Du bass un den Naturwëssenschaften interesséiert, bass Schüler am cycle supérieur, wëlls dech an engem Concours mat gleichaltrege moossen an dobäi och nach e Präis gewannen?

Dann informéier dech iwwert d’Lëtzebuerger Biologiesolympiad an/oder d’Lëtzebuerger Physiksolympiad. Op www.olympiades.lu kriss du all Informatiounen.

Lëtzebuerger Biologiesolympiad 2017

D’a.s.b.l. Olympiadesluxembourgeoises des sciencesnaturelles organiséiert déi drëtt Lëtzebuerger Biologiesolympiad. Dëse wëssenschaftleche Concours beschäftegt sech mat de verschiddenen Domänen vun der Biologie a riicht sech virun allem un d’Schüler vun de Klassen 2eC an 1eC.

Déi 4 Gewënner vun der Lëtzebuerger Biologiesolympiad ginn als Vertrieder vun eisem Land am Juli 2017 op d’International Biology Olympiad (IBO) zu Coventry an England geschéckt. All Finalist kritt bei der Präisiwwerreechung e wäertvolle Saachpräis.

Am Video vun der Editioun 2015 kriss du en Abléck, wat dech erwaart. 

Aschreiwunge si bis de 17. Januar 2017 iwwert de Site www.ibolux.lu méiglech.

Mëll dech ELO un, et huet keen eppes ze verléieren.
Eenzege Critère : Et mussen een nom 30ten Juni 1997 gebuer sinn

D’Lëtzebuerger Biologiesolympiad gëtt an 3 Ronnen ausgedroen, d’Froe respektiv d’Aufgabe sinn op franséisch an op Englesch disponibel.

Nei: Lëtzebuerger Physiksolympiad 2017!

D’a.s.b.l. Olympiadesluxembourgeoises des sciencesnaturelles organiséiert 2017 déi éischt Editioun vun der Lëtzebuerger Physiksolympiad. Dëse wëssenschaftleche Concours adresséiert sech primär u Schüler vun 1eBC, 2eBC, 13GE an 12GE.

Déi 5 Gewënner vun der Lëtzebuerger Physiksolympiad wäerte Lëtzebuerg am Juli 2017 bei der International Pyhsics Olympiad (IPhO) 2017 op Bali an Indonesien vertrieden.

Aschreiwunge si bis de 15. Januar 2017 iwwert de Site www.olympiades.lu méiglech.

Mëll dech ELO un, et huet keen eppes ze verléieren.
Eenzege Critère : Et musse een nom 30ten Juni 1996 gebuer sinn.

D’Lëtzebuerger Physiksolympiad gëtt an 3 Ronnen ausgedroen, d’Froe respektiv d’Aufgabe sinn op franséisch (mat däitsche Fachbegrëffer als Ergänzung) disponibel.

Auteur: Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles asbl
Video (vun der Biologiesolympiad 2015): Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles asbl