Drogensucht

shotshop.com

Aktuell schätze Wëssenschaftler, datt de Risiko ofhängeg ze ginn zu ronn 50% genetesch bedéngt ass.

Genee dat ass en Deel vun der Definitioun vu Sucht: datt Ofhängeger hier Fanger net vun der Drog loosse kënnen, obwuel se wëssen, datt se hinne schued. Déi verschidden Droge wéi Alkohol, Heroin, Cannabis, Ecstasy asw. doggen op ënnerschiddleche Plazen am Gehier un. Si féiere schlussendlech awer ëmmer dozou, datt de Belounungssystem aktivéiert gëtt. An dest ass extrem wichteg fir eist Verhalen. E "belount" eis mat gudde Gefiller, wa mir z.B. lecker iessen oder gudde Sex hunn.

De Problem bei Drogen ass, datt si de Belounungssystem immens staark aktivéieren. D'Gehier léiert ausserdeem op Dauer, datt Drogekonsum mat gudde Gefiller zesummenhänkt. Gläichzäiteg reagéiert de Belounungssystem bei Süchtege manner staark op "normal" Reizer. Aktivitéiten, déi ee soss erfëllen oder glécklech gemaach hunn, kënnen op eemol net méi mat der Drog mathalen. Ausserdeem ginn duerch den Drogekonsum laangfristeg déi Netzwierker am Gehier méi schwaach, déi normalerweis fir e staarke Wëlle suergen. Süchteger wëssen dacks genee, datt d'Drog hinne schued, mee si kommen net méi géint hiren eegene Belounungssystem am Gehier un, deen si zum Drogekonsum dreift. Dofir gëtt Sucht mëttlerweil als chronesch Gehierkrankheet ugesinn an net méi als en Zeeche vu Charakterschwächt, wat fréier dacks de Fall war.

Gëtt een dann automatesch süchteg, wann een Drogen hëlt?

Et gëtt keen Automatismus. Ob ee süchteg gëtt hänkt och staark vun anere Facteure wéi just vun der Drog of. Aktuell schätze Wëssenschaftler, datt de Risiko ofhängeg ze ginn zu ronn 50% genetesch bedéngt ass. Dat ass awer just eng graff Aschätzung. Op mannst genee sou wichteg sinn Ëmweltfacteuren. Zum Beispill, ob ee méi oder manner behitt opgewuess ass, oder ob een sech wéi en Underdog ouni Chance fillt a keng Alternativen zum Drogekonsum gesäit. Wéi liicht een un Droge kënnt spillt och nach eng Roll. Wann een équilibréiert ass, also vill verschidden Aktivitéiten huet déi ee „belounen“, dann ass de Risk an eng Sucht vun enger Drog eranzefalen och méi kleng. Am grousse Ganze muss allerdéngs zum Thema Drogesucht nach vill gefuerscht ginn. Wat ënner anerem nach muss gekläert ginn ass wéi Drogen am Gehier genee wierken, a wat fir eng psychologesch a sozial Facteuren den Drogekonsum beaflossen.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Medezinesch gesi gëllt een als ofhängeg, wann op mannst dräi vun dësen Aussoen zoutreffen:  

  • Et huet een e staarke Wonsch oder Zwang, d'Drog ze consomméieren
  • Et fält engem schwéier, den Drogekonsum ze kontrolléieren. Dat betrëfft souwuel domat ufänken, domat ophalen, an d'Quantitéit vum Konsum.
  • Et spiert ee kierperlech Symptomer, wann en de Konsum vun der Drog reduzéiert oder domat ophält.
  • Toleranzentwécklung: et brauch een ëmmer méi vun der Drog fir déiselwecht Wierkung ze kréien.
  • Et vernoléissegt een ëmmer méi aner Zorte vu Pleséier oder Interessen zugonschte vum Drogekonsum an et verbréngt ee méi Zäit mam Konsum an dem Uschafe vun der Drog.
  • Et consomméiert een d'Drog weider, obwuel ee weess, datt si schiedlech fir een ass.

Des Critèren sinn op dëser Websäit vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mat weideren Erklärungen nozeliesen: abuse/terminology/definition1/en/">https://www.who.int/substance_abuse/terminology/definition1/en/

Fuerscher hu festgestallt, datt Kokainkonsum op Dauer beaflosst, wéi Genen a Gehierzellen ofgelies ginn. Et schwätzt een hei vun "epigenetesche" Verännerungen. Et gëtt ugeholl, datt si d'Drogesucht souzesoen am Gehier festschreiwen. Des Prozesser fannen d'Fuerscher och bei aneren Droge. Si hoffen, an Zukunft Medikamenter entwéckelen ze kënnen, déi des dauerhaft Verännerunge vun de Genen erëm geziilt réckgängeg maache kënnen. Dobäi sti si awer nach ganz am Ufank a misste fir d'éischt nach besser verstoe, wéi d'Drogen d'Gehier veränneren.

Och Droge gi mat der Moud. Dat weist, datt Drogekonsum och vu kulturelle Facteure beaflosst gëtt. Géint Enn vun de 60er Joren hu Cannabis an LSD d'Hippiekultur vun der Protestbeweegung begleet. Dobäi gouf virun allem Cannabis zum Symbol vun enger alternativer Kultur. An de 70er Joren huet sech den Heroinkonsum vu marginaliséierte Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu engem Problem entwéckelt. En koum duerch d'Drogendoudeger an d'Noriichten an huet d'Ëffentlechkeet schockéiert. Ween allerdéngs haut nach Heroin hëlt, ass meeschtens schonn am Bopen- oder Bomenalter. Mëttlerweil ginn a villen europäesche Länner a punkto illegal Droge virun allem Cannabis, Kokain, Amphetaminnen an Ecstasy consomméiert. Dogéint ass déi legal Drog Alkohol iwwer Joerzéngten en Dauerbrenner bliwwen.

Infobox

Quellen

 

 

Praktesch Informatiounen
Mr Science op RTL RADIO

 Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi intéréssant

Cannabidiol an THC Firwat gëtt Cannabis als Medikament agesat?

Bei Cannabis denkt een un Drogen oder de Bob Marley. Ma och Fuerscher interesséieren sech fir dee Stoff – als Medezin. ...

FNR
Cannabis Medikament oder just eng Drog?

Heelt Cannabis Krankheeten? Oder hëlleft et just, Symptomer ze traitéieren? A wat sinn negativ Auswierkunge vum Cannabi...

FNR
Cannabis Wéi wierkt e Rausch?

Wat mécht Kiffen matt eisem Kierper? Wat hu Cannabis an eng Klunsch gemeinsam?

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR