AdobeStock/wideonet

Allerhellege besiche vill Leit d'Griewer vun hire Verstuerwenen, fir besonnesch un si ze denken.

Nom Doud zersetzt sech de Kierper. Dat ass e komplexe Prozess. Wann d’Läich net ageäschert gëtt, zitt sech dëse Prozess iwwer Joren hin.

Fir d’éischt gëtt d’Haut blatzeg, da killt de Kierper op Raumtemperatur of. E bësse méi spéid versteifen sech d’Muskelen. An den nächste Stonne bis Deeg setzt dann de Prozess vum Faulen an: do verfierft sech z. B. de Bauch gréngelzeg. An an de Wochen a Méint duerno zerfalen déi mëll Deeler vum Kierper. Wéi séier dat geet, hänkt staark vun der Temperatur, Fiichtegkeet, Kleedung a Kierperbau of. No e puer Joer si just nach d’Schanken iwwereg.

De schrëttweise Prozess vum Doud erlaben z. B. Forensiker, den Zäitpunkt vum Doud ze bestëmmen.

Ok, wat mam Kierper passéiert, kann een also dokumentéieren. Lo gleewen Chrëschten, déi fir Allerhellegen op de Kierfecht ginn, jo awer och un eng onstierflech Séil. Gëtt et dofir eigentlech wëssenschaftlech Beweiser?

D’Fro no enger onstierflecher Séil ass ural – mee d’modern Fuerschung huet bis haut keng eendeiteg Beweiser dofir fonnt.

Ufank des 20. Joerhonnerts huet z. B. den amerikaneschen Dokter Duncan MacDougall probéiert erauszefannen, ob d’Séil eppes weit. Dofir huet e Leit, déi um Stierwe louchen, op eng empfindlech Wo geluecht. An deen Ament wou den Doud agetrueden ass huet hi gemengt ee Gewiichtsverloscht vun 21 Gramm gemooss ze hunn.

D’Resultater goufen deemools vill diskutéiert, awer si gëllen haut als wëssenschaftlech wäertlos: ze wéineg Fäll, keng genee Miessungen, net reproduzéierbar.

Amplaz nom „Gewiicht vun der Séil“ ze sichen, ënnersicht d’Fuerschung haut d’biologesch Mechanisme vum Stierwen. Si kucken z. B. no der Gehieraktivitéit oder erfuerschen de biologesche Prozess an den Zellen an Organer wärenddeem ee Mënsch stierft.  

Munch Leit, déi réaniméiert goufen, erziele jo vun „Nahtoderfarungen“. Si erzielen, datt si en Tunnel oder en hellt Liicht gesinn hunn, oder e Liewensréckbléck erlieft hunn. Reliéis oder kulturell Traditiounen deiten z. B. Nahtoderfarungen als en Indice op d’Existenz vun enger Séil. Wat stécht do derhannert?

Esou Nahtoderfarunge fille sech ganz reell un – awer et kann een se neurobiologesch erklären. Wann de Kierper um Stierwe läit, geréit d’Gehier an en Ausnamezoustand. Well kee Sauerstoff méi ukënnt, schéissen d’Nervenzellen op onkontrolléiert Manéier elektresch Signaler of a setze chemesch Botestoffer fräi. Dat kann extrem Gefiller a Biller ausléisen. Munch Leit erliewen dann en Tunnel, en hellt Liicht oder d’Gefill, aus dem eegene Kierper erauszetrieden.

Miessunge weise souguer, datt d’Gehier an den éischte Sekonnen nom Häerzstëllstand besonnesch aktiv Gehierwelle produzéiert. Dat kéint en Indice dofir sinn, firwat des Andréck esou reell wierken. Ausserdeem brécht e bestëmmten Netzwierk am Gehier zesummen, dat normalerweis fir d’Ech-Gefill zoustänneg ass. Fachleit nennen et d‘Default Mode Network. Dat ass en Netzwierk vu matenee verbonnene Gehierregiounen, déi typescherweis aktiv si war mir z. B. iwwert eis selwer nodenken oder eis un eppes aus der Vergaangenheet erënneren oder eis eppes an der Zukunft virstellen. Wann dat Netzwierk aussetzt, erziele Leit dacks vum Gefill, mat allem eens ze sinn oder den eegene Kierper ze verloossen.  

Wou verleeft d’Grenz tëscht neurobiologescher Gehieraktivitéit an deem, wat vill Leit als spirituell Erfarung empfannen?

Verschidde Fuerscher schwätzen hei vun engem Dialog tëscht Fuerschung a Sënnstëftung. Do widdersprieche Wëssenschaft a Spiritualitéit sech net onbedéngt, mee si beäntwerten ënnerschiddlech Froen. Déi existenziell Froen, déi d’Mënschen zu Allerhellege vläicht beweegen, leien am Beräich vun der Philosophie, Relioun a Kultur. An och dat si spannend Fuerschungsberäicher.

Wéini gëlt een als dout?

D’Stierwen ass och e Prozess an net en eenzelne Moment: Wann d’Häerz an d’Ootmung aussetzen, funktionéiert an der Reegel d’Gehier nach. De Mënsch ass also nach net dout. Awer: D’Gehier kritt elo kee Sauerstoff méi. A well Nervenzellen dorop extrem empfindlech reagéieren, fänken si no e puer Minutten un ofzestierwen. Da verléieren och aner Organer no an no hir Funktioun.

Fréier huet den Häerzstëllstand als séchert Doudeszeechen gegollt. Haut weess een: Wann e Mënsch mat Zäit reaniméiert gëtt, kënne si an d’Liewen zeréck kommen. Dofir huet sech de Gehierdoud als international Definitioun vum Doudeszäitpunkt duerchgesat. Gehierdoud bedeit, datt dat ganzt Gehier, inklusiv dem Gehierstamm, irreversibel ouni Funktioun ass. Dokteren iwwerpréiwen dat mat klore Critèren: keng Reflexer, keng Spontanootmung, keng Reaktiounen. Wann néideg, gëtt dat duerch en EEG oder aner Imagerie confirméiert. (Greer 2023).

Trotz de klore Richtlinne bleift de Begrëff vum Gehierdoud allerdéngs ëmstridden. Ethiker vergläichen e mat dem Begrëff „Gesondheet“: Souwuel Gesondheet wéi Doud loossen sech net mat enger eenzeger, universeller Formel faassen. Si si souwuel vu Medezin, Recht a Kultur gepräägt (Blumenthal-Barby 2025).

 

Vu Blatzegkeet bis Skelett – Etappen nom Doud

Kaum ass den Doud agetrueden, fänken am Kierper Verännerungen un, déi Forensiker säit Joerhonnerten dokumentéieren. Fir d’éischt gëtt d’Haut blatzeg – dat gesäit ee scho ronn 30 Minutten nom Doud. Kuerz drop killt de Kierper mat ongeféier 1 bis 1,5 Grad pro Stonn of, bis en Zëmmertemperatur erreecht huet. No enger hallwer Stonn bis e puer Stonnen entstinn „Doudesflecken“ op der Haut, well d’Blutt a méi déif Kierperregiounen ofsackt. No ongeféier 12 Stonne veränneren si sech net méi.

Zwou Stonnen nom Doud setzt dat an, wat een op Däitsch “Todesstarre” nennt. Si ass no 12 Stonne komplett a léist sech no ongeféier 36 Stonnen erëm, wann d’Zersetzung asetzt. Da fänkt de Prozess vum Faulen un: Fir d’éischt verfierft sech de Bauch gréngelzeg, de Kierper gëtt duerch Gaser opgeblosen an entwéckelt e staarke Geroch. No e puer Deeg bis Wochen léisen déi mëll Deeler vum Kierper sech op, no Méint bis Jore bleift an der Reegel just nach d’Skelett iwwereg (Khalil 2024).

 

Forensik: Den Zäitraum säit dem Doud bestëmmen

De Prozess vun de kierperleche Verännerungen nom Doud si wichteg fir d‘Forensik, also fir d’wëssenschaftlech Ënnersichung vu Spueren no engem opfällegen Doudesfäll, Verbriechen oder Accident (Strete, 2025).

