Et huet geknuppt, geschaimt a gedämpt, de 16. September zu Ettelbréck vrun der Kierch. Mir wollten de Relaunch vu science.lu feieren an duechten dat wier eng gutt Okkasioun, fir spektakulär Experimenter ze man. Experimenter déi mer schonns ëmmer eng Kéier wollte man, respektiv Experimenter, déi mer zwar scho gemaach haten, ma na nie am sou Groussen!

Kléngt geféierlech? A Wieklechkeet hu mer just Waasser a Loft gemaach… ;) Fir d’éischt riese Waasserstoffballonen zu Waasser emgewandelt (mat bëssi enger Explosioun ;), duerno aus Waasserstoffperoxid Waasser gemaach, mat Zousaatz vun e bëssi Spüli (déi Reaktioun heescht „Elefantenzahnpasta“, eng wonnerschéi Reaktioun) a finalement flëssege Stéckstoff an eng Plastiksfläsch gemaach a 4000 Pingpongsbäll hannendru gejummt (mat nees enger Explosioun ;).

Kuckt iech einfach de Video un. Op science.lu fannt der vill Experimenter fir doheem nozemaachen. Des Experimenter w.e.g. net sou an deene Quantitéiten doheem nomaachen. Kommt léiwer op eis nächst science.lu Street Science Aktioun. Mir wärten déi op science.lu annoncéieren.

Vill Spaass beim Kucken! 

D’science.lu-Team