FNR

Video vum Experiment

Infobox

Material
  • Pabeier
  • Evtl Muster fir Paper-Circuits-Chrëschtdagskaarten (fënns de hei)
  • Eng flaach 3V-Batterie (CR2032)
  • Eng kleng LED (kritt en am Internet ze kafen)
  • Leitfäeg Tënt oder Faarf (kritt een am Internet ze kafen)
  • Pech (Pritt-Stëft z.B.)
  • Tesa-Film
Dauer

10-30 min

Schwieregkeet

mëttel

Duerchféierung

Dréck däi Paper-Circuits-Muster fir eng Chrëschtdagskaart eraus oder design däin eegenen! D‘Paper-Circuits-Musteren, déi mir benotzt hu, si fir Chrëschtdagskaarte mat leitfäegem Koffer-Tape geduecht, mee déi kann een awer genee sou gutt als Virlag fir Kaarte mat leitfäeger Tënt oder Faarf benotzen. Dréck d‘Muster op zwee Blieder Pabeier eraus a pech déi zwee Blieder zesummen (oder dréck duebelsaiteg aus). Zeechen dann de Circuit, dee fir de Koffer-Tape virgesinn ass mat dengem Stëft mat leitfäeger Tënt oder Faarf no. Du kanns de Circuit natierlech och mat leitfäegem Koffer-Tape pechen. Dee kritt een och um Internet ze kafen 😉. Waart bis d’Tënt oder Faarf gedréchent ass an da befesteg deng LED mat dem laangen (+) a kuerze (-) Been an engem Stéck Tesa-Film op der Platz um Pabeier fest, wou d’LED virgesinn ass (roude Punkt op dem Muster). Pech och deng 3V-Batterie op der Platz um Pabeier fest, déi virgesinn ass, mat der Minus-Säit no ënnen. Pech se awer nëmmen um Bord fest, an der Mëtt muss d’Batterie fräi bleiwen. Fal elo deng Kaart an dréck fest op der viischter Säit op „Press“ (dem Kleeschen säi lénke Fouss). Wann däi Stroumkreess zou ass, misst deng LED elo liichten.

Prinzip

Leitfäeg Tënt oder Faarf enthalen entweder Graphit (wat och a Blaistëftsminnen ass) oder aner Metaller (z.B. Sëlwer), also Materialer, déi Stroum leeden. Dat heescht: Elektronen (ganz kleng gelueden Deelercher) beweegen sech duerch d’Material.

An dëser Chrëschtdagskaart zeechens Du mat denger leitfäeger Tënt/Faarf en einfache Stroumkreess op Pabeier. Dee Stroumkreess ass op wann d’Kaart op ass, a geschloss ass wann d’Kaart zougefalt gëtt. Déi leitfäeg Tënt beréiert dann d’Batterie an de Stroum ka vun der Batterie duerch d’leitfäeg Tënt iwwert de Pabeier an d’LED fléissen.

Alldag

Op verschiddene Plazen ginn et Metros- oder Zuchticketen aus Pabeier, op déi Abonnementer mat leitfäeger Tënt gedréckt goufen. Sou kann een da mat deem Ticket duerch d’Kontroll goen an et gëtt en elektronesch Signal erkannt.

Mee et ass den Ament onwarscheinlech datt esou leitfäeg Tënt vill Uwendung fënnt, well si de Stroum leider net esou gutt leed wéi fest Metaller. Doduerch ass se och manner effikass an et entsteet méi Wäermt.

Geforen

Dëst Experiment ass net geféierlech well hei ganz kleng Spannungen am Spill sinn. Kleng Kanner sollten dëst awer zesumme mat engem Erwuessene maachen.

Tipps

Deng LED liicht net? Kuck, ob s de fest genuch op "Press" gedréckt hues, ob d’Minus- a Pluspoler vun denger LED an denger Batterie de richtege Wee gedréit sinn an ob se gutt um Pabeier festgepecht sinn. Eventuell muss du och eng bësse méi breet Linn molen.

Wann s de de Prinzip bis verstanen hues kanns de och kreativ ginn an deng eegen Chrëschtdagskaarten designen. A wann s de nach Inspiratioun brauchs, fënns de hei e puer Iddien.

An hei nach en anert Experiment fir dats de och eng LED an eng Batterie brauchs:

 

Text & Video: Michèle Weber (FNR)
Musék: Have yourself a merry little Christmas interpreted by Rook1e