shotshop.com

Haut kläre mer eng Fro, déi e bëssen eekleg kléngt: Wouraus besteet eigentlech ee Koz a stëmmt et, dat et gesond ass e Koz ze iessen? Mr Science, wat seet d’Wëssenschaft dozou?

Ech fänke mol mat der Gesondheets-Fro un: Duerch d’Medie geeschtert säit e puer Joer ëmmer erëm d’Behaaptung, datt et gesond soll sinn. Et gëtt an deem Kontext ëmmer vun enger amerikanescher Etüd geschwat. De Problem ass: et gëtt des Etüd (nach) net...(méi dozou an enger Infobox). D’Wëssenschaft weess also net, ob Kozen iesse gesond oder ongesond ass.

Mee Koze sinn näischt aneschtes wéi gedréchente Schläim. An dee gëtt an der Nues permanent vu klengen dënnen Hoer op der Schläimhaut iwwert d’Strass a Richtung Mo transportéiert. Mir iessen also andauernd kleng Quantitéiten Nuesschläim. Dofir sollt et fir eis Gesondheet keen Ënnerscheed maachen, wa mir zousätzlech nach déi gedréchent Variant iessen...

Wouraus besteet de Schläim an der Nues da genau?

Haaptsächlech aus Waasser an Eewäisser, déi en zéiflësseg maachen. En huet awer nach vill aner Ingredienten. Den Alexander Fleming, deen och de Penicillin entdeckt huet, huet am Nuesschläim en Enzym fonnt, dat vill Bakterie futti maache kann. Dat ass keen Zoufall: well de Schläim soll eis viru Mikrobe schützen, déi mir anootmen. Bakterien a Vire pechen un him fest.

No an no hunn d’Fuerscher entdeckt, datt de Schläim an der Nues nach vill aner Komponenten huet, déi Bakterien a Viren ugräifen. Zum Beispill Antikierper an Immunzellen. Gläichzäiteg wunnen awer trotz dësem fir si liewensfeindlechen Ëmfeld vill Bakterien, Viren a Pilzen permanent am Schläim. Fir des Gemeinschaft vu „gudde“ Mikroben am Schläim interesséieren sech d’Fuerscher ëmmer méi. Well si kéinte bei der Ofwier vun Infektiounen eng wichteg Roll spillen, andeems se aneren, geféierleche Mikrobe keng Plaz léisst fir sech auszebreeden oder se souguer direkt bekämpft.

Schläim aus der Nues transplantéieren?

Medezinner ënnersichen an aktuellen Etüden, ob si Patiente mat enger chronescher Niewenhöhlenentzündung mam Schläim aus der Nues vu gesonde Leit hëllefe kënnen. D'Iddi: bei enger chronescher Niewenhöhlenentzündung ass d'Mikrobegemeinschaft an der Nues am Desequiliber a soll duerch eng gesond Mikrobegemeinschaft ersat ginn. Dës gesond Gemeinschaft probéieren d'Medezinner aus dem Schläim vu gesonde Leit ze isoléieren. Si spullen d'Nues aus a sprëtzen des Léisung an d'Nues vu Patienten, déi chronesch krank sinn. So hoffen si, datt sech déi "gutt" Bakterië bei hinnen usidelen. Si solle sou viru Bakterie schützen, déi sech soss an den Niewenhöhlen néierloosse géifen an zu chroneschen Entzündunge féieren.

Firwat ass de Schläim an der Nues heiansdo giel oder gréng?

Am Ufank vun enger Erkältung ass de Schläim an der Nues meeschtens kloer an dënnflësseg. Lues a lues wanderen awer ëmmer méi Ofwierzellen aus dem Kierper an d'Nues fir Mikroben ze bekämpfen. Si produzéieren Enzymer, déi Mikrobe futti maachen a stierwe selwer, nodeems se Mikrobe gefriess hunn. Si bilde sou eng eetereg Komponent am Schläim, wouduerch dee gréng oder giel ausgesäit. Anescht wéi vill Leit nach gleewe kann een awer net op Basis vun der Faarf vum Nuesschläim soen, ob d'Infektioun vu Bakterien oder Vire verursaacht gëtt.

Fake News - Ass Kozen iesse gesond?

Virun e puer Joer hunn eng Rëtsch News-Artikelen am Internet annoncéiert, datt Wëssenschaftler erausfonnt hätten, dat Kozen iessen eist Immunsystem stimuléiere géif. An deenen Artikele gëtt de Biochemiker Scott Napper vun der Uni Saskatchewan a Kanada zitéiert an eng Etüd vum Fuerschungsinstitut MIT-Harvard an den USA. Wann een sech dat méi genee ukuckt fënnt een allerdéngs eraus, dass den Dr Napper dës Behaaptung zwar 2013 an engem Radio-Interview gemaach huet, si awer (bis dato, Stand Dez 2019) ni duerch eng wëssenschaftlech Etüd bewisen huet an/oder Resultater dozou verëffentlecht huet. Et ass och net kloer, ob seng Behaaptung wierklech eescht gemengt war oder hien et just als Witz gemengt hat. Eng Etüd vun MIT-Harvard, déi beweist datt Kozen iessen d'Immunsystem stimuléiert, gëtt et och net. Et gëtt vun hinne just eng Etüd vun 2015, déi an deem Zesummenhang och ëmmer zitéiert gëtt, déi weist, datt d'Ingrediente vu Spaut verhënneren, datt Bakterien un den Zänn festpechen. Vun Nuesschläim ass an där Etüd net rieds...

Autor: Ingo Knopf
Éditeur an Iwwersetzer: Michele Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR