AdobeStock/Robert Kneschke

Tëschent fënnef an zéng Prozent vun all de Kanner si vun Dyslexie betraff.

Dyslexie ass eng Léierstéierung. De betraffene Kanner fält d'Liesen an d'Schreiwen däitlech méi schwéier ewéi hire Klassekomeroden. Se brauche méi laang, fir Buschtawen ze erkennen, stolpere beim Virliesen oder verwiessele Wierder. An dat onofhängeg vun Intelligenz a Fläiss. Tëschent fënnef an zéng Prozent vun all de Kanner sinn dovunner betraff. Jongen iwwregens zwee Mol méi heefeg ewéi Meedercher. Allerdéngs ass et nach net kloer, ob dat biologesch Ursaachen huet oder ob Meedercher d'Schwieregkeet einfach besser kompenséiere kënnen.

A wéi erkennt een, ob e Kand betraff ass?

Mat speziellen Tester. Bei deene geet et net nëmmen ëm d'Virliesen. D'Kanner mussen zum Beispill och Wierder noschwätzen oder allkéiers zwee Wierder fannen, déi openee reimen. Fachleit kënnen esou erkennen, ob d'Verbindung tëschent Héieren a Schrëft klappt – wéi gutt d'Kanner also Lauter erkennen a mat Buschtawe verknëppe kënnen. Zu Lëtzebuerg gëtt et an Tëschenzäit dofir eege Verfaren, déi och d'Méisproochegkeet berücksichtegen. Well Schwieregkeeten an enger Sprooch deiten net onbedéngt direkt op eng Liesstéierung hin. Se kënne sech och einfach aus de sproochlechen Ënnerscheeder erginn. Mam LuxLeseTest soll méi genee ënnerscheet ginn, ob e Kand tatsächlech vun enger Dyslexie betraff ass oder ob et just méi Zäit brauch, fir déi eenzel Sprooche sécher ze beherrschen.

Weess een eigentlech, wou Dyslexie hierkënnt?

D'Ursaache leien am Gehier an et handelt sech ëm e komplext Wiesselspill aus neurobiologeschen a geneetesche Facteuren. Beim Liese schaffen normalerweis méi Zonen am Gehier zesummen. Eng erkennt d'Wuertformen, eng aner verbënnt d'Lauter mat Buschtawen an eng drëtt hëlleft beim Matschwätzen am Kapp. Bei Dyslexie ass dat Zesummespill holpereg, well de Prozess manner effikass ass. Dat kann een och op de Scanner-Biller vun der Gehieraktivitéit gesinn. Datt sech d'Gehier op esou eng Aart a Weis entwéckelt, läit warscheinlech zum Deel an de Geenen. Well Dyslexie trëtt a muenche Famillje méi heefeg op.

A wat kann een dogéint maachen?

Dat Wichtegst ass, d'Kanner fréi ze fërderen. Effikass Methode setzen op e systemateschen Training vun de Lauter a Buschtawen. Dat kascht Zäit a Gedold. Mee wat een éischter ufänkt, wat een d'Schwieregkeete besser an de Grëff kritt. Wichteg ass och, datt d'Kanner net d'Gefill kréien, méi domm ewéi déi aner ze sinn. Se brauchen nëmmen aner Weeër, fir zum Liesen ze kommen. Zu Lëtzebuerg spillt d'Méisproochegkeet eng besonnesch Roll. Wéi staark se de Verlaf vun der Dyslexie wierklech beaflosst, ass nach net eendeiteg gekläert. A genee dowéinst bleift et spannend an der Fuerschung.

Eent an eent ass?

Net nëmme Buschtawe kënne Schwieregkeete mat sech bréngen, mee Zuelen och. Dee Phenomen gëtt als Recheschwächt, Rechestéierung oder Dyskalkulie bezeechent. Betraffe Kanner hu Schwieregkeeten, Quantitéiten ze erfaassen oder einfach Rechnungen ze léisen. Wéi och bei der Dyskalkulie (Lies- a Rechtschreifstéierung) huet dat näischt mat Intelligenz ze dinn. Den Ament kennt een déi genee Ursaach nach net. Geneetesch Facteure spillen awer héchstwarscheinlech genee esou eng Roll ewéi eng verännert Gehierfunktioun an den Zonen, déi fir d'Rechnen zoustänneg sinn. Eng feelend Fërderung, stänneg Mësserfolleger a Versoensängscht kënnen d'Stéierung verschlëmmeren. Eng kontinuéierlech individuell Fërderung iwwer e längeren Zäitraum dogéint kann hëllefen. Ongeféier dräi bis sechs Prozent vun all de Schülerinnen a Schüler si betraff. Dyskalkulie trëtt oft zesumme mat Dyslexie op.

Dyslexie gëschter an haut

Dyslexie gouf fir d'éischte Kéier am 19. Joerhonnert beschriwwen. D'Dokteren hunn deemools vu „Wuertblannheet“ geschwat. 1896 huet de brittesche Medezinner W. Pringle Morgan am British Medical Journal e Bericht iwwer en „helle Jong, dee beim Liesen total versot huet“ publizéiert. Dem Lange war net kloer, ob et e Problem vun der Siicht war oder ob et sech ëm soss eppes gehandelt huet. Haut weess een: D'Gehier spillt eng Haaptroll. Dyslexie ass eng neurologesch Particularitéit, déi d'Liesen an d'Schreiwe méi schwéier mécht. Se gëllt net méi als eng seele Kuriositéit, mee als eng vun den heefegsten a beschtënnersichte Léierstéierunge weltwäit.

Bekannt Leit mat Dyslexie

Dyslexie bedeit net, datt Betraffener manner erreechen. Ganz am Géigendeel. Den Entrepreneur Richard Branson schwätzt oft driwwer, wéi seng Lies- a Schreifproblemer e staark gepräägt hunn. D'Schauspillerin Keira Knightley erzielt hir Schwieregkeete mat Bicher, bis en Harry-Potter-Band d'Liese fir si méiglech gemaach huet. Och d'Schauspillerin Whoopi Goldberg bericht, datt d'Liese fir si laang eng Erausfuerderung war. Se huet eng Kéier gesot, se hätt sech „oft an der Schoul domm gefillt“, bis se gemierkt huet: „Ech denke just anescht.“De Steven Spielberg ass eréischt am Erwuessenenalter gewuer ginn, datt en Dyslexie hätt. En erënnert sech u jorelaangt Stolperen iwwer Liestexter an un d'Gefill, hannendran an der Klass ze sinn. Dës Beispiller weisen, datt Leit mat Dyslexie trotz den Hürden am Alldag kënnen aussergewéinlech Weeër goen.

Du wëlls méi zum Thema wëssen? Da kuck dir dëse méi ausféierlechen Artikel och un: 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Siehe Hintergrundartikel mit mehr Infos auf science.lu.

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR