Cellulite

shotshop.com

Fortcrèmen léisst sech Cellulite net.

Cellulite ass effektiv ee richtegt Fraenthema – a bei menge Recherche ass eppes kloer rauskomm: Fortcrèmen léisst sech Cellulite net. Déi Dellen entstinn, wann sech Fettzelle fëllen a vun ënne géint d’Haut drécken. Bal all Fra kritt iergendwann Cellulite – souguer déi ganz schlank a supersportlech. Schold dorun ass de weiblecht Ënnerhautfetttissu. Deen ass nämlech vill méi mëll wéi bei de Männer.

Wëlls de soen datt de Fetttissu bei Fraen anescht opgebaut ass?

Jo, méi genee gesot d’Bindegewebe. Dat ass duerchzu vu Kollagenfaseren, déi eis Haut mat der Muskulatur dorënner verbannen. Do tëscht leie Fettzellen. Bei Männer sinn déi Fasere staark a lafen Kräiz a Quier duerch den Tissu. Si bilden ee fest Netz. Bei Fraen verlafen déi meescht Fasere senkrecht vun der Haut bis bei d’Muskelen an et gëtt nëmme wéineg Queeschverstriewungen, déi d’Fettzellen a Schach halen kënnen. A wann déi nach gutt gefëllt sinn, drécken si vun ënne géint d’Haut.

An dat ass bei all Fraen esou?

Jo, dat weiblecht Hormon Östrogen suergt dofir, dass d’Kollagenfasere vu Frae méi schwaach sinn. Sou bleift d’Bindegewebe och an der Schwangerschaft dehnbar a ka séier Fetter a Waasser aleeën.

Also kann een absolut näischt géint dës Dellen maachen?

Nee. Et kann een se just a Schach halen mat denen tippechen Rotschléi: Sport, eng ausgeglachen Ernärung, vill Waasser a Massagen. All dat hëlleft bei der Duerchbluddung, baut Muskelen op an hëlleft beim Fettofbau. Dës Tipps sinn iwwregens net nëmme gutt géint Cellulite ;-)

Cellulite ass keng Cellulitis

Cellulite ass keng Krankheet. Et ass ee kosmetesche Problem. Eng „Cellulitis“ dogéint kléngt zwar ganz ähnlech, ass awer eng eescht Krankheet, déi duerch Bakterië verursaacht gëtt. Dobäi entzünt sech den Tissu ënnert der Haut. D’Haut gesäit rout a geschwollen aus, dacks si Beräicher am Gesiicht oder an de Been betraff. Cellulitis muss mat Antibiotik behandelt ginn

Hormoner hu Schold un den Dellen

Fuerscher hunn erausfonnt, datt d’weiblecht Hormon Estrogen mat verantwortlech dofir ass, dat Frae Cellulite kréien. Östrogen kruebelt nämlech d’Produktioun vun engem Enzym un, dat grad déi verstäerkend Kollagenfaseren ofbaut.

Wéi een dat erausfonnt huet? Verréckterweis wärend enger Studie mat Männer. Si kruten aus medezinesche Grënn Östrogen aginn an eng Niewewierkung war tatsächlech Cellulite.

Näischt hëlleft wierklech

Siichtbar méi straff Haut an 10 Deeg? Vergiess et! Weder Crèmen nach Massagen oder nach sou optimiséierte Fitness – oder Schlankheitsgeräter kënnen an Tester bis elo hier Wierkung géint Cellulite eendeiteg beweisen. Si fuerdere beschtefalls d’Duerchbluddung. Dat ass gutt fir d’Bindegewebe, verklengert awer keng Fettzellen a kann si scho guer net ganz fort maachen. Opgepasst och bei Regimmer oder souguer Fettofsaugunge – d’Cellulite kéint do duerch souguer nach méi staark ginn. Wie wierklech eppes géint seng Cellulite maache wëll, kënnt em eng gesond Ernärung net ronderëm.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR