D’Maiti Lommel a séngem Labo op der Uni Lëtzebuerg

Lëtzebuerger Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hu vru kuerzem e Biomarker (Erklärung an der Infobox) a Broschtkriibszellen identifizéiert deen ukënnegt, dass e bestëmmte Kommunikatiounswee an den Zellen deregléiert ass. Kommunikatiounsweeër (Erklärung an der Infobox) kënnen d’Zell zum Beispill dozou bréngen, sech méi séier ze deelen oder méi laang ze iwwerliewen. Deregléiert Kommunikatiounsweeër kënnen eng Ursaach vu Kriibs sinn.

D’Equipe vum Elisabeth Schaffner-Reckinger a Maiti Lommel huet erausfonnt, dass de sougenannten ERK/MAPK Kommunikatiounswee eng bestëmmt Protein aktivéiert déi wichteg fir d’Zellstruktur ass, déi sougenannt L-plastin. Esou kënne Fuerscher d’Conclusioun zéien, dass wann d’L-plastin an aktivéierter Form präsent ass, dass dann de Kommunikatiounswee an den Zellen deregléiert ass. De Biomarker indiquéiert hei eng Uersaach vu Kriibs déi ee geziilt bekämpfe kann.

Geziilt Kriibstherapie versus Chemotherapie

Nei, sougenannt “geziilt” Therapiemethodë probéiere genau dës Kommunikatiounsweeër ze bremsen. Am Géigesaz zu Chemotherapien, déi all Zellen ugräifen, déi sech séier deelen, gräifen dës nei Methoden nëmmen déi Zellen un, an deenen ee bestëmmte Kommunikatiounswee net méi normal funktionéiert. Dofir hunn dës geziilt Therapiemethodë manner staark Niewewierkungen ewéi d’Chemotherapien. Wa méiglech ass et also d’Zil, op geziilt Therapien zréckzegräifen, an op Chemotherapien ze verzichten.

Uwendung vu geziilter Kriibstherapie am Fall vun aktivéierter L-plastin?

D’Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hunn d’Aktivatioun vun der L-plastin ënnersicht an dofir hu si aggressiv Broschtkriibszelle mat manner aggressive verglach. Déi aggressiv Broschtkriibszellen hu méi eng héich Aktivatioun vun der L-plastin gewisen, als Resultat vun engem gestéierten, hyperaktiven ERK/MAPK Kommunikatiounswee. Et géif deemno Sënn maachen dëse Kommunikatiounswee ze bremsen oder souguer ze stoppen an dofir ginn et och schonn eng Rei Medikamenter déi zum Deel fir den Traitement vun anere Kriibsaarten, wéi zum Beispill Hautkriibs, benotzt ginn.

De Wee bis zur Unerkennung vum neie Biomarker als Indikator fir eng bestëmmten Therapie

Fir dës Erkenntnisser weider ze verdéiwen, plangen d’Fuerscher elo eng Studie mat Broschtkriibszelle vu lëtzebuerger Patienten. Si wëllen ënnersichen, ob déi Tumore mat héijer L plastin Aktivatioun effektiv ëmmer en hyperaktiven ERK/MAPK Kommunikatiounswee virweisen a méi aggressiv sinn ewéi déi Tumoren ouni L-plastin Aktivatioun.

Am Fall wou d’Erkenntnisser sech confirméieren, misst eng grouss Studie mat Mais an dono mat Patiente gemaach gi fir ze ënnersichen, ob eng geziilt Kriibstherapie mam Stoppe vum ERK/MAPK Kommunikatiounswee, eventuell a Kombinatioun mat aneren Therapien, effektiv efficace géint dës aggressiv Broschtkriibsaarte wierkt.

Hei de Link op den Original-Artikel.

Zum Auteur

D’Maiti Lommel, 28, schafft op der Uni Lëtzebuerg. Hat huet am Dezember säin Doktorat erfollegräich oofgeschloss. Och a sénger Fräizäit engagéiert hat sech fir d’Wëssenschaften an hëlleft bei Pins a.s.b.l., enger Associatioun déi wëssenschaftlech Workshops fir Kanner a Jugendlecher ubidd.

Foto: D'Maiti Lommel a séngem Labo op der Uni Lëtzebuerg.

Du bass Fuerscher a wëlls och op science.lu iwwert déng Aarbecht schreiwen? Da mell dech bei eis.

Infobox

Wéi entsteet Broschtkriibs?

 

Broschtkriibs, genau wéi Kriibs am Generellen, ass eng ganz heterogen Krankheet, déi duerch vill verschidden Eegeschaften definéiert gëtt. Den Haaptgrond fir d’Entstoe vu Kriibs ass eng Verännerung am Ierfmaterial, also an der DNA, vum Patient. Dës Verännerung kann dann dozou féieren, dass zum Beispill d’Kommunikatioun teschent den Zellen oder tëschent den Zellen an hirem Ëmfeld net méi esou funktionéiert ewéi dat normalerweis de Fall ass. Ze staark Signaler kënnen d’Zell dozou bréngen, sech méi séier ze deelen oder méi laang ze iwwerliewen. An deem Fall huet de Patient Kriibs.

 

Wat ass e Kommunikatiounswee

 

E Kommunikatiounswee an enger Zell ass de Wee vun engem Signal wat vun ausserhalb der Zell kënnt an dann vun der Zellmembran bis eran an den Zellplasma oder Zellkär weidergeleet gëtt.

 

Wat ass e Biomarker

 

De Bluttzockerspigel ass z.B. e Biomarker fir Diabetes. Ass de Bluttzockerspigel héich, kann dat en Indice fir Diabetes sinn. E Biomarker ass also eppes wat ee moosse ka fir de Gesondheetszoustand vun enger Persoun ze bestëmmen.

 

Auch interessant

Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Highly Cited Researchers Immer wieder gerne zitiert: Die multidisziplinäre Arbeit von Stéphane Bordas

Es gibt Wissenschaftler, auf deren Arbeiten in Publikationen besonders häufig Bezug genommen wird. Uni-Professor Stéphan...

Medizin Hypnose in einem medizinischen Umfeld, wofür und wie wirksam ist sie?

Die Hypnose wird immer häufiger eingesetzt, um beispielsweise Schmerzen zu lindern. Die Öffentlichkeit ist jedoch geteil...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Herausragende wissenschaftliche Leistung FNR Awards 2023: Hoffnung auf eine neue Generation von Schmerztherapie

Ein Forschungsteam vom Luxembourg Institute of Health erhielt einen Preis für ihre Entdeckungen, die helfen könnten die Krise der Opioid-Abhängigkeit einzudämmen.

LIH, FNR
Outstanding Scientific Achievement FNR Awards 2023: Ein Modell, um das allergene Potenzial neuer Produkte zu testen

Arno Gutleb vom Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) wurde in der Kategorie "Outstanding Scientific Achievement" für die FNR Awards 2023 ausgewählt.

Outstanding PhD Thesis FNR Awards 2023: Studie über das Mikrobiom bringt Krebsforschung voran

Mina Tsenkova von der Universität Luxemburg wurde in der Kategorie "Outstanding PhD Thesis" für die FNR Awards 2023 ausgewählt.

Gesundheitssystem Luxemburg Inwiefern kann die Gesundheitsökonomie dem Gesundheitswesen helfen?

Welche Herausforderungen und Lösungen sehen Gesundheitsökonomen für unser Gesundheitssystem? Ein Interview mit Prof. Marc Suhrcke (LISER) und Dr. Valérie Moran (LISER, LIH).