Flickr

Modern Autoen hunn mindestens een Airbag.

Wousst de, dass an dengem Auto Sprengstoff stécht? Deen soll dech bei engem Accident schützen, andeems en den Airbag opbléist. Dat muss an eng Brochdeel vu Sekonne geschéien. Mee wisou brauch ee Sprengstoff fir den Airbag opzeblosen?

Den Airbag ass näischt aneschters wéi e Sack, deen sech bei engem Accident ganz séier opbléist. An dat muss ganz ganz féx geschéien. A genee dat mëscht eng kleng Portioun Sprengstoff am Airbagsystem.

Ass dat net geféierlech?

A bestëmmte Situatioune kann dat geféierlech sinn, virun allem fir de Bäifuerer, wann deen seng Féiss um Tableau de Bord leien huet. Oder fir kleng Kanner, déi am Kannersëtz géint Fuerrichtung um Bäifuerersëtz ugestréckt sinn. Da muss de Bäifuerer-Airbag jiddefalls aus gemaach ginn. Ënnert dem Stréch ass d’Secherheetsbilanz vun Airbagen awer immens positiv. Säit hirer serieméisseger Aféierung goufe se milliounefach ausgeléist an hu vill Liewe gerett.

Wéini sinn Airbagen dann erfonnt ginn? 

Schonn an de 50er Joere vum läschte Jorhonnert hunn Autoingenieure mat opblosbare Säck rondrëm experimentéiert, et huet een nämlech gemierkt dass ee bei Accidenter trotz Sécherheetsgurt fatzeg op d’Steierrad opschléit an sech schwéier verletzen oder stierwe kann. De Problem war: wéi kann een den Airbag méiglechst séier opblosen? Den Duerchbroch koum, wéi se op d’Iddi mam Sprengstoff komm sinn.

Wouhier weess den Airbag eigentlech, wéini en ausgeléist muss?

Dat war deen zweete Problem, den d’Fuerscher hu misse léisen. Si hunn mat Crashtester gemooss, wat den Ënnerscheed zwëschen enger Oofbremsung bei engem Accident an enger Vollbremsung ouni Accident ass - An nëmme wann d’Sensoren an d’Elektronik e richtegen Accident erkennen, gëtt den Airbag ausgeléist. Dat geschitt bannen enger Honnertstel Sekonn.

A wéi geet et weider?

Et baut een ëmmer méi Airbagen an Autoen an: Säiten-Airbagen, Knéi-Airbagen, Airbage fir d’Passagéier op der Reckbänk an sou wieder. An et versicht ee virun allem, d’Elektronik fir Ausléisung ze verfeineren: Je nodeem, wei hefteg en Accident ass, blosen sech d’Airbagen zum Beispill ënnerschiddlech staark op.  Ausserdeem gëtt probéiert, mat Oofstandssensoren en Accident ze erkennen, ier d’Autoen sech iwwerhaapt beréieren.

Musse mer eis dann an Zukunft net méi ustrécken?

Dach op alle Fall: De Sécherheetsgurt ass ëmmer nach Liewensretter Nummer Eent am Auto. 

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Flickr

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR