SKIN & FNR

Video vum Ziel mir keng!

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Den Dr. Robert Reuter ass Assistenz-Professer op der Uni Lëtzebuerg. A senger Fuerschung an a senger Léier interesséiert hien sech fir de strategeschen Asaz vun digitale Medien an Technologien bei Léiertätegkeeten, a fir sozio-kulturell Verännerunge vum Léieren, déi duerch d'digital Revolutioun bewierkt ginn. Zil vu senger Aarbecht ass et, eis Verständnis vun de komplexe Wiesselwierkungen tëscht Technologie, Léieren a Gesellschaft ze verbesseren an eng effektiv a sënnvoll Notzung vun digitale Medien an Technologien am Enseignement ze entwéckelen. Méi Informatiounen op der Internetsäit vun der Uni Lëtzebuerg.

 

Vill Eltere maache sech Gedanken an Experten aus dem Kanner- a Jugendberäich warne virun ze vill Bildschiermzäit. An effektiv geet d‘Bildschiermzäit bei Kanner a Jugendlechen erop: 2015 hunn 10% vun de Jugendlechen zu Lëtzebuerg hiren Handy méi wéi 3 Stonne pro Dag benotzt. Am Schouljoer 2021-22 waren et laut BEE SECURE Radar 70 bis 80%  An och bei méi jonke Kanner geet d’Bildschiermzäit erop. Des Zuele gläichen deenen aus anere Länner. Bei der Ëmfro zu Lëtzebuerg gouf allerdéngs nëmmen no Zäit um Handy gefrot. An et gouf och net gefrot, wat um Handy gemaach gouf. Mee ass déi Fro net villäicht vill méi wichteg?

An dëser Ziel mir keng! – Episod hu mir eis d’Studielag zum Thema ugekuckt. A resuméieren, wat d’Wëssenschaft zu den negativen a positiven Effekter vun Ecrane bei Kanner a Jugendleche weess – a wat nach net. An dësem Artikel gi mir e bësse méi Detailer.

Fänke mer mat enger Definitioun un:

Wat ass Bildschiermzäit?

Mat Bildschiermzäit menge mir déi Zäit, déi een op Ecrane kuckt.

Hautzedaags muss een tëscht ënnerschiddleche Forme vu Bildschiermzäit ënnerscheeden. D’Kanner notze jee no Alter verschidde Geräter, zu verschiddenen Zwecker a verschiddenen Zäiten. An der Schoul gëtt um ipad a Computer geschafft, wou natierlech e pedagogesch Zil verfollegt gëtt. Doheem ginn d’Ecranen dann éischter fir rekreativ Zwecker genotzt: interaktiv Spiller um ipad, um Handy oder op der Spillkonsol, d‘Liblingssendung op der Telé oder sech mat Kolleegen iwwer Social Media austauschen.

Et kann een also tëscht pedagogescher a rekreativer Bildschiermzäit ënnerscheeden, an tëscht (inter)aktiver a passiver respektiv receptiver Bildschiermzäit.

Wat elo schiedlech oder nëtzlech ass, dozou komme mer gläich. Mee kucke mer eis fir d’éischt emol un, firwat mir all – net nëmme Kanner a Jugendlecher - dacks vun Ecranen esou gefesselt sinn.

Wat geschitt an eisem Gehier bei Social Media, Spiller oder Serien?

All Kéier, wann een op de soziale Medien e Like kritt, oder eppes Neies gesäit; all Kéier wann een op der Spillkonsol e Level weider kënnt an dofir mat neie Gadget’en oder Luef vu Matspiller belount gëtt, setzt de Kierper ënner anerem de Botestoff Dopamin am Gehier fräi. An dee mécht, dass mir ëmmer méi nom Ecran verlaangen.

Dopamin gëtt iwwregens och beim Konsum vun Droge wéi z.B. Kokain fräigesat. Allerdéngs a vill méi héije Quantitéite wéi virum Ecran.

Dëse biologesche Prozess ass déif an eiser Psyche verankert. De Mënsch wëll ëmmer Neies entdecken. Fréier huet dat him gehollef ze iwwerliewen. Haut notzen Entreprisen dat aus, andeems si hir Produit’en esou konzipéieren, dat mir ëmmer méi dovu wëllen. Wa mir zum Beispill méi Zäit op Social Media verbréngen, kënnen si eis méi Pub weisen. Sou geréit een an eng Fal, an där een ëmmer méi Zäit virum Ecran verbréngt. Souguer, wann een sech dobäi net méi gutt fillt.

Ganz kleng Kanner si mental nach guer net an der Lag, sech selwer ze reguléieren. Well anescht wéi beim Iessen, kréien si virum Ecran kee Gefill vun „Ech si sat“. Jugendlecher, genee wéi Erwuessener, kéinten et theoretesch, mee et fält hinnen dacks schwéier, sech géint déi Methode vun den Entreprisen ze wieren. Wa Kanner digital Medien ze dacks oder ze laang benotzen, kënnen si ausserdeem aner Beschäftegunge wéi Musek oder Spadséiere goen, déi esou en Dopamin-Kick net direkt ausléisen, op eemol langweilen. An am Extremfall gi si süchteg no deem Dopamin-Kick.

Tëschefazit 1: Dopamin dreift eis un, vill Zäit virum Ecran ze verbréngen. An Entreprisen notzen dat aus.

Wat weess d’Wëssenschaft zu den negativen Effekter vum Ecrane bei Kanner?

An Extremfäll, wou d’Kanner süchteg ginn, an hir Ernärung, Schlof, Beweegung a sozial Kontakter vernoléissegen, ass ze vill Bildschiermzäit natierlech schiedlech. Wat méi komplizéiert ze beäntwerten ass: Ab wéini fänken déi negativ Konsequenzen un? Wann een 1, 2, oder 3 Stonnen den Dag kuckt? A wat sinn déi negativ Konsequenzen?

Zur Studielag

Mol ofgesi vun Telé sinn Ecranen e relativ neie Phänomen, an de schnelle Wandel an der digitaler Welt mécht fundéiert Fuerschung schwéier. An anere Wierder: d’Technologie evoluéiert méi séier wéi d’Fuerschung d’Effekter dovun ënnersiche kann. 

Am grousse Ganzen ass d’Studielag zu den negativen Effekter ganz heterogen. Et gi wéineg Laangzäitstudien. An et gi keng randomiséiert Studien, wou zwou änlech Gruppe matenee verglach ginn: eng déi Ecranen notzt, an eng déi keng notzt. Woubäi all aner Parametere gläich verdeelt sinn z.B. Alter-, Geschlecht, Liewensstil, a sozioekonomesche Status vun den Elteren.

Dobäi kënnt nach e methodologesche Problem: Vill Studie ginn duerch Ëmfroen ënnersicht. Well awer vill Kanner (an och Elteren) Ecranen net ëmmer bewosst notzen, sinn hir Aschätzungen net onbedéngt korrekt, oder si wëllen d’Wourecht net zouginn.

Wat gewosst ass: Et ginn Hiweiser aus Studien, datt Bildschiermzäit verschidde gesondheetlech, emotional a sozial Problemer begënschtegt, z. B.:

  • Iwwergewiicht
  • Kuerzsiichtegkeet
  • Schlofstéierungen
  • Entwécklungsproblemer
  • Bindungsproblemer
  • Verhalensstéierungen
  • Mobbing
  • Internetsucht

Bei ganz klenge Kanner ënner 3 gouf en Zesummenhang tëscht TV-Konsum a Retard’en an der Entwécklung vu sozialen an emotionale Kompetenzen, a vun der Sprooch festgestallt.

Kanner an deem Alter brauche vill verschidde Stimulien a musse vill reell Erfarunge mat all hire Sënner maachen, fir datt Nerven sech entwéckelen an net ofstierwen. Zäit virum Ecran ass Zäit, déi fir aner Saache feelt. Laut enger globaler Iwwerblécksstudie gëtt awer nëmme bei 1 vu 4 Kanner ënner 2 Joer d’Recommandatioun vun NULL Bildschiermzäit agehalen. An déi vun 1 Stonn pro Dag nëmme bei 1 vun 3 Kanner tëscht 3 a 5 Joer.

Et ginn och Unzeechen dofir, datt Zäit virum Ecran bei Kanner allgemeng Kuerzsiichtegkeet begënschtegt. Dat selwecht weist sech allerdéngs och, wann ee laang Zäit domadder verbréngt, klassesch Bicher aus Pabeier ze liesen.

