gähnen

Joseph Ducreux (via Wikimedia Commons)

Firwat gaapst een eigentlech wann ee midd ass ?

Also bestëmmt net wéinst engem Sauerstoffmangel! Wëssenschaftlech Studien hu kloer gewisen, dass de Sauerstoffgehalt näischt mat der Gaapsfrequenz ze dinn huet!

Ma wéinst wat ass et dann?

Ech wees et net !

Wéi du wees et net…. also Mister Science….

Sorry wann ech dech elo enttäuschen, mee et wees eigentlech keen esou genee firwaat mer gaapsen oder wat mer domat bezwecken.

Ok, da bass de entschëllegt. Mee du sees et wéisst keen et sou genee… d’Fuerscher hun awer bestemmt e puer Iddien?

D’Saach ass wierklech zimlech komplizéiert well d’Mënschen sin och net di eenzeg di gaapsen. Paviane gaapsen zum Beispill fir hiere Feinden Angscht anzejoen a verschidde Villercher gaapse fir sech Moien ze soen. De Mensch gaapst normalerweis wann e midd ass oder sech langweilt, mee wat en domat bezweckt ass awer nach e Rätsel.

Mee oft streckt ee sech jo och beim gapsen, zumols moies wann een nach am Bett läit.

Genee. Gaapse selwer streckt jo och d’Gesiichtsmuskelen an dono spiert d’Gesiicht sech méi entspaant un. Gaapsen zesumme mam Strecke vum ganze Kierper kann also eng Method si fir d’Muskele moies ze aktivéieren an dem Kierper ze weisen dass et elo lass geet. Mee owes gaapst een ouni sech ze strecken, a wann ee midd ass wellt ee jo och éischter schloofen. Vläit huet d’Gaapsen also verschidde Grenn déi vun der Situatioun oofhänken.

An et stecht jo och un! Schon eleng dervu schwätze geet duer ! Ech kann et elo geschwënn nëmmi ennerdécken !

Ech langweilen dech also?? :-) Nee mee du hues Recht, et ass wierklech ustiechend. Verschidde Fuerscher ginn effektiv dervun aus, dass gaapsen eng reng sozial Bedéitung huet. Andeems mer gaapsen weise mer deenen aaner Leit dass mer midd sinn oder eis langweilen, an well déi dann och ufänke mat gaapsen ass et méi einfach eng kollektiv Paus ze man oder sech drop ze eenegen, eppes aanescht ze maan.

Mee dat ganzt kléngt zimlech konfus! Ech mengen do mussen d’Fuerscher sech wierklech nach e bessen ustrengen!

Dat ass jo awer grad dat flott un der Wessenschaft! Wa mer schon alles géiffe wëssen an op alles eng Antwert hätten, da wier et jo langweileg!

Text: Corinne Kroemmer
Foto:
Joseph Ducreux (via Wikimedia Commons)

De Fuerscher hier haapt Hypothesen

Et gaapst een aus Sauerstoffmangel!

Definitiv falsch ! Den amerikanesche Fuerscher Robert Provine huet scho virun 20 Joer gewisen dass dat Kabes ass. Hien huet eng Rei Leit an e Raum gesaat an d’Sauerstoff a Kuelendioxidkonzentratioune verännert. Mee och bei niddreger Sauerstoffkonzentratioun hun d’Kandidaten net méi oft gegaapst wéi soss.

Am Fong ass dat Resultat jo och logesch. Wann ee Sport mecht brauchen d’Muskele jo méi Sauerstoff, an trotzdem fänks de beim Fussballspille jo net u mat gaapsen.

Opwuel scho laang gewosst ass dass dess Hypothese falsch ass, huet se sech awer iegendwéi an de Käpp vun de Leit festgesaat.

Gaapse verhennert dass een aschléift!

Stëmmt och net ! De Schwäizer Neurolog Adrian Guggisberg huet an engem Experiment de Leit hier Gehiraktivitéit gemoos, an zwar am Normalfall, wa se midd waren, a wa se gelangweilt waren. An deenen 3 Fäll ass d’Basis-Gehiraktivitéit aanescht, mee a kengem vun deenen 3 Fäll verännert se sech noom Gaapsen. D’Gaapsen huet also keen Effekt op d’Gehiraktivitéit a kann eis also och net um Aschloofen hënneren.

Gaapse killt d’Gehir oof!

Dat kéint eventuell stemmen. D’Iddi ass, dass wann ee gaapst d’Bluttzirkulatioun ugereegt gëtt an doduerch Hëtzt besser kann evakuéiert ginn.

Den amerikanesche Fuerscher Andrew Gallup huet viru kuerzem erausfonnt dass bei Raten d’Gehiertemperatur liicht ka klamme wa se an engem warme Raum sinn. An noom Gaapse fält se rem. Aner Fuerscher hunn och scho beobacht, dass Villercher an engem warme Raum méi dacks gaapsen wéi an engem kaalen.

Des Resultater sinn zwar ganz villverspriechend, mee et geet awer nach net duer fir d’Hypothes ze bestätegen. Et mussen also nach eng ganz Réi aner Experimenter gemaach ginn.

Gaapsen huet eng sozial Bedeitung!

Dat kéint effektiv stëmmen! Bei den Déieren ass d’Gaapsen oft mat Honger verbonn. Dofir läit et op der Hand dass gaapsen eng onbewosst Kommunikatiounsform ass an doduerch e sozialen Impakt huet. Mee des Hypothes ass beim Mensch nach guer net esou richteg ënnert d’Lupp geholl ginn, dofir ass et schwéier soen op do eppes drun ass oder net (wéi schonn am Artikel erklärt kann d’Gaapsen bei verschiddenen Déierenarten eng ganz aaner Bedéitung hun – Paviane gaapse fir de Feinden Angscht ze maan an d’Villercher gaapse fir sech moien ze soen).

Do mussen also och nach eng ganz Réi Experimenter gemaach ginn ier een eng Konklusioun kann zéien.

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.

Auch interessant