Déi éischt Unzeechen nom Doud – Blatzegkeet, Ofkillen, Doudesflecken an Doudesstarre – erlaben eng graff Agrenzung vun der Zäit, déi säit dem Doud vergaangen ass, virun allem an den éischten ee bis zwee Deeg. Duerno kënne Forensiker et net méi sou genee bestëmmen.

Awer Fuerscher schaffen drun, d’kierperlech Verännerungen nom Doud nach méi präzis als „Auer“ ze notzen. Si ënnersiche biochemesch Marqueuren wéi z. B. de Kaliumgehalt am Glaskierper vum A, mikrobiologesch Muster vum sougenannten Thanatomikrobiom (de Verännerungen an der Zesummesetzung vun de Bakteriegemeinschaften an an um Kierper nom Doud), souwéi Indicen aus molekularen Analysen (Proteomik a Metabolomik).

Och d’forensesch Entomologie – also d’Analys, wéi eng Insektelarven an der Läich liewen – liwwert belaaschtbar Informatiounen fir Zäiträim vun Deeg bis Wochen.

 Mee de Resumé vun där ganzer Fuerschung ass: Keng Method ass eleng zouverlässeg fir all Zäitfënster. Am präziiste kënnen d’Forensiker den Zäitpunkt vum Doud schätzen, wann se e puer Methode kombinéieren an un d’Konditioune vum Ëmfeld ugepasst ginn (Strete 2025).

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun an Iwwersetzung: Michèle Weber (FNR) 

Infobox

Quellen

Khalil, A., Hegazy, N., Abouhashem, A., Shaheen, M., & Hassan, N. (2024). From Death to Decay : An Overview of Postmortem Changes. Zagazig University Medical Journal, 30(6), 2345-2355. doi: 10.21608/zumj.2024.291002.3405

Blumenthal-Barby, J. (2025). ‘Death’ Is Like ‘Health.’ The American Journal of Bioethics, 25(9), 1–2. https://doi.org/10.1080/15265161.2025.2535904

Greer, D. M., Shemie, S. D., Lewis, A., Torrance, S., Varelas, P. N., Bernat, J. L., & others. (2023). Pediatric and Adult Brain Death/Death by Neurologic Criteria Consensus Guideline. https://www.neurology.org/doi/pdf/10.1212/WNL.0000000000207740

Leisman, Gerry & Gosseries, Olivia & Machado, Calixto & Martial, Charlotte & D'Angiulli, Amedeo. (2025). Editorial overview: Consciousness on the borders of life and death. Current Opinion in Behavioral Sciences. 66. https://doi.org/10.1016/j.cobeha.2025.101594.

Leisman, G., D’Angiulli, A., Gosseries, O., Martial, C., & Machado, C. (2025). Consciousness on the borders of life and death. Current Opinion in Behavioral Sciences, 54, 101503. https://doi.org/10.1016/j.cobeha.2025.101503

Martial, Charlotte & Fritz, Pauline & Gosseries, Olivia & Bonhomme, Vincent & Kondziella, Daniel & Nelson, Kevin & Lejeune, Nicolas. (2025). A neuroscientific model of near-death experiences. Nature Reviews Neurology. 21. 10.1038/s41582-025-01072-z.

Noble PA, Pozhitkov A, Singh K, Woods E, Liu C, Levin M, Javan G, Wan J, Abouhashem AS, Mathew-Steiner SS, Sen CK. Unraveling the Enigma of Organismal Death: Insights, Implications, and Unexplored Frontiers. Physiology (Bethesda). 2024 Sep 1;39(5):0. doi: 10.1152/physiol.00004.2024.

Shomron, N. (2025). Seeking the Soul. Journal of Molecular Neuroscience, 75, 40. https://doi.org/10.1007/s12031-025-02334-7

Strete G, Sălcudean A, Cozma A-A, Radu C-C. Current Understanding and Future Research Direction for Estimating the Postmortem Interval: A Systematic Review. Diagnostics. 2025; 15(15):1954. https://doi.org/10.3390/diagnostics15151954

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR