Arm

© shotshop.com

Et sinn déi sougenannte sensibel Nerven déi op Péng, Temperatur an Drock reagéieren, déi als éischt aschlofen.

Dat ass esou e komescht Gefill wann den Aarm oder Fouss engem aschléift!! Mee wat geschitt do eigentlech?

Wann’s de op dengem Fouss setz, d’Been iwwerenee lees oder op dengem Aarm läis, schneis de duerch den Drock d’Kommunikatioun tëscht dem Gehir an dengem Fouss, Been oder Aarm of. Fir d’Gehir ass et also wéi wann des Glidder net méi do wieren.

Kommunikatioun.... mengs de domat d‘Bluttzirkulatioun?

Jo, déi gehéiert och dozou. Mee an dësem Fall spillt déi just eng Nieweroll. D’Haaptkommunikatioun geet iwwert d’Nerven, déi droen d’Informatioune vum Gehir an d’Muskelen. A wann déi duerch den Drock platt gedréckt ginn, da kennt d’elektrescht Signal net méi doduerch.

Mee wann d’Nerven net méi richteg funktionéieren, firwat kenne mer de Fouss dann nach beweegen?

Et sinn déi sougenannte sensibel Nerven déi op Péng, Temperatur an Drock reagéieren, déi als éischt aschlofen. Déi lafen näämlech direkt ënnert der Haut. Déi aner Nerven, déi dofir zoustänneg si fir eis ze beweegen, verlafe méi déif an de Muskelen. Mee wann den Drock grouss genuch ass, kennen déi och aschlofen, an da stolpers de wann’s de wëlls opstoen.

Ok, mee dat richtegt komescht Gefill kennt jo réischt wann de Fouss nees zou sech kennt?

Jo, soubal den Drock fort ass erhuelen d’Nerve sech erëm an d’elektrescht Signal geet nees duerch. Mee verschidden Nerve si méi deck, anerer méi geschützt, nach anerer besser isoléiert. Dofir erhuelen déi eng sech méi séier wéi déi aner. Verschiddener feieren och am Hallefschlof Signaler wou se net sollen. Dofir spiers de allerhand Saachen, sou wéi kribbelen, picken a Péng, wann deng Glidder rëm zou sech kommen.

Ech sinn also net dat eenzegt wat moies am Hallefschlof nach net richteg eens gëtt an egal wat mécht! Meng Nerve man dat selwecht wann se erwächen!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: © shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

D’Bluttzirkulatioun beim aschlofen

D’Bluttzirkulatioun gëtt glécklecherweis net ofgeschnidde wann de Fouss eis aschléift. Soss giff deen eis näämlech ofstierwen. Mee duerch den Drock kann se awer reduzéiert ginn. Dat bréngt mat sech dass d’Zellen (ënner anerem d’Nerven) manner Nährstoffer kréien. D’Erwäche vun engem ageschlofene Fouss kann also verzögert gi well d’Nerve sech wéinst schlechter Nahrung (sou ze soen) net esou séier erhuelen.

Chronescht aschlofen

Bei alen oder kranke Leit (mat cardiovasculairen oder neurologesche Problemer) kenne Glidder vum selwen aschlofen, ouni siichtbare Grond. D’Ursaache vun dësem Phenomen, Paresthesia genannt, kenne verschidde sinn: Nerven déi amgaang sinn ze degeneréieren, eng Entzündung vun den Nerven, verstoppten Oderen an esou weider. An dësem Fall ass et onheemlech wichteg fir bei den Dokter ze goen.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Et ginn onheemlech vill Studien iwwert d’Regeneratioun vun Nerve gemaach. An eisem Beispill wou de Fouss engem aschléift, erhuelen d’Nerve sech jo no e puer Sekonne vum Drock. Dat ass awer leider net ëmmer de Fall. Bei villen Accidenter oder Verletzungen ass den Drock ze grouss, oder ze laang, an den Nerf erhëllt sech ni méi! Wa genuch Nerve betraff si kennen da lokal Lähmungen optauchen.

Fir nëmmen een ze nennen: de Laboratory for Nerve Regeneration vun der Duke University fuerscht zënter 20 Joer ënnert der Leedung vum Roger Madison un der Regeneratioun vun Nervenzellen. Si probéieren d’Geheimnis ze lëfte firwat déi eng Nervenzellen sech méi séier erhuele wéi déi aner a wéi een dëse Prozess kéint verschnelleren.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

D’Wëssen iwwert d’Regeneratioun vun Nervenzellen gëtt haaptsächlech an zwee Gebitter ugewand: Behandlung vun neurodegenerative Krankheeten wéi Alzheimer a Multiple Sclerosis an d’Behandlung vu Gehirtumoren.

AxoGlia, eng Biopharma Firma, entwéckelt Medikamenter fir d’Dégeneratioun vun Nervenzellen ze verhënneren an d’Regeneratioun vun ugegraffen Nervenzellen unzekuerbelen.

Och am Fall vu Gehirtumore spillt d’Regeneratioun vun Nervenzellen eng zentral Roll. Als Spezialistin an der Regeneratioun vun Nervenzellen am hollänneschen „Institute for Neuroscience“ leed d‘Dr Simone Niclou säit 2005 den „NorLux Neuro-Oncology Laboratory“ zu Lëtzebuerg.

Auch interessant