Flugzeugfenster

(c) Pixabay

Fligerfënsteren bestinn aus 3 Scheiwen, an där mëttelster ass e klengt Lach.

Mr. Science, wéi ech viru kuerzem mat mengem Bouf am Fliger souz, huet e mer erschreckt en klengt Lach an der Fënster gewisen a gefrot: „Pappa, wisou huet d’Fënster en Lach?“ An ech wousst keng Äntwert. Hues du eng?

Dat huet sech sécher jidderee schonns eng Kéier bei engem méi laange Fluch gefrot, zumindest op enger Fënsterplaz. Fligerfënstere sinn aus dräi Scheiwen opgebaut an dat klengt Lach ass an der mëttelster Scheif. Et ass do fir den Drockausgläich. Wann de Fliger vum Buedem op eng Reesfluchhéicht vun em déi zéng Kilometer eropklëmmt, hellt de Baussendrock staark of. Dobäi geschitt Folgendes: De Kabinnendrock dréckt widder déi banneschte Scheif, dat ass déi, wougéint mer eis Stir lee kennen. Déi ass allerdéngs net besonnesch ofgedicht, d’Loft stréimt weider bis bei déi mëttelste Scheif. Hei stréimt se duerch dat Lach an dréckt schlussendlech géint déi baussechtst Scheif. De Kabinnendrock laascht also nëmmen op der baussechter Fënster.

A wisou ass dat wichteg?

Jee no Fënstergréisst ass d’Drockbelaaschtung em déi 100 bis 200 Kilogramm. Sou eng Dauerbelaaschtung kann am ongënschtegste Fall dozou féieren, dass déi baussechtst Scheif brécht. Dann kennt déi mëttelste Scheif an d’Spill, well déi ass genee wéi déi baussechtst Scheif stabil genuch, fir dem Drock duerzehalen. Mee well se duerch dat klengt Lach virun der Drockbelaaschtung geschützt gouf, ass hiert Material nach net ermidd. Se kann elo an engem quasi fabrikneien Zoustand d’Roll vun der baussechtst Scheif iwwerhuelen.

Mee duerch dat klengt Lach stréimt elo Kabinneloft no baussen?

Jo. An dat ass genee de Grond, wisou et nëmmen sou en klengt Lach ass: Genee grouss genuch, fir dass den Drock ausgeglach ka ginn, mee kleng genuch, fir am Noutfall net zevill Loft no bausse stréimen ze loossen. D’Loft, déi duerch d’Lach verluer geet, kann d’Loftversuergung vum Fliger locker kompenséieren.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Pixabay

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 04.07.2018 beäntwert.

Fligeren ouni Fënster?

Cargofligeren hu keng Fënsteren am Frachtraum. Wier dat och eng Méiglechkeet, méi bëlleg Passagéierfligeren ze bauen? Doriwwer denke Fligerdesigner tatsächlech no! De Virdeel: Et kéint ee Suen duerch d’Ewechloosse vun de Fënstere spueren. Ausserdeem ass en fënsterlose Bauch méi liicht a spuert am Betrib Sprit. An d’Passagéier? Si sollen amplaz aus der Fënster op Moniteure mat Kameraverbindung no bausse kucken.

Wisou hu Fligerfënsteren ëmmer ronn Ecken?

Den éischte Verkéiersdüsenfliger vun der Welt, de Comet 1, hat rechteckeg Fënsteren. Nodeems awer dräi Fligere vun dësem Typ an enger spektakulärer Serie vun Accidenter ëmmer virum Start ausernee gebrach sinn, huet een d’Ursaache fir d’Accidenter genee ënnersicht. D’Resultat: Ee vun de gréisste Konstruktiounsfeeler war d’Form vun de Fënsteren. Un hire rechteckegen Ecke koum et zu staarke Belaaschtunge vun der Fligerwand. Et si Rëss entstanen, déi zum Zerbrieche vum Fligerbauch féiere konnten. Fir dat ze vermeiden, hunn d’Passagéierfligere säitdeem nëmmen nach Fënstere mat ronnen Ecken.

Och eis Ouere musse beim Fléien Drockdifferenzen ausgläichen

Wa mer am Fliger no dem Start am Steigfluch si, geet de Kabinnendrock erof, bis en op Reesfluchhéicht dem Loftdrock an ongeféier 2500 Meter entsprécht. An eisen Oueren ass awer an engem Huelraum hannert dem Trommelfell nach Loft mat héijem Drock vum Buedem dran. Fir dass déi net ze fest vu banne géint d’Trommelfell drécken, muss och hei ähnlech wéi bäi der Fligerfënster den Drock ausgeglach ginn. Dofir hu mir awer kee Lach mee d’eustachtesch Réier. Duerch si kann d’Loft an de Racheraum kommen. Schlécken a Gaapsen hëllefen, dës Réier fir den Drockausgläich op ze maachen.

Auch interessant

Looping mam Fliger Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet.

FNR
Löchrige Flugzeugfenster Warum haben Flugzeugfenster ein kleines Loch?

Wenn man sich die Fenster im Flugzeug genau ansieht, erkennt man ein kleines Loch. Wozu dient es?

FNR
Hightech-Flughafensicherheitssystem FLYSEC Schluss mit langen Warteschleifen und Eingriffen in die Privatsphäre

Gemeinsam mit dem Flughafen Luxemburg hat die Universität Luxemburg ein Hightech-Flughafensicherheitssystem in der Praxi...