kitzeln

shotshop.com

Mir Mënsche sinn awer net déi eenzeg Liewewiesen, déi këddeleg sinn.

Wann ech meng Kanner këddelen, da schéngen se dat gären ze hunn.  Bei mir selwer verdroen ech dat awer guer net! Mister Science: Firwat ginn erwuesse Leit net sou gär gekëddelt wéi Kanner?

Doriwwer zerbrécht sech d’Wëssenschaft nach de Kapp. Fir d’éischt: Et ginn zwou Zorte Këddelen. Knismesis ass dat kribbelegt Gefill un der Haut, dat beispillsweis Insektebeen hannerloossen. Gargalesis ass vill méi graff. Drock ass hei e Schlësselreiz - an dee kann ee mat de Fangeren zilgenee un den empfindlechste Plaze vu sengem Affer opbauen.

Dat ass awer net léif. Firwat hunn d’Kanner dat da gär?

Hei gëtt et verschidden Theorien: Këddelattacke kënnen d’Bindung tëscht Kannt an Eltere verstäerken. Oder d’Ofwier vun de Kanner trainéieren. Een dee beim Spille léiert, de flénke Fangeren ze entkommen, packt dat duerno eventuell och bei Gefor. Ausserdeem setze Këddelattacken d’Gehier an en Alarmzoustand. Sech ze ënnerwerfen oder ze flüchte sinn dann déi natierlech Reflexer. Villäicht ass dat alles awer och e Mëssverständnes. Et ass méiglech, datt net d’Wuelbefannen, mee de Besoin no kierperlechem Kontakt oder einfach den Nervekitzel bei Kanner am Virdergrond steet.

An trotzdem musse mir hefteg laachen, wa mer gekribbelt ginn.

Dat stëmmt, jo. Ma d’Laachen ass dacks en Reflex. Virun allem këddeleg Leit tréine scho vu Laache beim Gedanken dorun. Dat muss awer net heeschen datt déi Persoun frou ass. Mir kräische jo och wann mer Ënne schneiden, ouni datt mer traureg sinn.

Nach e puer aner Froen...

Och Déiere si këddelech

Mir Mënsche sinn awer net déi eenzeg Liewewiesen, déi këddeleg sinn. Knismesis zum Beispill, dat duusst kribbelegt Gefill, dat winzeg Insektebeen oder Grashällem un eisen Hänn hannerloossen, ass och bei den Déiere wäit verbreet. Fuerscher huelen un datt den Zweck dovun ass lästeg Plogeeschter séier kënnen ze bemierken an déi dann op hier Plaz kënnen ze verweisen. Bei engem vun de geféierlechste Raiber aus dem Mier rifft et allerdéngs eng ganz aner Reaktioun erbäi. De Peter Benchley, Auteur vum Roman „Der weiße Hai“ a spéidere Kämpfer fir d’Erhale vun de Mieren, huet vun engem hypnoteschen Zoustand bericht, an deen ee grousse Wäisse beim luese Kraule vun enger iwweraus empfindlecher Plaz un senger Schnauz, gefall ass.

E bëssen anescht gesäit d’Saach bei der Gargalesis aus. Dat deftegt „Duerchkëddelen“ un empfindleche Plazen um Kierper schreiwe Fuerscher laang Zäit de Primaten zou – also dem Mënsch a senger afeger Verwandschaft. Ma mëttlerweil ginn et awer ëmmer méi Unzeechen, datt och Déieren op Këddelattacke mat Laachausbréch reagéieren. Raten zum Beispill. Déi hunn duerch d’Stimuléiere vun de Fuerscher ee ganz eegent, héichfrequent Laachen erklénge gelooss. Bei änleche Versich sollen si souguer méi optimistesch gi sinn – d’Raten, net d’Fuerscher. An och d’Bild vum Drammann soll sech duerch d‘Këddelen an der Jugend präge loossen. Jiddefalls emol bei Rateweibecher. Si hunn hier deeglech Këddelattacken nämlech mat Hëllef vu parfüméierten Händsche kritt. Den Doft war entweeder Zitroun oder Mandel. Nodeems d’Probandinnen hier Geschlechtsräif erreecht haten, hunn si sech méi zu de männleche Raten higezu gefillt, déi wéi d’Händsche gericht hunn. Bei erwuessene weibleche Raten, déi am Jugendalter net gekëddelt gi sinn, hunn d’Fuerscher genee de Géigendeel beobacht. Këddelen am Alter baut hinnen eng Antipathie fir de jeeweilege Geroch op.

Këddele kann een net eleng…

Och bei der Fro, firwat mir eis net an der Reegel selwer këddele kënnen, musse mir tëscht Knismesis an Gargalesis ënnerscheeden. Een deen eng Fieder oder déi metalle Kralle vun engem Kappmassagegerät ganz duuss iwwer säi Kapp beweegt, kritt dat Gefill tëscht Wuelbefannen an Abscheilechkeet zwar schonn ze spieren – Héngerhaut inklusiv. Ma sech selwer mat de Fangerspëtzen ënnert de Féiss oder ënnert den Äerm ze këddelen, klappt awer net sou richteg. Et weess ee jo, wat kënnt – dat wär eng logesch Erklärung. D’Gehier gëtt eng „Entwarnung“, nach éier et zum Këddele kënnt, datt déi Hänn jo nëmmen seng eegen Hänn sinn, vun deenen also keng Gefor ausgeet. Mir sinn nämlech këddeleg, fir eis selwer ze schützen. Et funktionéiert awer och wëssenschaftlech: Am Gehier vu Raten hu Fuerscher Zellen entdeckt, déi fir d’Këddele besonnesch empfänglech sinn. Se ginn awer stomm geschalt, soubal d’Këddele vun engem eegene Kierperdeel ausgeet. Dës Nerven ënnerscheeden sech iwwregens vun deenen, déi fir déi duuss Knismesis zoustänneg sinn. Ma och bei der Gargalesis schéngt et Ausnamen ze ginn. Sou hu Wëssenschaftler an engem Experiment festgestallt, datt verschidde Schizophrenie-Patienten et tatsächlech fäerdeg bruecht hunn, sech selwer ze këddelen.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Auch interessant

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaft...

Familie und Beruf Die Entwicklung des Elternurlaubs in Luxemburg aus Sicht einer Wissenschaftlerin

Welche Auswirkungen hatten Änderungen in der Elternurlaubspolitik? Und wie sieht der Elternurlaub in Luxemburg im Vergle...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR