Material

  • 2 längelzeg Brieder oder Stécker Konterlat, ca 50 cm laang
  • 1 hëlze Plack oder e méi breet Briet
  • 1 Konterlat, ca. 70 cm laang
  • Biesem

Duerchféierung

Lee déi zwee kuerz Brieder oder Konterlaten (50 cm) parallel zoueneen op de Buedem. Lee dann déi grouss hëlze Plack/Briet driwwer, d’Konterlate sollen op enger Plaz erauskucken. Eng Persoun (z.B. den Erwuessenen) soll sech dann op d’hëlze Plack/Briet stellen. Duerno gëtt dat drëtt Stéck Konterlat (70 cm) queesch iwwert déi zwee méi kuerz Stécker, déi nach ënnert der Plack erauskucke, geluecht. De Biesemsstill gëtt dann an d’Spléck tëscht Konterlat an ënnert d'Plack gestach a déi zweet Persoun (z.B. d'Kand) dréckt de Still da fest no ënnen. D'Plack mat der anerer Persoun (dem Erwuessenen) drop geet dann no uewen.

Erklärung

Du benotz an dësem Experiment en Hiewel, fir eng schwéier Laascht ze hiewen. Mat dësem klenge Science-Trick kritt een och schwéier Persounen ouni grousse Kraaftopwand opgehuewen. Wat den Hiewel méi laang ass, wat ee méi Kraaft domat ausübe kann – oder an anere Wieder, wat ee manner Kraaftopwand brauch fir eppes Schwéieres opzehiewen. Dofir soll een an dësem Experiment de Biesemsstill och méiglechst wäit ewech vu der Plack upaken.

Méi Detailer zu Hiewele ginn et och an dësem Dossier pédagogique zum Thema, dee mir fir den Éveil aux sciences-Unterrécht am Fondamental ausgeschafft hunn.

Alldag

Am Alldag begéinen eis eng ganz Rëtsch Hiewelen: Eng Wipp op der Spillplaz, e Spuet am Gaart, eng Klensch vun enger Dier, e Fläschenëffner,…

Och de Prinzip vun der Längt vum Hiewel gesi mer am Alldag: eng Gaardeschéier mat kuerzen Äerm ka just kleng Äscht schneiden, eng Heckeschéier mat laangen Äerm och méi décker.

Tipps

Dëst Experiment kënne Kanner gutt als Challenge mat hiren Eltere maachen. „Ech wetten, datt ech dech ophiewe kann!“ kann d’Kand zu den Eltere soen. Wat net verrode gouf, ass datt si dofir Hëllefsmaterial benotzen 😊.

Kuck dech em, wou’s de iwwerall Hiewel am Alldag hues, an obs de se richteg benotz. Z.B. eng Schubbkar: ass et besser deng Laascht ass no beim Rad oder wäit ewech vum Rad. Dat kanns du och gutt mat engem Kolleeg/Brudder/Schwëster testen, dee sech an d’Schubbkar sëtzt.

Vill Spaass beim Ausprobéieren!

Text & Fotoen: Michèle Weber (FNR)

Aussi intéréssant

Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Géométrie Réalise des expériences avec un ruban de Möbius en papier cadeau

Un ruban de Möbius est une surface bidimensionnelle qui n’a qu’une face et une arête. Fascinant !

FNR
Noël Fais scintiller les lumières d’un nanosapin de Noël !

Traçons un circuit électrique avec des nanotubes de graphène ou de l'encre conductrice.

Aussi dans cette rubrique

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Dichte Firwat geet en Ee net ënner wann ee Salz an d’Waasser mécht?

Am Séisswaasser geet en Héngeree ënner, am Salzwaasser schwëmmt et. Mat dësem Experiment kanns du och testen, wéi al en Ee ass.

FNR