Rhubarbe

Adobe Stock

Am Rubbarb ass Oxalsaier ze fannen.

Fir dat pelzegt Gefill ass d’Oxalsaier responsabel. Si raut den Email vun den Zänn op.

Wat der Jomer ass dann Oxalsaier?

Dat ass eng organesch Saier. Si an hir Salzer sinn a ville Liewensmëttelen enthalen. Am bekanntsten ass de Rubbarb. Vill méi dovun ass allerdéngs am Spinat. An och a Muerten, grénge Bounen, esouguer a Schockela a schwaarzem Téi ass Oxalsaier ze fannen. Si entsteet och am Kierper selwer – beim Ofbau vun Aminosaieren oder Vitaminn C. Oxalsaier spillt awer net just an der Biologie eng Roll. Si kann och benotzt ginn, fir Holz ze bleechen oder Marber schéi blénkeg ze poléieren.

E Bleech- a Poléiermëttel? Dat héiert sech geféierlech un. Ass dat net schlecht fir d'Gesondheet?

Ganz harmlos ass Oxalsaier effektiv net. Et gëtt esouguer Medieberichter vun engem Fall, wou eng Persoun gestuerwen ass, nodeems si eng Zopp aus engem hallwe Kilo Sauerampel giess hat. Mee dat ass eng Ausnam. Et ass méi wichteg ze wëssen: Oxalsaier begënschtegt d'Entstoe vun Harn- an Nieresteng. En plus bremst si d'Opnam vu Mineralstoffer ewéi Kalzium an Eisen an eisem Kierper. Eng Portioun Spinat bënnt zum Beispill esou vill Kalzium, ewéi an zwee Glieser Mëllech enthalen ass.

Da muss ech wuel op eng ganz Partie Liewensmëttele verzichten?

Nee, well ewéi esou dacks mécht och hei d'Dosis d'Gëft. A Mooss schwätzt näischt géint de Genoss vu Liewensmëttele mat Oxalsaier. A wann een eng Schlupp Ram a säi Spinat mécht oder lecker Vanillszooss op säi Rubbarbskompott, da gëtt och déi gebremsten Opnam vun de Mineralstoffer ausgeglach.

Infobox

Esou sauer ewéi Kléi

Oxalsaier gouf déi éischte Kéier 1769 beschriwwen. Den däitschen Apdikter an Naturfuerscher Johann Christian Wiegleb huet eng vun hire Salzer am Huesebrout (och Guckucksbrout genannt; Sauerklee op Däitsch) entdeckt. Hiren éischten Numm – Kléisaier – war also net gestuel. An och den haitegen Numm verbënnt si mat dem Kléi. Well deen ass op Latäin Oxalis acetosella a war laang Zäit och den Ausgangsstoff, fir d'Saier ze gewannen. Si gouf benotzt, fir Marber ze poléieren, Verfierwungen am Eechenholz ewechzekréien oder Biergkristaller ze bleechen. Hoer ophellen, Lieder gierwen an esouguer Seelen Äerden traitéieren: Bis haut si ganz vill Uwendungen an der Chimie-, Metall-, Textil-, Lieder- a Kosmetikindustrie dobäikomm.

Oxalsaier – Rettung fir Beievëlker

Si ass keng zwee Millimeter grouss, mee all Beienziichter fäert si: Varroa destructor – d'Milb, déi alles futti mécht. Hirem Numm mécht si all Éier, well si klamert sech un de Beien hirem Réck fest, buert duerch hir Haut an ernäert sech vun der Hämolymph – der Kierperflëssegkeet vun den Hunnegsammeler. Dat léisst Viren, Bakterien a Pilzer eran a schwächt d'Beievollek. D'Déiere stierwen um Enn drun. An Indien, wou d'Milb hierkënnt, kënne sech d'Beie wieren. Si bäissen dësen onerwënschte Gäscht einfach d'Glidder of. Op anere Plazen op der Welt si Beien dem Parasit allerdéngs hëlleflos ausgeliwwert. D'Hallschent vun all de Beievëlker a Süddäitschland si Schätzungen no am Wanter 2002-2003 Affer vun der Milb ginn.

Dat kënne Beienziichter an Uebstbaueren net einfach astiechen. Mat synthetesche Mëttelen hu si der Varroa-Milb de Kampf ugesot. Mee dës gëtt ëmmer méi immun dogéint. An hei kënnt d'Oxalsaier an d'Spill. Schonns an der Sowjetunioun hu Beienziichter – aus der Nout eraus – mat der natierlecher Saier experimentéiert. Si hëlleft géint d'Parasitten, wann d'Beievollek mat Drëpsen oder Spray oder de Beiestack mat Damp traitéiert gëtt.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR