D’Gëlle Fra bréngt stolz 1,5 Tonnen op d’Wo! Fir déi opzehiewen, brauch een entweder e Kran, oder ganz vill Helium-Ballonen! Ma wéi vill?

Mat 1 Liter Helium kann een 1 Gramm ophiewen. En normalen Helium-Ballon vum Mäertchen ass mat 14 Liter Helium gefëllt, a kann also 14 Gramm ophiewen. Fir d’Gëlle Fra brauch een also iwwer 100.000 Helium-Ballonen!

D’Gewiicht vun der Gëlle Fra war laang Zäit e Rätsel. Si ass 1923 entworf ginn, als Symbol fir eise Wëlle fir am Éischte Weltkrich onofhängeg ze bleiwen. De Kënschtler Claus Cito hat d’Gewiicht zwar bestëmmt a sengen Ënnerlage festgehal, mee d’Friddensgöttin mam Lorberkranz huet vill am 20te Jorhonnert gelidden. Nodeems se e puer mol zerstéiert an sou gutt wéi méiglech rëm opgebaut gi war, konnt kee méi soe wéi vill d’Statue géif weien. Gewoust war, dass déi méi wéi 3 Meter héich bronze Statue mat Gold iwwerzu wier. D’Firma, déi sech ëm den Transport vun der Gëlle Fra op d’Weltausstellung zu Shanghai 2010 gekëmmert huet, huet hiert Gewiicht doropshin op eng knapp Tonn geschat. Si hunn hiren Iertum awer séier festgestallt, an dat richtegt Gewiicht vun der Gëlle Fra gemooss.

Auteur: Corinne Kroemmer

 

Sources :

http://www.expogellefra.lu/media/PadagogischesDossier.pdf

http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/9094.html

Aussi intéréssant

L'énergie du soleil Quel ballon éclate le plus vite au soleil ?

Dans cette expérience, la lumière solaire concentrée et la chaleur font éclater des ballons de différentes couleurs – ma...

FNR
Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Artificial intelligence Should AI research develop at a slower pace? Questions to experts

Major AI providers are calling for a slower, more tightly controlled pace of AI development and are warning of the potential risks posed by more potent systems. AI researchers from Luxembourg respond...

Ofkille bei Hëtzt Wéi Ventilator a Klimaanlag eis ofkillen

Am Géigesaz zu der Klimaanlag killt de Ventilator de Raum net of. An awer fille mir eis ofgekillt. Entdeck d’Physik hannendrun!

FNR
Ziel mir keng! – De Science Check Ordinateurs quantiques : promesses et risques

Qu'est-ce qu'un ordinateur quantique, en quoi est-il si révolutionnaire, et nos cartes de crédit et mots de passe seront-ils encore sûrs le jour où il sera opérationnel ?