Et huet villaicht eppes mat Blosen an de Gelenker ze dinn.

Mir lafen d’Schudderen de Réck erof wann ech Leit héiere mat hire Fanger knacken! Wat geschitt do eigentlech genee?

Doriwwer zerbriechen d’Leit sech scho säit laangem de Kapp. An der Tëschenzäit ginn et awer Röntgebiller, op deenen een d’Etappe vum Fanger-Knacke schéi gesäit. Fir d’éischt gëtt den Ofstand tëscht de Schanke méi grouss, an dann entsti kleng Blosen an der Gelenkflëssegkeet, déi deng Schanke matenee verbënnt.

A wisou tauchen da Blosen op wann een e Gelenk auserneen zitt?

Ma wann den Ofstand tëscht den zwou Schanke méi grouss gëtt, dann entsteet en Ënnerdrock an der Gelenkflëssegkeet. Verschidde Gasen, déi virdrun an där Flëssegkeet opgeléist waren, fänken u kleng Blosen ze bilden. Doduerch kann den Ofstand tëscht de Schanken em 15-20% vergréissert ginn.

A wisou knackt dat dann esou eekeleg?

Doriwwer gëtt ëmmer nach diskutéiert! Mee eng Hypothese ass dass de Kaméidi vun der Bildung vun de Gasblose kennt.

Wéi kann dat da Kaméidi man?

Ma dat ass d’selwecht wéi wann’s de e Saugnapf vun der Mauer zitts! Soubal‘s de zitts, bilt sech en Ënnerdrock. Dee gëtt esou staark, dass iergendwann Loft vu baussen erakënnt fir den Drock auszegläichen. An dat „poppt“ jo och zimlech haart!

Ass dat dann net schiedlech fir d’Gelenker? Déi si jo eigentlech net dofir gemaach!

Et ginn net ganz vill Studien doriwwer. An awer schéngen d’Fuerscher, d’Dokteren an d’Osteopathen sech eens ze sinn: Gelenk-Knacken verursaacht kee Rheuma oder sou. Mee et ginn net genuch Studie fir negativ Effekter op d’Muskelen oder d’Sehnen auszeschléissen.

Sécherheetshalber soll een et also léiwer net iwwerdreiwe mam Fanger-Knacken.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Knacken a Knacken

Et gi verschidden Zorte vu Knacken:

  • Provozéiert Knacken kennt meeschtens duerch d’Bildung vu klenge Gasblosen an der Gelenkflëssegkeet.
  • Bei enger falscher Beweegung kann d’Knacke verschidden Ursaachen hunn. Wann d’Gelenk während der Beweegung ausernee gezu ginn ass, da kennt d’Knacken duerch d’Bildung vu Gasblosen an der Gelenkflëssegkeet. Et kann awer och sinn dass eng Sehn liicht aus hirem Kanal gerutscht ass. Dobäi kann och e Knacken entstoen.
Laangzäit Studien

Well Gelenk-Knacken keng Krankheet ass, ginn et net allzevill medezinesch Studien doriwwer.

Eng nennenswäert Studie vun 1990 huet awer gewisen, dass Gelenk-Knacken zwar kee Rheumatismus ervir rifft, mee awer kann zu Schwellungen a Muskelschwächt rondrëm dem Gelenk féieren. Aner Studie kennen des Resultater awer net bestätegen, a weisen esou guer méi eng grouss Beweeglechkeet vu Gelenker, mat deene regelméisseg geknackt gëtt.

Fir senger Mamm ze beweisen dass Fanger-Knacken onschiedlech ass, huet den Donald Unger während 50 Joer mat de Fanger vun senger lénkser Hand geknackt, an net mat deenen aner. Dëst Experiment, wat iwweregens zu kenge Gelenkkrankheete gefouert huet, ass mam Alternativen Nobelpräis belount ginn.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

D’Geheimnis rondrëm Gelenk-Knacken ass also nach net ganz geléist! Niewent „prakteschen“ Experimenter wéi dem Donald Unger sengem, schaffen awer och Fuerscher un aner Approchen.

Dem David Kingsley seng Equipe vun der Stanford University interesséiert sech zum Beispill fir d’Genetik déi sech hannert der Bildung vu Schanken a Gelenker verstoppt, a sicht no Weeër wéi een doduerch den Heelungsprozess vu Schanken  - a Gelenkkrankheete kann ukuerbelen. Vläicht hëlleft des Aarbecht eis enges Daags, d’Ursaach an de Verlaf vu Gelenkkrankheete besser ze verstoen, an erauszefannen op „mechanesche Stress“ wéi Fanger-Knacken eppes kann dozou bäidroen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Och wa Fanger-Knacken keng Gelenkkrankheeten ervir rifft, sinn eis Knachen a Gelenker trotzdem eng kriddleg Saach! Krankheete wéi Arthrose an Osteoporose sinn zëmools bei eelere Leit immens heefeg!

Des Krankheeten, awer och Accidenter, kennen dozou féieren, dass Prothese mussen agesat ginn. Dofir schafft den Departement „Advanced Materials and Structures“ am CRP-Henri Tudor un der Entwéckelung vu Biomaterialien déi kennen zu Prothese verschafft ginn. Eng Equipe vu 6 Fuerscher aus der Chimie, Physik a Mechanik stelle sech dofir der Erausfuerderung, e Material ze entwéckelen, dat vum Kierper gutt ugeholl gëtt, eng laang Liewensdauer huet an dem Patient eng héich Liewensqualitéit erméiglecht.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR