FNR

Vill Spaass beim Ausprobéieren!

Material

  • 1 Taass Bakpolver (Bicarbonat, Natron)
  • 1 Téiläffel Salz
  • 1 Téiläffel Spullmëttel
  • 5 Iessläffele Waasser
  • Deko fir de Schnéimännchen (aus Zeechepabeier oder Moosgummi, Zahnstocher, Päiffebotzerten,…)
  • 1 Taass Esseg

Tipps

Du kanns u sech egal wéi een Esseg benotzen, awer mat Haushaltsesseg funktionéiert d’Reaktioun am beschten.

Oppassen

Des Experiment ass net geféierlech, awer kleng Kanner sollten et zesumme mat engem Erwuessene maachen. Bedenk, datt Esseg eng schwaach Saier ass, an all Kontakt mat den Aen oder Schläimhait soll evitéiert ginn. Dat gëllt besonnesch, wann Haushaltsesseg benotzt gëtt, well dee méi staark wéi Esseg ass, deen ee fir d'Iesse benotzt. 

Et gëtt eventuell och e bësse Sauerei. Dofir am beschten de Schnéimännchen op en Teller oder an eng flaach Schossel bauen. 

Duerchféierung

Fir de Schnéimännchen ze bauen, vermësch d’Bakpolver an d’Salz, gëff dann d’Spullmëttel derbäi a mësch nach eng Kéier. Duerno gëss de lues a lues d’Waasser derbäi. Da kriss de eng wäiss Mass, däi “Schnéi”, deens de mat den Hänn zu klenge Bullen an engem Schnéimännche forme kanns. Bau dai Schnéimännchen am beschten op engem Teller oder an enger flaacher Schossel. Wann s de wëlls kanns de dengem Schnéimännchen och nach An, eng Nues, Äerm an eng Mutz bastelen.

Wann däi Schnéimännche fäerdeg ass fänkt dat richtegt Experiment réischt un: Schëtt lues eng Taass mat Esseg iwwert de Schnéimännchen a beobacht wéi et schaimt an däi Schnéimännchen an e puer Sekonne „schmëlzt“.

Prinzip

Duerch d’Vermësche vu Bakpolver, Salz, e bësse Spüli a Waasser kriss du eng grimmeleg, liicht pecheg Mass, déi sech forme léisst. Quasi eppes wéi “Konschtschnéi”.

Wann s du den Esseg iwwert de fäerdege Schnéimännche schëtts reagéiert den Esseg an enger harmloser chemescher Reaktioun mam Bakpolver an dengem Schnéimännchen. Et spruddelt, well bei där Reaktioun e Gas entsteet: Kuelendioxid (CO2). An et schaimt, well den CO2 bleift am Spüli gefaangen, deen och an dengem Schnéimännchen ass.

Mat därselwechter Reaktioun kanns du doheem an denger Kichen och e klenge Vulkan ausbrieche loossen oder e "Bam" wuesse loossen!

Schéi Vakanz a vill Spaass beim Ausprobéieren!

Text & Video: Michèle Weber & Linda Wampach (FNR) 
 

Aussi intéréssant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Pourra-t-on un jour escalader les murs comme Spiderman ?

Pour escalader un mur, les mains d’une personne doivent y adhérer avec une force qui puisse supporter son poids mais ens...

Aussi dans cette rubrique