Et gi Studien, déi en Zesummenhang tëscht Bildschiermzäit an Depressioune fonnt hunn. Et ginn der allerdéngs och, déi sou en Zesummenhang net fanne konnte.

Wat d’Wëssenschaft nach net genee weess, ass wéi vill Zäit fir wéi eng Alterskategorie schiedlech ass. Et gi kaum Studien, déi dat systematesch ënnersicht hunn.

Et ginn awer Recommandatiounen, déi op Aschätzunge vun Experte baséieren – net nëmme Wëssenschaftler mee och Psychiater a Psychologen, Erzéier oder Kannerdokteren. Zu Lëtzebuerg gëtt et z. B. e Guide vu BEE SECURE.

Infobox

Recommandatioune fir Bildschiermzäit

D’Recommandatioune kënne jee no Land oder Iwwerzeegung e bëssen anescht ausfalen. Si sinn awer ëmmer no Altersgruppe gestaffelt.

  • Sou sollten déi ganz Kleng iwwerhaapt net virum Ecran setzen. Réischt ab dem zweete Liewensjoer gi maximal 10 Minutte pro Dag recommandéiert - zesumme mat engem Erwuessenen.
  • Tëscht véier a sechs Joer wär - sou soe vill Recommandatiounen - eng hallef bis maximal eng Stonn pro Dag nach an der Rei - erëm zesumme mat engem Erwuessenen.
  • Déi méi Grouss, bis 10 Joer, sollten net méi laang wéi annerhallef Stonn pro Dag virum Ecran verbréngen.
  • A fir Teenager wär et vu Virdeel, wann een hinnen e feste Wochepensum fir d'Notze vu Medie festleet.

D’Recommandatioune vum Guide vu BEE SECURE baséieren op der 3-6-9-12 Reegel vum Serge Tisseron, e franséische Psychiater a Psychoanalytiker. Hien huet seng Recommandatiounen 2008 a véier Reegele resuméiert:

  • Bis zum drëtte Liewensjoer sollen all Flimmerkëschten tabu sinn.
  • Bis sechs Joer ass Tele kucken ok, awer nach keng Spillkonsol.
  • Bis 9 Joer sollt den Nowuess net an den Internet
  • a bis zwielef Joer sollt d'Dier zu de sozialen Netzwierker zou bleiwen.

Gutt 10 Joer méi spéit huet hien säin Usaz iwwerschafft. Lo steet déi gemeinsam Interaktioun mam Nowuess am Vierdergrond. Säin Usaz: Et soll een d'Kanner altersgerecht beim Entdecke vun der Ëmwelt a beim Léiere begleeden. Seng Recommandatiounen:

  • Mat deene jéngste léiwer liese wéi Tele kucken.
  • Ab dräi Joer sinn digital Medie fir ze Spillen ok - wann ee mat hinnen zesumme spillt.
  • Bis 9 Joer, sou de Psychoanalytiker, solle seng dräi Grondreegele fir den Internet verënnerlecht ginn:
    • Wat een an d'Netz stellt, kann och vun anere fonnt ginn.
    • Eemol gepost, bleift et éiweg am digitale Gediechtnes.
    • An net alles, wat engem am Internet entgéintspréngt, entsprécht och der Wourecht.
  • Bis zum 12. Liewensjoer kommen dann d'Smartphonen an d'Spill.
  • An ab 12 setzt en op oppe Kommunikatioun mam Nowuess. Da sollten och Theme wéi Pornosäiten, illegal Downloads oder Cybermobbing beschwat ginn.

An Däitschland koum viru kuerzem eng nei Richtlinn eraus, déi vill méi streng Recommandatioune mécht. De Problem mat all deene Recommandatiounen, ass datt se net op wëssenschaftlecher Evidenz baséieren. Virun allem am Verglach mat sozialen, psychologeschen oder ekonomeschen Challenge vu verschiddene Famillen. Si baséiere meeschtens op Aschätzunge vun Experten (Wëssenschaftler, Dokteren, Educateuren, Psychologen,…), déi awer wéint Mangel u wëssenschaftlecher Evidenz och valabel sinn. D’Recommandatioune sinn awer och deelweis schwéier an déi ënnerschiddlech Routinne vu Famillen z’integréiere. 

Tëschefazit 2: Et ginn Hiweiser, datt Bildschiermzäit negativ Effekter huet. Ab wéini déi antrieden, ass awer nach net genee gewosst.

