FNR

Video vum Experiment.

Material

  • 330 ml Gedrénksbéchs
  • Optional: Miessbecher, Waasser

Duerchféierung

Schëtt ongeféier 100 ml an eng eidel Gedrénksbéchs (oder probéier dëst Experiment nodeems de ongeféier zwee Drëttel vun der 330 ml Béchs eidel gedronk hues). Stell d’Béchs an engem Wénkel op seng ënnescht Kant a probéier se esou ze balancéieren. Looss d’Béchs lass – wann d’Experiment klappt bleift se stoen! Du kanns duerno souguer probéieren, se am Krees dréien ze loossen. Gëff hir e klenge Stups an si dréit eng Pirouette wéi eng Ballerina 😊.

Prinzip

Bei dësem Experiment geet et ëm de Schwéierpunkt vun engem Objet. Wann d’Béchs komplett voll oder komplett eidel ass, läit hire Schwéierpunkt zimmlech genee an der Mëtt vun der Béchs. A si bleift och nëmme riicht stoe soulaang dee Schwéierpunkt direkt iwwert de Kontaktpunkte läit. Dat kanns Du um eegene Kierper ausprobéieren: Stell Dech fir d’éischt riicht dohin a lee dech dann no vir. Wann s de dech ze wäit no vir lees, fäls de och no vir. Well däi Schwéierpunkt net méi direkt iwwert Denge Féiss ass. Eng voll oder eidel Béchs fält dofir ëm, wann een se probéiert esou opzestelle wéi an eisem Experiment.

Wann d‘Béchs awer elo just zu engem Drëttel gefëllt ass wéi an eisem Experiment, läit de kombinéierte Schwéierpunkt vun der Béchs an der Flëssegkeet ganz wäit ënnen an der Béchs, direkt iwwert de Kontaktpunkten tëscht der Béchs an dem Dësch. Dofir ass et méiglech, d’Béchs an engem Wénkel ze balancéieren.

Well d’Flëssegkeet an der Béchs sech beweege kann, bleift den Niveau vun der Flëssegkeet och deselwechten, wann d’Béchs sech am Krees dréint. De Schwéierpunkt bleift also bei der Pirouette op méi oder wéineger därselwechter Plaz an d’Béchs bleift am Gläichgewiicht.

Tipps

D’Béchs bleift an der Balance wann déi zwou Kante vum ënneschte Buedem vun der Béchs den Dësch beréieren. Wann et net direkt klappt, schëtt e bëssen eppes aus oder dobäi a probéier nach eng Kéier.

Kanns du d’Béchs mat den 100 ml och nach balancéieren, wann s du se iwwer Nuecht riicht an de Freezer gestallt hues?

A wéi vill Flëssegkeet brauchs de bei enger 500 ml Béchs, fir se ze balancéieren?

Vill Spaass beim Ausprobéieren 😊

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Melanie Reuter (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR