Déi kleng Fuerscher/École Fondamentale Dellhéicht/Lycée de Garçons Esch

De Jongelycée vun Esch, d’Grondschoul Dellhéicht vun Esch an Déi kleng Fuerscher asbl proudly present d’Suite vun eiser ausgezeechenter Show („Award for the outstanding promotion of science to the public“ vum Fonds National de la Recherche). 

An enger Kollaboratioun, wéi et se hei zu Lëtzebuerg sécher nëmmen eng Kéier gouf (virun zwee Joër bei eis), präsentéiere mir en Theaterstéck a Form vun enger experimenteller Naturwëssenschafts-Show.

Deltahigh – Die Faszination der verborgenen Dimension - ein Chaosspiel auf drei dimensionalen Levels

Eist Stéck spillt an enger noër Zukunft. De verbrueten Assistent Wolf von der Dellhöhe, deen um Enn vun eiser éischter Geschicht am Mëttelalter konnt onschiedlech gemaach ginn, gëtt bei rezenten Opraumaarbechten nees zu neiem Liewen erwecht: Als Black W. Out ass hien erëm do !

Elo muss op allen Zäitebenen zesummegeschafft ginn fir ze verhënneren, dass dat Béist ee fir alle Mol gewënnt: D’Alchemisten aus dem Mëttelalter, d’ReDELLen aus der Géigewaart an d’Besatzung vun dem legendären Raumschëff Deltahigh mussen esou munch Aventuren duurchliewen iert um Enn, natierlech, alles gutt gëtt.

E witzeg Theaterstéck mat spektakulären Experimenter

Niewent dem witzege Stéck selwer, eng Kreatioun ganz aus eegener Hand, stinn natierlech nees spektakulär Experimenter am Mëttelpunkt. 7es- bis 1ères-Schüler vum Escher Jongelycée a Kanner vum Cycle 3 aus der Grondschoul Dellhéicht sinn elo schon dat ganzt Schouljoër fläisseg am Gaang, dësen aussergewéinleche Spektakel fir Iech ze preparéieren.

Den Uelzechtkanal, de landeswäit bekannte Fernsehsender aus dem Escher Jongelycée, wäert dofir suergen, dass all Klengegkeet um groussen Ecran gutt ze gesinn as.

Mir soën och schonn hei eng Kéier dem Fonds National de la Recherche an der Stad Esch Merci fir déi grousshäerzeg Ënnerstëtzung.

D’Virstellungen sinn:

Donneschdes, den 29. Juni um 19:00 (Weltpremière ) a

Freides, den 30. Juni um 19:00 (lescht Chance)

am Festsall vum Escher Jongelycée. 

Mir géifen eis immens iwwert Äer Präsenz freeën.

Ticketen

D’Ticketen kann een op deltahigh@lge.lu bestellen oder am Sekretariat vum Escher Jongelycée kafen.

Video

E Résumé vum Theaterstéck & Show virun 2 Joër kënnt dir am Video iwwert den FNR Award for Outstanding Promotion of Science to the Public gesinn.  

Auteuren: Astrid MAISCHAK (Déi kleng Fuerscher), Maryse LALLEMAND  (École Fondamentale Dellhéicht) & Jerry WAGENER (Déi kleng Fuerscher & Escher Jongelycée)
Photo: Déi kleng Fuerscher/
École Fondamentale Dellhéicht/Lycée de Garçons Esch

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

PORTRAIT OF CANDIDATES - SEASON 1 Interview with Take Off finalist Polina Kavunenko

Despite her young age, Polina showed steely determination throughout the show, never ceasing to impress the audience with her resourcefulness. Find out more about her in our exclusive interview!

FNR, ALF
Luxemburgisches Buch zur Wissenschaftskommunikation Wissenschaft kommunizieren: nur wie?

In Zeiten von Fake News, Corona, Social Media-Blasen: Wie, was und weshalb sollte Wissenschaft kommunizieren? Ein luxemburgisches Buch liefert Einblick in die Welt der Wissenschaftskommunikation.

KANDIDATEN-PORTRAIT STAFFEL 1 Take Off Kandidat Jamie Ley im Interview

Jamie glaubt an sich, an seinen Kampfgeist und an seine Motivation. Jedoch glaubt er vor allem daran, dass man als Team am meisten erreicht. Jamie Ley, Finalist bei Take Off, im Interview.

FNR, ALF