FNR

OPGEPASST! Dëst Experiment muss ënner Opsiicht vun engem Erwuessene gemaach ginn. Maach d’Experiment am beschten dobaussen a kuck datt d’Ëmfeld fräi ass. Stell Dech säitlech nieft d’Fläsch a kuck datt keng aner Persoun virun oder hannert der Fläsch steet.

De Joseph vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi ee mat bësse Brennspiritus an enger Fäsch eng Rakéit baut. Buer e Lach vun 8 Millimeter an de Stopp vun enger eideler Plastiksfläsch. Fëll en Téiläffel Brennspiritus an d’Fläsch, schrauf de Stopp drop, hal de Fanger op d’Lach a rësel d’Fläsch gutt. Heibäi verdämpt den Alkohol.

Lee d’Fläsch op eng glat Surface, kuck datt d’Ëmfeld sécher ass an hal eng Flam bei dat gebuerte Lach. Den Alkohol verbrennt mat dem Sauerstoff deen an der Fläsch ass an dobäi entsteet en héijen Drock an der Fläsch. Duerch d’Verbrennung entsti méi Gasen (CO2 a Waasser) an duerch d’Hëtzt deenen sech dës och nach aus. D’Gase ginn doduerch mat héijer Vitesse aus der Fläsch gedréckt an dës stréimend Loft no hanne provozéiert eng Kraaft an entgéint gesate Richtung: d’Fläsch flitt fort.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#ExperimenterDoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoe fënns Du hei:

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR