mënschen en Aarm oder e Bee verléieren, da feelt eis op där Plaz fir ëmmer eppes. Well wärend d’Regeneratiounschampionen aus dem Déiereräich et hikréien, d’Zelle vun hirem Bindegeweebe an e stammzellänleche Stadium zeréckfalen ze loossen, bréngt eist Bindegeweebe just eng Narb fäerdeg. Deemno ze verstoen, firwat sech munch Liewewiese selwer heele kënnen, ass de Schlëssel zu der regenerativer Medezin. Well dann – esou d’Hoffnung vun de Wëssenschaftler – ass et vläicht enges Daags méiglech, dass och fir ganz schlëmm Verletzunge beim Mënsch Therapien entwéckelt ginn. A genee dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Infobox

Dat wiisst nees no

Bei de Planzen ass dat esou selbstverständlech, dass déi meescht vun eis kee Gedanken dru verschwenden. Well d’Gras spiisst no der Attack mat der Méimaschinn monter weider an och de Beem wuessen nei Äscht, nodeems e Stuerm oder d’Motorsee elle geraumt huet. An och bei den Déiere ginn et Aarten ewéi de mexikanesche Schwanzlurch Axolotl, eng Eidechs oder den Zebrafësch, déi ofgetrennte Kierperdeeler nowuesse loosse kënnen. De Phenomeen, dass munch Déieren hir Kierperdeeler einfach ofwerfen, nenne Fachleit Autotomie. Dat heescht op Lëtzebuergesch esou vill ewéi selwer zerschneiden. Loosse Liewewiesen ee vun hire Kierperdeeler nowuessen, da schwätzen d’Wëssenschaftler vu Regeneratioun. Bei eis Mënschen heescht et dogéint: Léiwer aarm drun ewéi Aarm erof. Well dee wiisst garantéiert net nees no. Mee wat maachen e Lurch, e Fësch oder eng Eidechs eigentlech anescht? Dëser Fro gi Wëssenschaftler op der ganzer Welt no. Well d’Léisung vum Rätsel kéint eng Medezin méiglech maachen, déi haut nach puer Science-Fiction ass.

Normalerweis besteet all Geweebe an all Organ vun eisem Kierper aus spezialiséierten Zellen. An de Knache sinn d’Knachenzellen, an de Muskelen d’Muskelzellen an am Blutt verschidde Bluttzellen. D’Zelle vermehre sech, andeems si sech deelen, a bleiwen dobäi trotzdeem, wat si virdru waren. Ganz anescht gesäit et bei de Stammzellen aus. Dës hunn d’Fäegkeet, sech a verschidden oder an all d’Zelle vun engem Organismus ze verwandelen. Jee nodeems wéi ëmfaassend hiert Wandlungspotenzial ass, gëtt tëschent verschiddenen Aarte vu Stammzellen ënnerscheet. Beim Lurch, Fësch a Co. wandelt sech d’Bindegeweebe no dem Verloscht vun engem Kierperdeel a sougenannte Virleeferzellen ëm. Dat si speziell Stammzellen, déi sech zwar net an all méiglech Zelle verwandele kënnen, mee hir Fäegkeete ginn awer duer, fir d’Geweebe, dat verluer gaang ass, ze regeneréieren. A bei eis Mënschen? Do funktionéiert dat net. Eis Bindegeweebszelle verwandele sech net a Virleeferzellen, mee bilden Narbengeweebe. Mee och beim Mënsch ginn et Virleeferzellen. Déi bekanntst sinn déi am Muerch vun eise Knachen, aus deenen ënnerschiddlech Bluttzellen entstinn. Bei chronesche Krankheete vum bluttbildende System ewéi z. B. Leukemie kréien d’Patienten dowéinst och Transplantatioune vu Stammzellen aus dem Muerch vu gesonde Persounen.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Mir soen dem Catherina Becker e ganz léiwe Merci. Si huet eis virun allem iwwer de „Firwat?“ bei dem Axolotl, Zebrafësch a Reewuerm opgekläert. Si ass Alexander von Humboldt-Professesch op der TU Dresden an Direktesch vun der Ekipp „Neural Development and Regeneration“ beim Zentrum für Regenerative Therapien Dresden (CRTD).

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/
 

Quellen
  • Ghatak, Animangsu (2022): How does a lizard shed its tail? In: Science (New York, N.Y.) 375 (6582), S. 721–722. DOI: 10.1126/science.abn4949.
  • Knopf, Franziska; Hammond, Christina; Chekuru, Avinash; Kurth, Thomas; Hans, Stefan; Weber, Christopher W. et al. (2011): Bone regenerates via dedifferentiation of osteoblasts in the zebrafish fin. In: Developmental cell 20 (5), S. 713–724. DOI: 10.1016/j.devcel.2011.04.014.
  • Gespräch mit Catherina Becker, Alexander von Humboldt-Professorin an der TU-Dresden und Leiterin der Gruppe „Neural Development and Regeneration“ am Zentrum für Regenerative Therapien Dresden (CRTD).
  • The Washington Post (2015): Earthworm regeneration - The Washington Post. Online verfügbar unter https://www.washingtonpost.com/wp-srv/special/metro/urban-jungle/pages/130604.html??noredirect=on, zuletzt aktualisiert am 07.07.2015, zuletzt geprüft am 21.03.2022.
  • Mitoh, Sayaka; Yusa, Yoichi (2021): Extreme autotomy and whole-body regeneration in photosynthetic sea slugs. In: Current Biology 31 (5), R233-R234. DOI: 10.1016/j.cub.2021.01.014.
  • Jungebluth, P.; Haag, J. C.; Macchiarini, P. (2015): Regenerative Medizin. In: Z Herz- Thorax- Gefäßchir 29 (3), S. 213–220. DOI: 10.1007/s00398-014-1094-7.
  • Carlson, Bruce M. (2007): Principles of regenerative biology. Amsterdam, Heidelberg: Elsevier.
  • Kragl, Martin; Knapp, Dunja; Nacu, Eugen; Khattak, Shahryar; Maden, Malcolm; Epperlein, Hans Henning; Tanaka, Elly M. (2009): Cells keep a memory of their tissue origin during axolotl limb regeneration. In: Nature 460 (7251), S. 60–65. DOI: 10.1038/nature08152.

Auch interessant

Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Neuer immuntherapeutischer Ansatz Katzenallergien: Hohe Dosen eines Hilfsstoffs erhöhen die Immuntoleranz und lindern Allergiesymptome

Forscher des LIH verfolgen bei der Behandlung schwerer Katzenallergien einen neuen Therapieansatz, mit dem die wesentlic...

LIH
Gewinner des nationalen Jonk Fuerscher Wettbewerbs Beerobot: ein Nachkomme für Bestäuber

Was passiert nach dem Bienensterben? Gonçalo Rafael Fonseca Correia erfindet einen Roboter, der die Rolle der Bestäuber ...

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR