© Shotshop

Glaat oder riicht Hoer gi gréisstendeels duerch eis Genen bestëmmt

Et ass jo oft esou: Leit mat krauselegen Hoer zéien hier Hoer glat a Leit mat glaten Hoer loossen sech Krausele maachen. Mr Science, wat bestëmmt dann iwwerhaapt d’Form vun eisen Hoer à la base?
 
D’Form vun eisen Hoer ass gréisstendeels genetesch bedéngt a gëtt och scho virun eiser Gebuert bei der Entwécklung vum Embryo bestëmmt. Si gëtt also verierft.

Ob en Hoer riicht oder krauseleg gëtt bestëmmt awer net d’Struktur vum Hoer selwer, mee d’Wuerzel vum Hoer.

Dat hätt ech awer elo net geduecht. Erziel méi.

An der Wuerzel vum Hoer ass d'Hoerfollikel, dat ass déi biologesch Struktur déi fir de Wuesstem vum Hoer verantwortlech ass. D'Form vum Hoerfollikel ass bei riichten Hoer am Queeschschnëtt ronn a bei gekrauselten Hoer oval, an doduerch gëtt d'Form vum Hoer virbestëmmt. Bei afrikanesche Mënschen ass d‘Follikel souguer bal platt, dofir sinn hir Hoer och extrem krauseleg.

An och de Wénkel mat deem d’Hoer aus der Kapphaut erauswiisst ass anescht: glat Hoer wuesse riicht eraus, krauseleg Hoer am schife Wénkel.
Wéi déi eng oder aner Follikel-Form an de Wénkel entsteet, wëssen d’Fuerscher awer nach net genau.

Bleift d’Form vun den Hoer dann e Liewe laang déi selwecht?

Am Prinzip schonn. Et ginn Eenzelfäll, bei deenen d’Form mam Alter oder zum Beispill während der Schwangerschaft ännert. Dat deit op eng Roll fir Hormoner hin, mee dofir ginn et awer nach keng handfest wëssenschaftlech Beweiser.

Aner Ursaache vu permanenten oder temporäre Verännerungen si Mutatiounen an den Genen oder Traitement mat bestëmmte Medikamenter.

Oder e Glätteisen. Wéi funktionéiert dat dann? An eng Permanente?

Bei deene Methode verännert een d’Struktur vum eigentlechen Hoer duerch Hëtzt oder Chemikalien, awer des Verännerungen si just temporär. Un der eigentlecher Ursaach vu riichten oder krauselegen Hoer kann een net sou einfach eppes änneren. 

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: shotshop.com 

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 26. Abrëll 2017 beäntwert. 

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR