RTL

D'Wucht vum Waasser léist d'Kellerfënster baschten

D’Biller am Video schwätze vir sech: de Keller gëtt, méi séier wéi ee mengt, zu enger Fal wou eng Persoun ouni Hëllef net méi eraus kënnt. Vill Waasser bedeit vill Kraaft déi op ee Coup optauche kann, mee et ginn och eng Rei indirekt Geforen, déi ee gäre vergësst: Bei ale Stroumalimentatiounen, kann een am Waasser e Stroumschlag kréien. Duerch Produiten déi am Keller lagere kann d’Waasser staark verknascht oder vergëft ginn, a un Objeten, déi ronderëm schwammen, kann een sech verletzen.

Wéi kann een den Drock, dee Waasser provozéiert, berechnen?

Den Drock ass just ofhängeg vun der Héicht an net vun der Mass. Wann d’Waasser ee Meter héich steet, ass den Drock um Buedem 0,1 Bar. Den Drock ännert iwwert d’Héicht et muss een also mat enger Moyenne vum Drock rechnen. Dës läit bei 0,05 Bar, wat 5000 N/m2 Newton (N) pro Quadratmeter (m2) sinn. Op enger Fënster vun engem Quadratmeter laascht also an dësem Fall eng Kraaft vu 5000 Newton, wat engem Gewiicht vu 500 kg entsprécht.

Bei fléissendem Waasser kënnt awer nach eng kinetesch Energie dobäi, déi vun der Masse vum Waasser a vun der Vitesse ofhänkt.

Firwat ass d’Kellerdier blockéiert?

D’Waasser stoung bei eisem Versuch op enger Säit vun der Dir méi héich wéi op där aner Säit. Scho bei enger Héichtendifferenz vum 30 cm Waasser vu bannen op baussen, drécken 150 kg op d’Dir (1 Meter breet), wat et onméiglech mécht fir d’Dir ouni Hëllefsmëttel op ze kréien.

De Fazit ass kloer: Bei Héichwaasser op kee Fall an de Keller goen.

Merci’en:
CGDIS Diddeleng: fir déi ganz Virbereedung an d’Ënnerstëtzung
Fräschmänner: fir d’Sécherheet beim Tournage
André Mousset: fir d’physikalesch Iwwerleeungen
Dirk Gion, Ingo Knopf: fir d’Iddien an d‘Beroodung

Produktioun: RTL
Auteur: Joseph Rodesch

Infobox

PISA - de Wëssensmagazin op RTL

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR