Zwiebel und Messer

Lali Masriera (via Wikimedia)

...a wat hëlleft virun allem dergéint!?

Dat ass jo esou eng Merde fir Ënnen ze schneiden! Do kräischen ech wéi wann d’Welt um Ënnergoe wier! Mee wisou eigentlech?

Ma well d’Ënn net well geschnidden a giess ginn! Ass dach logesch! Dat ass eng natierlech Ofwier vun der Ënn, fir sech géint Feinden ze wieren. Eng Wullmaus bäisst nëmmen eemol dran, duerno sicht se sech eng aner Wuerzel raus a léist d’Ënnen a Rou!

Mee eng Ënn huet dach kee Gehir! Wéi weess déi dann dass se ugeknabbert gëtt a sech muss wieren?

Déi brauch kee Gehir, eng Ënn ass esou clever gebaut dass dat vum selwe geet!

Du hues näämlech 2 Substanzen déi matenee reagéieren an e Reizgas bilden. Mee normalerweis ginn déi 2 Substanzen an der Ënn ausernee gehal: an der Zellwand ass eng Aminosaier, Alliin, a bannen an der Zell ass en Enzym, d‘Alliinase. Wann een elo d’Zell futti mécht, da kommen déi zwee mateneen a Kontakt, an d’Alliinase zersetzt den Alliin!  An duerch déi chemesch Reaktioun entsteet e Reizgas!

Wéi fies! A wéi deet deen eis da kräischen?

Ma de Reizgas setzt sech op eise Schleimheit of an irritéiert se. Zum Beispill an den Aan, der Nues oder sou. Dofir sinn d’Aan da gereizt. An als natierlech Ofwier produzéiere mer Tréinen, oder eis Nues leeft, fir de Gas erëm weg ze schwemmen a lass ze ginn!

An do ginn et dach Tonnen sou Tricke fir eis Schleimheit ze schützen, fir dass mer net musse kräischen. Zum Beispill de Krunn lafe loossen oder beim Ënneschneiden e Läffel an de Mond huelen. An de Mister Science erkläert eis an der Infobox wéi eng Tricke funktionéieren, a firwat!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.

Schéck och deng Fro op science.lu.

Tricker fir net ze kräischen

Wann ee bis versteet wéi een seng Schleimhaut ka schützen, da fënnt ee séier selwer eraus wéieng Tricker wäerte funktionéieren, a wéieng just nëmme blöd ausgesinn! D’Geheimnis vun der Saach ass nämlech, dass Reizgas waasserléislech ass! A soubal en sech am Waasser opgeléist huet, kann en eiser Schleimhaut näischt méi doen!

Hei ass also wat funktionéiert
  • Taucherbrëll a Schnorchel: Jo, natierlech! Wann de Reizgas net mat der Schleimhaut a Beréierung kennt, da kann en hier jo och näischt zu leets doen!
  • Enner Waasser schneiden: Vläit e bëssen onpraktesch, funktionéiert awer ëmmer! De Reizgas kennt iwwerhaapt net mat der Loft a Beréierung, mee gëtt direkt  am Waasser opgeléist!
  • Op engem naasse Briet schneiden: Gudde Kompromëss! Bësse manner efficace wéi d’Ënn ënner Waasser ze schneiden, mee et gëtt awer och e gudden Deel vum Gas am Waasser opgeléist!
  • Schaarft Messer: Dat ass wéi ëmmer beim Kache wichteg! Wann een d’Ënn schéi propper a Stécker schneit, da gi manner Zelle futti gerappt wéi wann ee se zersäbelt! A manner futtis Zellen heescht och manner Reizgas!
  • Schneidtechnik: Ganz wichteg! Wann een net einfach nëmme wéi well drop lass hackt, mee se schéin an Tranchen a Cube schneid, da bléift d’Iwwerfläch méi kleng. De Reizgas bleift also zum Deel tëscht den Tranche gefaang, a kann eis Schleimhaut net ugräife kommen. An d‘Wuerzel soll ee ganz zum Schluss erof schneiden ... do entsteet näämlech am meeschte Reizgas!
Et ginn awer och e puer Techniken, déi esou hallef funktionéieren
  • Schlupp Waasser am Mond: De Reizgas dee mer anootme léist sech tatsächlech am Waasser op. D’Nues leeft also net! Mee kräische muss een trotzdem, well et kennt jo awer en Deel vum Gas direkt mam Aan a Beréierung!
  • Kontaktlënsen: Dat ass nach e bëssen e Geheimnis! Wann ee Kontaktlënsen unhuet, da muss een zwar och kräischen, mee net esou vill, an net esou séier! Mee et weess kee firwat!
  • Krunn lafe loossen: Do gëtt natierlech och en Deel vum Reizgas dran opgeléist, mee et bléift es awer nach genuch fir eis kräischen ze doen. Vläit e bësse manner, an e bësse méi spéit, mee kräischen deet een trotzdem!
An hei ass wat guer net funktionéiert
  • Läffel am Mond: ... gesäit einfach nëmme blöd aus!
  • Ventilator: De Reizgas fortblosen! Ass an der Theorie eng gudd Iddi, a kéint esou guer bësse funktionéieren. De Problem ass just dass deng Ënne mat fortfléien, an dass de de Reizgas just mat der Loft verwirbels.
  • Käerz ufänken: De Gas verbrennen! Am Prinzip eng gudd Iddi, funktionéiert awer leider net bei dësem Reizgas!
  • Fixspoun am Mond: Hmmm ... keng Ahnung ween op déi genial Iddi komm ass! Funktionéiert op alle Fall net!
  • Zong erausstrecken: Funtionéiert ganz e bëssen! Et léist sech e klengen Deel vum Gas am Spaut op, mee wierklech net vill. Bei engem dee souwisou net vill kräischt, kann et vläit e bëssen hëllefen.  
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Et ass jo just eng chemesch Reaktioun déi de Reizgas an den Ënne produzéiert! 2002 huet eng Equipe vu japanesche Fuerscher den Enzym entdeckt, dee fir déi lescht Etapp vun der Reaktioun zoustänneg ass. A wéi et ausgesäit huet dësen Enzym keng aner Aufgab am Zellmetabolismus.

Eng japanesch Liewensmëttelfirma (House Foods Corporation) huet sech elo zum Ziel gemaach, fir eng genetesch modifizéiert Enn ze entwéckelen, déi dësen Enzym einfach net huet! Allerdéngs kennen d’Fuerscher um aktuelle Stadium vun hirer Studie nach net ausschléissen dass de Geschmaach oder de Geroch vun den Ënne giff beaflosst ginn.

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Werden wir eines Tages Wände hochklettern wie Spiderman?

Damit ein Mensch an einer Wand emporklettern kann, müssen seine Hände mit einer Kraft an der Wand haften, die sein Gewic...