Diät

Pixabay (Bruno Glätsch)

Gëtt et ee Wonner-Regime?

Iesse wéi de Steenzäitmënsch oder speziell zesummegemixte Polver iessen? D'Offer u Regimmer ass risegrouss, awer wéi een ass wëssenschaftlech getest a funktionéiert? 

De beschte Regime ass deen, deen ee laangfristeg duerchhält an deen net zu Mangelerscheinunge féiert.

Dat kléngt elo net sou immens....

Dat ass awer tatsächlech d'Resultat vu villen Etüden. Et gëtt tatsächlech kee Wonner-Regime. Egal wéi ee Regime d'Wëssenschaftler ënnersicht hunn: zum Schluss war ëmmer de gréisste Problem, dass d'Participanten net duerchgehalen hunn an no Ofschloss vum Regime erëm zougeholl hunn.

Et gouf zwar vill Regimmer, mat deenen ee séier e puer Kilo ofhuele kann. Awer déi sinn allerhéchstens fir den Ufank sënnvoll, fir datt een direkt en Erfollegerliefnis huet. Wann een awer op Dauer manner op d'Wo brénge well muss ee säi ganze Liewensstil ëmstellen.

Wat heescht dat konkret? 

Op där enger Säit méi bewosst iessen, also net ze vill an equilibréiert. Well schlussendlech ass et eng Fro vum Energiebilan: et däerf een net méi Energie mam Iessen zou sech huelen, wéi ee verbraucht. Wann een dat well hikréien, muss ee säi ganzt Verhalen ëmstellen an dat ass net einfach. Dobäi kënnen awer zum Beispill Dieteticiennen hëllefen oder mëttlerweil och Appen. Hei geet et zum Beispill drëms, genuch Beweegung an den Alldag z'integréieren. Dat kënne kleng Saachen si wéi Rolltrapen a Lifter evitéieren, oder méi grouss Efforte wéi mam Vëlo amplaz mam Auto op d'Aarbecht fueren. Da soll ee Waasser amplaz séiss Jus'en drénken a léieren, sech genuch Zäit fir z'Iessen ze huelen. An et soll een sech natierlech net eng zweete Kéier den Teller fëllen. Et gi vill kleng Schrëtt, déi zesumme wierken. Am Ufank gëtt een zum Beispill vun enger App mat Kontroll a Luef bei der Staang gehal, bis déi nei Gewunnechte selbstverständlech gi sinn. Fuerscher konnte weisen, datt een sou op Dauer 5 bis 10 Prozent vu sengem Gewiicht reduzéieren an dat virun allem och hale kann.

De Jojo-Effekt

Wann ee mat engem drastesche Regime manner Energie iwwert d'Iessen zou sech hëlt, stellt sech de Kierper dorop an: e reduzéiert seng Demande un Energie a baut eventuell souguer Muskelen of. Well déi brauchen och am Rouzoustand Energie. Wann een dann no enger gewësser Zäit de Regime net méi duerchhält, well se ze monoton ass oder een an seng al Iessgewunnechten zréckfält, liwwert een dem Kierper erëm déi ursprénglech Quantitéit un Energie. Well deen awer wärend dem Regime seng Demande erofgeschrauft hat, setzt een elo besonnesch séier Fett un. Dann erféiert een, well een immens séier erëm bäigeholl huet, an et reagéiert ee mat dem nächste Regime. Sou kann ee mat der Zäit souguer méi déck ginn, wéi wann ee guer net mat engem Regime ugefaangen hätt..

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzer an Editeur: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR