FNR

Infobox

Material
  • Gedréchent Leguminosen (Ierbessen, Bounen, Pois-Chichen, Lënsen ...)
  • E Glas
  • E blechen Deckel
  • Waasser

Fëll z.B: Ierbessen an d’Glas, sou datt et bis iwwert de Rand voll ass. Fëll  duerno d’Glas ganz mat Waasser, a stell dat Ganzt op e blechenen Deckel. No +/-10 Minutte quëllen d‘Ierbësse lues a lues op an déi éischt falen iwwert de Glasrand op den Deckel. Verstopp den Opbau hannert e Schaf oder ënner engem säi Bett a waart, wéi dëse reagéiert. Dëst ongewéinlecht Geräisch kann d’Leit ganz schéin irritéieren. :-)

Firwat quëllen d’Leguminosen op?

Dëst huet mat engem natierleche Phenomen ze dinn, deen een Osmos nennt. An der Fruucht ass den Zockergehalt méi héisch wéi am Waasser. Duerch d’Schuel vun der Fruucht kann awer nëmme Waasser duerchgoen a keen Zocker. Et geet also elo esou laang Waasser an d’Ierbes bis den Zockergehalt am Waasser an an der Ierbes d’selwecht sinn. Wann een d’Friichten ze laang am Waasser leie léisst, platzen dës op.

D’Leguminosen, déi der fir dëst Experiment benotzt, kënnt der natierlech duerno nach iessen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: Melanie Reuter, Joseph Rodesch (FNR)

Auch interessant

Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Joseph playing a flute
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéngunge vun der Loft hunn, déi den Toun mécht.

FNR
Sonnendruck Drucke Muster auf farbiges Papier – mit Hilfe der Sonne

Für dieses Experiment brauchst du nicht unbedingt spezielles Sonnendruckpapier – es geht auch mit farbigem Bastelpapier.

FNR
Chemische Reaktion Lasse einen “Baum” wachsen – mithilfe von Natron und Essig

Dieser „Backpulver-Baum“ funktioniert nach einem ähnlichen Prinzip wie der „Backpulver-Vulkan“.

FNR