FNR

Den “Hot Chocolate” – oder “Cappuccino”- Effekt.

Den “hot-chocolate” – oder nach de “Cappuccino”- Effekt gouf viru knapp 40 Joer vum Physiker Frank Crawford ënnersicht an ass ee Phenomeen deen ee relativ einfach doheem ënnersiche kann. Maacht iech e Schocki oder Cappuccino (mat Mëllechschaum oder matt Instant-Pudder) an enger relativ déiwer Taass, an tuppt dann mam Läffel e puer mol op de Buedem. Réiert duerno a widderhuelt dann d’Tuppen. 

Den Toun deen de Läffel produzéiert geet duerch déi opgescheimte Flëssegkeet (hei Instant-Cappuccino), an gëtt bei all Schlag méi hell, well no a no manner Loft an der Flëssegkeet gebonnen ass. Wann ee réiert, mëscht een nees Loft an d’Flëssegkeet an dann klengt d’Taass rëm déif.  

Dëst huet awer näischt mam Niveau vun der Flëssegkeet ze dinn, deen sech just ganz liicht ännert. Dës Toun-Ännerung huet mat der Vitesse vum Schall ze dinn: Wat méi Loft an der Flëssegkeet ass, wat d‘Vitesse vum Schall méi lues ass. Entscheedend fir den Toun ass d‘“Kompressibilitéit“, also wéi vill een eng Flëssegkeet zesummendrecke kann. Rengt Waasser kann een quasi net kompriméieren hei ass den Toun hell well d’Vitesse vum Schall héisch ass. E Waasser-Loft-Gemësch (wéi Mëllechschaum) par conter  léist sech liicht kompriméieren dohier ass d’Vitesse vum Schall méi lues an den Toun méi déif.  

Maacht d’Experiment selwer no a probéiert mat verschiddene Flëssegkeeten. Et klappt anscheinend och wann ee Salz a kale Béier réiert – mee dat wollte mer net probéieren. 😉 

Auteur: Joseph Rodesch (FNR) 

Infobox

Source

Frank Crawford: The hot chocolate effect. In: American Journal of Physics. Band 50, Nr. 5, Mai 1982, S. 398–404, doi:10.1119/1.13080

Auch in dieser Rubrik

Äiskal Wéi kritt ee Seefeblosen un d’fréieren ?

Wann et gutt kal dobaussen ass, kann ee wonnerbar Seefeblosen-Äiskristaller maachen.

FNR
Schnee-Experiment
Wanter-Experiment Wéi kann een doheem Schnéi selwer maachen?

Schnéi ass gefruere Waasser. Mee wann ee Waasser an den Tifküler setzt kritt ee just Äis. Schnéi, dat si Kristallen, déi aus gefuerenem Kondenswasser entstinn. A wéi een déi mécht gesitt der hei.

FNR
Chrëschtdags-Experiment 2020 Spier wéi en Toun entsteet – mat enger Schallimoflütt

Wat ass en Toun? Mat dëser Flütt kanns de héich a déif Téin spillen – an un denge Lëpse fillen, wéi se entstinn.

FNR