Invitatioun un d'Lycées Klasse fir un de Researchers' Days 2018 deelzehuelen.

Op de Researchers‘ Days presentéieren em déi 250 Wëssenschaftler hier Fuerschung. „THE PLACE TO BE“ also fir de Schüler de Beruff vum Fuerscher, d‘wëssenschaftlech Methode an d‘Fuerschungméiglechkeeten zu Lëtzebuerg méi no ze bréngen – a fir einfach nëmme Spaass un der Wëssenschaft ze hunn.  

Nach bis den 22. Oktober kanns Du Deng Klass iwwert eisen Umeldungsformular aschreiwen.

Wat erwaart Dech?

Deng Schüler kënnen sech fräi um Site beweegen a jee no Interessi un den 31 verschiddene Workshoppen deelhuelen. Bei denger Umeldung fir d’Researchers‘ Days muss Du Deng Klass also NET fir eenzel Workshoppen aschreiwen, ma d’Schüler entscheede sur place an individuell bei wéi enge Workshoppe si wëlle matmaachen.

Hei fannen si z.B. eraus wéi d’Gehir léiert, wéi si sech an engem XXL Kierper spiere géifen oder och wéi ustrengend d’Liewe vun engem soziale Roboter ass. Si kënne mat enger Dron fléien a mat flëssegem Stéckstoff an Dreschenäis experimentéieren, duerch Beweegung Musek maachen an an eng virtuell Welt andauchen. Eng Solaranlag oder ee mechanescht Häerz bauen, een Mikroskop manipuléieren oder ee Mars Rover programméieren. Als Mieresbiolog Bockelwaler a Blowaler erfuerschen oder am Roll vun engem Urbanist Trottoiren an Tramspuere plangen. Wann d’Wieder et erlaabt kënne si sech och vun engem autonomen Auto ronderëm féiere loossen.

Fir eng Impressioun ze kréien, hei de Video vun der Editioun 2014:

Déi Schüler, déi sech besonnesch fir de Beruff vum Fuerscher interesséieren, kënnen sech um 10h00 oder um 11h30 d’Fuerschungsaarbecht vun zwee Wëssenschaftler vun der Uni.lu an eisem Science Café erkläre loossen. Och fir d’Science Cafés muss Du Deng Klass NET scho bei der Umeldung aschreiwen, ma du kanns si am viraus dorobber opmierksam maachen, dass dës zu festgeluechten Horaire stattfannen.   

Den detailléierte Programm vun de Researchers‘ Days fënns du hei

Opgepasst: d’Plaze fir d’Schoulklasse si limitéiert! Schreif Deng Klass also esou schnell wéi méiglech an.

D’Researchers’ Days fir de Grand Public

Du bass net méi am Lycée, ma wëlls awer bei de Researchers’Days dobäi sinn? Kee Problem! D’Researchers’Days sinn de Samschdeg 1. Dezember vun 10:30 bis 18:30 duerchgoend fir jiddereen (mir recommandéieren en Alter vun minimal 6 Joer) op – an den Entrée ass Gratis.

All weider Informatiounen zum Event fënns du op www.researchersdays.lu 

 

Video: © MOAST & Jean-Paul Bertemes (FNR)

Foto: © Christof Weber

 

Auch in dieser Rubrik

MINKT mit Vorschulkindern Wie die drei kleinen Schweinchen helfen, MINKT-Kompetenzen zu fördern

Eine neue Weiterbildung des SciTeach Center zeigt Lehrkräften, wie MINKT (MINT + Kunst) auf innovative Weise fächerübergreifenden Unterricht ermöglicht.

Take Off Challenge zum Nachmachen Wie kann man Eis am schnellsten schmelzen?

Du bist LehrerIn und hast Lust, eine Science Challenge der Take Off Show mit deinen Schülern nachzumachen? In diesem Video erfährst du , wie du diese Challenge mit deiner Gruppe nachmachen kannst.

FNR, ALF
9. - 12. November am Gronn Impressioune vum Science Festival 2023

Spektakulär Showen, flott Experimenter a vill begeeschtert Kanner, Erwuessener a Wëssenschaftler. Déi 14. Editioun vum Science Festival war e grousse Succès!