Héijen Drock mat bësse Waasser

01.03.18

FNRDiesen Artikel drucken

An engem spektakulären Experiment, wat de Physiker Blaise Pascal anscheinend scho virun 350 Joer gemaach huet, léist de Mr Science e Glasballon explodéieren - an dat just mat 2 Liter Waasser.

Vum héchsten Héichuewe vu Belval léist de Mr Science e Schlauch erofhänken, a verbënnt dësen ënne mat engem 50 Liter Glasballon, dee mat Waasser gefëllt ass. Zwee Liter Waasser am Schlauch sollen duer goe fir de Glasballon un d‘Platzen ze bréngen...

De Physiker Blaise Pascal soll verschiddenen Erzielunge no, mat sou engem ähnlechen Opbau, e Wäifaass un d’Platze bruecht hunn. Hie wollt beweisen, datt et onwichteg ass wéi vill Waasser een huet fir Drock opzebauen, mee datt et just op d’Héicht vun der Waasserseil ukënnt.

Wat dës wichteg Entdeckung fir eisen Alldag bedeit, gesidd dir am Video.

Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Merci: Katerina Visnjic, Ph.D. (Princeton University; physics4life) for the support and the idea!

 

Auch in dieser Rubrik

Iwwerschwemmungen: Liewensgefor am Keller

09.07.18 An engem spektakulären Experiment flut de Mr Science, mat Hëllef vun de Pompjeeën, e Kellerraum wärend deem hie bannendran ass. > Ganzen Artikel lesen

Kann ee Mënsch mat engem Pabeierfliger fléien?

06.04.18 E klenge Pabeierfliger fale ka jiddereen, mee fir e Modell ze bauen, deen eng Persoun droe kann, ass e opwännege Challenge. De Mr Science huet en ugeholl. > Ganzen Artikel lesen

Wéi, a wéi vill soll een en Haus isoléieren?

26.11.17 Wann et bausse richteg kal ass, verléieren net isoléiert Haiser richteg vill Energie! Mee wéi verhënnert een dat am beschten, ouni mat Schimmel geplot ze gi...> Ganzen Artikel lesen

Kann ee buerféiss iwwer gliddeg Kuelen goen ouni sech ze verletzen?

22.10.17 Säit dausende Joren gi Mënschen bei reliéisen Zeremonien iwwer Kuelen fir sech ze rengegen oder sech ze befreien. Mee ass et méiglech iwwert d’Kuelebett ze ...> Ganzen Artikel lesen

Physik vum Vëlo: Firwat een net riicht aus fuere kann!

03.07.17 Riicht aus fueren um Vëlo kann dach jiddereen, oder?!? – Dat géif ee menge mee et ass quasi onméiglech! > Ganzen Artikel lesen

Infobox

PISA - de Wëssensmagazin op RTL

Dëse Reportage gouf fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin vum 4/3/18 produzéiert. D'Sendung kënnt emol de Mount Sonndes ab 18.30 op RTL Télé Lëtzebuerg.


Verwandte Themen