Adobe Stock

Sperma ass e Mix aus verschiddene Sekreeter, déi an Drüse vum männleche Kierper zesummegebraut ginn.

Tatsächlech enthält Sperma Närstoffer, déi fir de Kierper wichteg sinn: zum Beispill Proteinnen, also Eewäiss-Moleküllen. Mä d'Quantitéit ass ganz kleng. Si maache just 5 Prozent vum Ejakulat aus. Dat geet bei Wäitem net duer, fir dass een d'Wierkung mierkt. Dat selwecht gëllt fir aner Stoffer ewéi Kalzium, Magnesium an Zénk.

Aus wat besteet Sperma dann haaptsächlech?

Niewent Proteinnen an de genannte Spuerenelementer enthält Sperma ënner anerem Aminosaieren, Zitrounesaier, verschidden Zorten Zocker, Hormoner a Spermin – eng Substanz, déi a munche Kierperzelle produzéiert gëtt an déi éischte Kéier am Sperma nogewise gouf. Mä den Haaptbestanddeel ass Waasser: Et mécht wäit iwwer 90 Prozent vun der Spermaflëssegkeet aus. Op d'Spermie selwer entfale just 1-5% Prozent vum Sperma.

Och wann d'Närstoffer net duerginn – huet Sperma awer och positiv Wierkungen?

Na ja, et ginn e puer Studien, déi esou Effete beschreiwen. Amerikanesch Fuerscher hu beispillsweis ënnersicht, ob heefege Kontakt mat Sperma d'Psych vu Frae beaflosst. Si hunn erausfonnt, dass Fraen, deenen hire Partner beim Geschlechtsverkéier kee Kondom benotzen, manner zu Depressiounen tendéieren ewéi anerer. Den Oralverkéier stoung awer net am Fokus vun dëser Studie. An d'Interpretatioun vun de Resultater vun dëser Studie ass och ëmstridden: Well de positiven Effet op d'Stëmmung kéint och ganz onofhängeg vum Sperma – eleng duerch d'kierperlech Intimitéit – ervirgeruff ginn, wat awer net ënnersicht gouf.

Ëmgekéiert gekuckt: Ka Sperma schiedlech sinn?

Am Normalfall net. Virausgesat: Béid Geschlechtspartner si gesond. Well net just beim Vaginal- oder Anal-, mä och beim Oralverkéier kann ee sech mat verschidde Geschlechtskrankheeten ustiechen. Méi Informatioune fannt Dir op www.safersex.lu.

Infobox

Wéi Sperma entsteet

Sperma ass e Mix aus verschiddene Sekreeter, déi an Drüse vum männleche Kierper zesummegebraut ginn. Zirka e Fënneftel steiert d'Prostate bäi: a Form vun engem zimmlech salzräiche Sekreet, dat dofir suergt, dass d'Spermien esou beweeglech sinn. Dës Spermien, déi d'geneetescht Material vum Mann droen, entstinn an den Hoden a räifen duerno an den Niewenhoden erun. De gréissten Deel vum Sperma staamt awer aus de sougenannte Spermablosen, déi direkt niewent der Prostate sinn. Si produzéieren ënner anerem Fruktos als Energiequell, fir d'Beweegung vun de Spermien unzedreiwen. D'Mëschung aus alldeem ergëtt eng gielzeg-wäiss, sämeg a liicht alkalesch Flëssegkeet, vun där bei enger Ejakulatioun e puer Milliliter – dat ass ongeféier esou vill ewéi en Téiläffel – aus dem Harnréierche vum Penis kommen. Eng Drëps dovu kann awer e puer Honnert Millioune fierdemaarteg Spermien enthalen.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen

 

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.
 

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR