FNR, SKIN

Update: Dësen Artikel gouf den 28. Juni 2022 aktualiséiert: An der ursprünglecher Versioun, wéi och am Video, wor respektiv ass riets vu 24% manner Insekte weltwäit iwwert en Zaitraum vun 30 Joer. Et handelt sech hei awer just em Landinsekten, an déi korrekt Zuel ass e Réckgang vun 28%. D'Séisswaasserinsekte si par conter iwwert dee selwechten Zaitraum em 27% geklommen. Des Zuelen a Präzisioune goufen am Artikel hei ënnendrënner aktualiséiert, awer net am Video.

Et gouf an de leschte Joren ëmmer erëm Noriichten iwwert Insektestierwen. An et ginn och Leit déi behaapten, datt si ëmmer manner Insekten op hirer Autosfënster pechen hunn.  

Ma ginn et weltwäit wierklech ëmmer manner Insekten? A wat kéinten negativ Effekter vum Insektestierwe sinn? Mir hunn eis ugekuckt, wat d’Fuerschung dozou weess. Dofir hu mir eis lauter wëssenschaftlech Studien an Daten ugekuckt a faassen den aktuelle Kenntnisstand an dëser véierter Episode vum “Ziel mer keng!” zesummen. Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Dir wëllt méi déif an des Thema eraklammen? Da fënns Du méi Detailer an eisem detailléierte science-Check Artikel:

Ass d'Insektestierwe reell?

Fir den Insektebestand ze moossen hu Fuerscher keng Mécke vun Autosfënsteren erofgekraazt, mee si Falen opgestallt oder si mat groussen Netzer iwwer Wisen a Felder gezunn  fir Insekten ze fänken an des dann ze weien oder ze zielen, an och Aarten ze bestëmmen. An dat iwwer Joerzéngten ëmmer erëm. 

Ma wat ass d'Resultat vun dëse Laangzäitstudien?

2017 krut eng däitsch Studie vill medial Opmierksamkeet: Fuerscher haten iwwer 27 Joer e Réckgang vun iwwer 75% bei de Fluchinsekten an Däitschland gemooss.  

Um globalen Niveau ass d’Situatioun net ganz sou dramatesch: an der Moyenne hu Fuerscher um Land iwwer 30 Joer 28 % manner Insekten gemooss. Dat ass d'Resultat vun enger Modellrechnung aus enger grousser Iwwerblécksstudie aus dem Joer 2020. 

Fuerscher schätzen, datt d’Unzuel un Insekten insgesamt all Joer em 1 bis 2 Prozentpunkten erofgeet. Wann deen Trend bestoe bléif, hätte mer 2045 op mannst e Véierel manner Insekte wéi nach 2020. 

Dat wier e grousse Verloscht!

Fuerscher hu sech och d’Aartenvielfalt ugekuckt, a stellen och hei e Réckgang fest. Jee no Studie oder Regioun ginn aktuell tëscht 10 an 30% vun den Insektenaarte staark zréck oder si souguer vum Ausstierwe bedroht.  

Ass dat aussergewéinlech vill? Jo, dovu kann een ausgoen. Bei den Insekten stierwen zur Zäit 5 mol méi Aarten aus wéi bei de Mamendéieren. Et schwätzt een hei vun der “rate of extinction”. A bei de Mamendéiere wësse mer, dass aktuell 100 mol méi Aarten ausstierwen, wéi zu Zäite virun der Mënschheet. Dat ass also en aussergewéinlech rapide Réckgang...

Tëschefazit 1: D'Insektestierwe ass reell: et gi weltwäit  ëmmer manner Insekten an Insektenaarten. 

Mee et muss een nuancéieren: d'Insektestierwe betrëfft scheinbar net all Regioun, Liewensraum oder Aart gläich staark.

Am schlëmmste schéngt d'Situatioun an Europa an Nordamerika ze sinn. Mee vun hei gëtt et awer och déi meeschte Studien, wougéint et aus anerer Regioune vun der Welt kaum Date gëtt. Dat wëllt net onbedéngt heeschen, datt do wierklech manner Insekte stierwen. Mir wëssen et do just net sou genee.

 

Et ginn och Variatioune jee no Liewensraum: also z.B. ob een um Land oder am Waasser kuckt. Fuerscher hu berechent datt d’Gesamtzuel vun Insekten um Land an der Moyenne pro Joerzéngt em ongeféier 10 Prozent zréck gaange sinn, wougéint se am Séisswaasser an der Moyenne em 12% pro Joerzéngt geklomme sinn. Iwwert en Zaitraum vun 30 Joer wieren dat e Minus vun 28% bei de Landinsekten an e plus vu 27% bei de Séisswaasserinsekten.

Et geet och net all Insektegrupp an -aart d’selwecht staark zréck. Am schlëmmste betraff schéngen d’Päiperleken, Kiewerleken, Libellen a wëll Beien.  

Et ginn awer och Aarten, déi an de leschte Joren zougeholl hunn. An eiser Regioun ass z.B. de Wisenheesprénger elo op bal all Wiss ze fannen. Dat ass e sougenannte Generalist, deen net op ee Liewensraum spezialiséiert ass an dobäi nach ganz mobil ass. Et ginn Daten déi weisen datt virun allem sou Aarten sech ausbreeden, wougéint Spezialisten éischter zréck ginn. 

Dat féiert dozou, datt ee mëttlerweil op ville Plaze ganz änlech Aartegemeinschafte fënnt. Fréier war d’Diversitéit méi grouss.   

Tëschefazit 2: D'Insektestierwen ass je no Aart, Liewensraum a Regioun verschidde staark 

Wier et iwwerhaapt schlëmm, wann et manner Insekte géif ginn?

Mir géife mol sécher manner gepickt ginn. 

Insekten erfëllen ob alle Fall wichteg Funktiounen an eisen Ekosystemer.  

9 vun 10 Planzenaarte gi vun Insekte bestëbst – net nëmme vu Beien, mee och z.B. vu Mécken an Harespelen. A vill vun dëse Planze liwweren eis Liewensmëttel, wéi z.B. Uebst. Bestëbserinsekte sinn indirekt fir 35 % vun der Liewensmëttelproduktioun weltwäit zoustänneg.

Mee Insekten droen och dozou bäi, datt de Buedem fruchtbar ass. 

A si sinn Deel vun Ernährungsnetzer. Mécke sinn z.B. eng wichteg Nahrungsquell fir Vigel oder Flantermais, a Méckelarve fir vill Fësch oder Amphibien. 

An iwwregens: och sougenannt coprophag Insektenaarte stierwen aus, déi Exkrementer zersetzen. Mir mussen also domadder rechnen, datt an Zukunft Muppekakka oder Koufläpp méi laang leie bleiwen. 

Tëschafazit 3: Insektestierwen huet en negativen Impakt op eis Ekosystemer an d'Liewensmëttelproduktioun 

 

Och wann nach gewëss Donnéeë feelen, sinn déi meescht Fuerscher sech eens: A ville Regioune stierwen iwwert déi lescht 40 Joer massiv Insekten an d'Unzuel un Aarten, déi besonnesch bedrot oder schonn ausgestuerwe sinn geet rapid an d'Luut.

D’Noriichte si vläicht net ëmmer nuancéiert, mee d’Insektestierwen ass reell an e Problem, deen eis schlussendlech all betrëfft.  

Fir iwwerliewen ze kënnen, brauchen Insekte Liewensraim a Fudder. Wéi ee sou Konditioune schafe kann, gitt der an eisem laange science-Check Artikel op science.lu gewuer. An nach vill aner Hannergrondinformatiounen zu dësem Thema.  

Auteuren: Michèle Weber, Jean-Paul Bertemes (FNR)
Editeuren: Joseph Rodesch (FNR), Ingo Knopf
Peer-Review: Prof. Axel Hochkirch, Universität Trier
science-Check: Daniel Saraga (saraga communications)
Video: FNR & SKIN

Auch in dieser Rubrik

Science Check Was sind die Vor- und Nachteile der Sommerzeit?

Zweimal im Jahr die Zeit umzustellen, soll (anscheinend?) Energie sparen, aber negative Auswirkungen auf die Gesundheit haben. Was die Wissenschaft dazu sagt.

FNR
Künstliche Intelligenz Der EU AI Act: Motor oder Bremse für Forschung und Innovation?

Das erste Gesetz weltweit zur Regulierung Künstlicher Intelligenz ist gestimmt: der EU AI Act der Europäischen Union. Drei wissenschaftliche Experten erläutern, was sie von dem Regelwerk halten.

29. Februar
Kalendergeschichten Wie ist eigentlich unser Kalender entstanden?

Den 29. Februar gibt es nur alle vier Jahre – in den Schaltjahren. Doch warum ist das so und wie sind unsere Vorfahren draufgekommen?

FNR