gro Hoer

shotshop.com

D'Kierperzellen, déi fir d'Faarf vun Dengen Hoer responsabel sinn, ginn al a stierwe mat der Zäit of.

Mr Science, haut de Moien hunn ech mech virum Spigel erféiert: ech hunn op mengem Kapp déi éischt gro Hoer entdeckt! Firwat ginn Hoer eigentlech gro?

D'Kierperzellen, déi fir d'Faarf vun Dengen Hoer responsabel sinn, ginn al a stierwe mat der Zäit of. Si kënnen da keng Faarfpigmenter méi an den Hoer alageren. Amplaz vun de Pigmenter triede mini kleng Loftblosen. Duerch déi schéngt d'Hoer gro.

A wéi kënnt d'Faarf an d'Hoer?

D'Zellen, déi d'Hoerfaarf produzéieren, heesche Melanozyten. Si sinn an der Wuerzel vum Hoer, also do, wou d'Hoer sech forméiert. D'Melanozytë produzéieren d'Faarfpigment Melanin, dat dann am Hoer, dat wiisst gelagert gëtt.

Am Laf vun der Zäit léisst d'Aktivitéit vu Melanozyten no. Fir d'éischt produzéieren se manner Melanin. Da stierwen se of. An da kriss Du gro Hoer.

Mee firwat da sou fréi? Ech sinn dach nach net sou al!

Dass Melanozyten ofstierwe ka vill Ursaachen hunn. Déi wichtegst ass eng genetesch Prédispositioun. Hunn Deng Elteren a Grousselteren och fréi gro Hoer kritt? Dann hutt Dir an der Famill einfach eng Veranlagung dofir.

Verschidde Leit kréie scho mat 20 Joer déi éischt gro Hoer. Anerer bleiwe bis an den héijen Alter blond, brünett oder schwaarz. Dat kanns Du lo ongerecht fannen - ass awer ganz normal.

Kann een dann och iwwer Nuecht gro Hoer kréien?

Dat ass en haartnäckegt Gerücht: souguer wann alleguer Deng Melanozyten op eemol ophale Faarfpigmenter ze produzéieren, mussen d'Hoer jo fir d'éischt lues aus der Wuerzel erauswuessen. Sou gëtt dat grot Hoer réischt no an no siichtbar. Iwwer Nuecht geet dat net.

Wéi entstinn déi ënnerschiddlech Hoerfaarwen?

Melanin ass dat natierlecht Faarfpigment an der Haut an an den Hoer. Et kënnt an zwou verschiddene Forme vir: als Eumelanin an als Phäomelanin. D'Eumelanin ass fir déi donkel Faarf zoustänneg. Et ass bei Leit mat schwaarzen oder brongen Hoer primär an den Hoer gelagert. Fir hell blond oder roudelzeg Hoertéin suergt d'Phäomelanin. D'Mëschungsverhältnis vun Eumelanin a Phäomelanin bestëmmt also, ob mer éischter donkel oder hell Hoer hunn.

Albinismus: Wat passéiert, wann de Kierper kee Melanin produzéiere kann?

Et gi Leit, bei deene vu Gebuert un d'Pigmentzelle keen oder däitlech manner Faarfstoff fir Haut an Hoer produzéieren. Des Leit si vum sougenannten Albinismus betraff: si hunn eng ganz hell Haut, bal wäiss Hoer an hellblo, bal rosa Aen. Well Melanin Schutz virun UV-Liicht bitt, si Leit mat Albinismus immens liichtempfindlech an hu méi en héije Risiko fir Hautkriibs ze kréien.

D'Ursaach vun Albinismus si verschidde Gendefekter: D'Produktioun vum Faarfpigment Melanin baséiert op engem komplizéierte Stoffwiessel, bei deem vill verschidden Eewäisser als Virprodukter a Katalysatoren néideg sinn. Wann de Kierper - genetesch bedéngt - nëmmen eng vun deene Substanzen net oder net korrekt synthetiséiere kann, entsteet kee Melanin: Haut an Hoer bleiwen hell.

Kann een duerch Stress gro Hoer kréien?

Et gouf lescht Joer dozou eng Etüd vun der Harvard Uni verëffentlecht - awer just mat Mais. D'Fuerscher hunn d'Mais op ënnerschiddlech Aart a Weis Stress ausgesat an da gekuckt, ob se wäiss Flecken am Pelz kréien - an dat war de Fall. Si hunn och de Mechanismus ënnersicht: déi gestresste Mais hu méi Noradrenalin (en Hormon) produzéiert. Dat féiert dozou, datt Stammzellen an den Hoerfollikelen sech méi séier a Melanozyte verwandelen, déi d'Pigmenter fir d'Hoerfaarf produzéieren. Des Melanozyte wanderen dann ënnert d'Haut an et bleiwe keng méi am Hoerfollikel zréck. An et kommen och keng Stammzelle méi no. Deemno ass dann d'Produktioun vun de Pigmenter gestoppt, an d'Hoer gi gro respektiv wäiss. Hei de Link op d'Etüd.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.