Mir brauchen och dringend Fuerschung, déi tëscht receptiven an interaktiven Ecranen ënnerscheet, an der Aart a Weise wéi Ecranen benotzt ginn: An der Schoul oder an der Fräizäit; fir sech wieder ze bilden oder well et engem langweileg ass; eleng oder a Begleedung. An do komme mer zum wichtegste Punkt:

Et geet net nëmmen drëms wéi laang d’Kanner virum Ecran sëtzen, mee virun allem wat se kucken, a wéi se se benotzen. Erwuessener sollte Kanner dofir sou vill wéi méiglech a sou laang wéi néideg dobäi begleeden.

Sou gesinn dat och eng Rei Experten, ënner anerem d’Sonia Livingstone an d’Alicia Blum-Ross. Déi zwou Wëssenschaftlerinne vun der London School of Economics beschäftegen sech intensiv mam Thema. Hire Motto „Restricting children breeds resistance. Guiding them breeds judgement.”

Si plaidéieren dofir, datt een Elteren ënnerstëtze soll, fir datt si jugéiere kënnen, wat hir Kanner um Ecran kucken a sech Gedanken driwwer maachen, wéi hir Kanner mam Ecran ëmginn a wat si dovunner hunn. Eltere solle kloer Wäerter hunn, op hir Kanner lauschteren a Saachen zesumme mat hinnen um Ecran kucken.

Well mol ganz éierlech: Digital Medie wäerte wuel aus eisem Liewen net méi verschwannen. A si ze notze ka jo och eng ganz Rëtsch Virdeeler bréngen. Nach ni war an der Geschicht vun der Mënschheet den Zougrëff ob sou vill Wëssen esou einfach. An et gëtt vill qualitativ héichwäertegen a pedagogesch wäertvolle Contenu op der Tele an am Internet.

Wann een de Kanner da weist, wéi deen ze fannen an ze erkennen ass, dann ass dat fir ze Léieren eng ideal Viraussetzung. An da kënnen Ecranen och positiv Effekter hunn. Dat weisen och Studien.

D'Présentatricen vun dësem Ziel mir keng!: Michèle Weber (lénks) a Lucie Zeches (riets).

Schlussfazit

Datt digital Geräter de Kanner hiert Liewe beaflossen, dorunner zweiwelt wuel kaum een. Mee wéi genee digitaalt Wëssen, Onlinekontakter oder Spiller sech op d'Entwécklung auswierken, gëtt aktuell nach erfuerscht. Méi Detailer zum Thema fannt Dir an eisem Artikel op science.lu.

Déi Saach mam Dopamin-Kick sollt een op alle Fall am Hannerkapp behalen. Den Dopamin-Spigel geet iwwregens och séier erëm erof, wann den Ecran bis fort ass. A fort heescht am beschten aus dem Bléckfeld.

Elteren an aner Erwuessener hunn et an der Hand, Kanner am Ëmgang mat de klengen a groussen Ecranen auszebilden. Net zulescht, andeems si e gutt Virbild sinn, an hiert Liewe mat anere Saache beräicheren, wéi Ecranen.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Lektorat: Jean-Paul Bertemes, Lucie Zeches, Joseph Rodesch (FNR)
Peer-Review: Dr. Robert (Bob) Reuter (University of Luxembourg)
Video: SKIN & FNR
Illustratiounen: Headroom

Infobox

Quellen

Statistiken

Recommandatiounen

Fréi Kandheet

Allgemeng

Jugendlecher

Dopamin

https://www.npr.org/sections/health-shots/2023/06/12/1180867083/tips-to-outsmart-dopamine-unhook-kids-from-screens-sweets

Auch in dieser Rubrik

aurora borealis
Aurora borealis Wie entstehen Polarlichter?

Am Wochenende waren in Luxemburg farbige Polarlichter am Nachthimmel zu sehen. Wir erklären in diesem Artikel, wie es dazu kam, und wie die Farben entstehen.

FNR
Science Check Polarisierte Gesellschaft – ein Grund zur Sorge?

Die Polarisierung der Gesellschaft scheint zuzunehmen. Entspricht dies der Wirklichkeit? Sind abweichende Meinungen eibesorgniserregend, oder im Gegenteil ein wesentlicher Bestandteil der Demokratie?

FNR
Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR