FNR

D’Melanie vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een déi haart Schuel vum Ee opléise kann. Lee en Ee iwwer 24 Stonnen an den Esseg, dobäi léist sech nämlech de Kallek aus der Eeërschuel op. Et entsteet e Gas (CO2), wat een u klenge Blosen um Ee gesäit, an e Salz wat sech am Esseg opléist. D’Haut déi ënnert der Eeërschuel ass bleift intakt an hält dat réit Ee nach zesummen. Du kanns däi geschielte réit Ee an eng Luucht halen, da gesäis de doduerch.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR