FNR

Den Olivier, deen als Enseignant (vun SCRIPT) fir science.lu schafft, weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een mat Ueleg, Waasser an e puer (Liewensmëttel)faarwen eng Aart flëssegt Freedefeier mécht. D‘Faarwen gi mam Ueleg vermëscht, mee si kënnen sech net dran opléisen. Beim réieren bilt sech eng sougenannten Emulsioun aus mini Faarfdrëpsen déi am Ueleg schwammen. Dës Mëschung ass änlech wéi eng Vinaigrette. Wann s Du d‘Uellegmëschung op Waasser schëtts, kommen d’Faarfdrëpsen no a no mam Waasser a Kontakt. Hei léisen si sech d’Faarwen, déi Waasser vill léiwer hunn wéi Ueleg, mat engem wonnerbare Faarwendanz op.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass! Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment. Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR