© Dreamstime

Wat am Sand ass wierklech geféierlech?

Mr Science, wéi geféierlech ass et, wann kleng Kanner an der Sandkëscht spillen an do en Stéck vum Sandkuch probéieren? Ginn se dovu krank?

Wann an der Sandkëscht wierklech nëmme Sand ass, da muss du dir keng Suerge maachen. Sand geet einfach duerch de Mo an Daarm a lant dann an der Wëndel. Allerdéngs muss de drop uecht ginn, dass keng Déieren d’Sandkëscht als Toilette benotz hunn.

Ah lecker... a wat maachen ech wa mäi Kand zum Beispill e Stéck Kacka an de Mond stécht?

Dat ass zwar eekleg, an der Reegel awer keng Katastroph. An Déierekot kennen allerdéngs Krankheetserreeger a Wierm sinn. Da muss een einfach an der Zäit dono drop oppassen, ob d‘Kand Bauchwéi kritt, sech oft um Hënneschte kraazt oder ob s de Wierm am Kacka entdecks. Dee Moment misst een bei de Kannerdokter.

Wat ass da wierklech geféierlech an der Sandkëscht?

Zigaretten a Glasschierbelen! Wann s de gesäis, dass e Kand en Stommel an de Mond hellt, muss de direkt agräifen, well den Nikotin am Tubak immens gëfteg ass. Wann et schonns op der Zigarett knat oder de Stommel ofgeschléckt huet, kanns de den 112 uruffen. Trotzdem keng Panik: Liewensgeféierlech ass dat bal ni.

Op ëffentleche Spillplaze solls de awer léiwer virdrun de Sand iwwerpréiwen an däi Kand am Ae behalen. Am eegene Gaart geet et duer, d’Sandkëscht owes ofzedecken. Dann bleift de Sand propper genuch fir ouni Suergen e Stéck vum Sandkuch ze probéieren.

Wier et dann net am beschten, Kanner guer net méi an der Sandkëscht spillen ze loossen?

Nee, dat wier souguer schiedlech! Kanner mussen einfach alles upaken an an de Mond stiechen, nëmmen sou begräifen se d’Welt. Ausserdeem trainéieren se sou hiert Immunsystem. Eng plus minus gefleegte Sandkëscht ass dofir wei gemaach!

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Dreamstime

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 12. Abrëll 2017 beäntwert. 

 

Auch interessant

Neugeborenen-Screening Systematische Suche nach Krankheiten bei Babys

Mit Hilfe des Neugeborenen-Screenings werden am LNS seltene, aber schwerwiegende Krankheiten frühzeitig erkannt. Damit l...

LNS
Künstliche Intelligenz CoLive Voice: Schwere Krankheiten an der Stimme erkennen

In einer bislang einmaligen digitalen Gesundheitsstudie dieser Art will das LIH mit Hilfe von Stimmproben vokale Biomark...

LIH
Schnapp & Co. Kann ee sech duerch Keelt erkalen?

Firwat hu mir eigentlech meeschtens am Wanter de Schnapp? Ass et wéinst der Keelt datt een sech méi liicht erkaalt? Mr S...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR
gro Hoer
Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

FNR
Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR