Moast, FNR

Eppes iwwer 800 Visiteuren koumen den 1. Mee an d'Rockhal fir de "Science meets Music" Event - de Launch Event vum Esch2022 Projet "The Sound of Data". Den Event wor opgedeelt an engersäits eng "Science and Music Fair" am Foyer vun der Rockhal, bëssi wéi de Science Festival, mat interaktive Workshops déi Musék a Wëssenschaft kombinéiert hunn. An anerersäits eng Konferenz mat Panel Discussion, Keynote Talk a Lecture Performances am Club vun der Rockhal.

Am Foyer konnt een z.B. aus selwer gemoolten Zeechnunge Musék man, oder aus Date Musék man, oder Vibratiounen vu Musék mat Hëllef vu Sand oder Waasser visualiséieren. De Mr Science huet ausserdeem mat séngem Bass gespillt an dobäi Musék mat Blëtzer iwwer eng Tesla-Spull gemaach. Grouss a Kleng konnte bei desen interaktive Workshops matmaachen.

Am Club wor en Highlight e futuristesche Keynote Talk vum Cyborg Neil Harbisson, dee vu Gebuert aus keng Faarwen ka gesinn, a sech dowéint eng Antenn a säi Kapp huet implantéiere gelooss, mat Hëllef vun där hien Faarwen héiere kann. Also eng praktesch Applikatioun vun "data sonification". E weideren Highlight wor d'Lecture Performance vum Wëssenschaftler a Muséker Valery Vermeulen, deen erkläert huet, wéi hien aus Date Musék mécht. Ausserdeem gouf et och eng Panel Discussion zum Thema "Data Sonification" an eng Presentatioun vun Ableton (ënnert Muséker wuelbekannt), a wéifern Sounds vun hirer Software un der Natur inspiréiert sinn. 

De Kevin Muhlen a Matthieu Lebrun hu schliesslech nach an enger spezieller Performance Musék mat Hëllef vu Sand, Waasser a Blëtzer visualiséiert. 

De "Sound of data" Projet ass e kollaborative Projet tëscht der Uni Lëtzebuerg, dem LIST, der Rockhal an dem FNR. science.lu begleed de ganze Projet.

Hei gesidd der puer Fotoe vum Event:

Merci all de Visiteuren déi komm sinn, a vrun all de Wëssenschaftler a Muséker, déi sech op dest Experiment agelooss hunn! :)

Auch in dieser Rubrik

Event-Vorschau Veranstaltungen in Luxemburg rund um die Wissenschaft - Februar 2026

Was ist in diesem Monat los? Hier unsere Highlights aus dem science.lu-Veranstaltungskalender.

Take Off Challenge zum Nachmachen Challenge: Kannst du ein Weinglas mit deiner Stimme zerbersten?

Ein Mythos oder geht das wirklich? Mit der richtigen Resonanzfrequenz und einer starken Stimme kann es klappen! Präzision, Akustik und Physik vereint in einer spektakulären Challenge.

FNR, ALF
In eigener Sache Wir suchen Verstärkung für unser science.lu-Team!

Du hast Lust, Wissenschaft spannend und verständlich zu vermitteln und Teil unseres science.lu-Teams zu werden? Dann bewirb dich beim FNR als Science Communicator/Social Media Officer!

FNR