frierende Frau

shotshop.com

Brrr...de Wand mécht alles nach méi kal

Mr. Science, d'Meteo mellt fir haut eng Temperatur vu minus 8 Grad Celcius. D'gefillten Temperatur soll awer bei minus 16 Grad leien! Wat heescht dat da lo, e Nolauschterer wollt wëssen, wat eigentlech déi gefillten Temperatur ass?

Dat ass eng komplizéiert Berechnung fir erauszefanne, wéi sech fir en duerchschnëttleche Mënsch déi gemoossen Temperatur ufillt. Do spillt net nëmme mat, wéi waarm oder kal d'Loft effektiv ass, wat also den Thermometer seet. Mee och Wand, Loftfiichtegkeet oder Reen hunnen Afloss drop, ob sech d'Loft méi waarm oder méi kal ufillt, wéi se tatsächlech ass.

A wéi fënnt een déi gefillten Temperatur eraus?

Wëssenschaftler hunn dofir eng Method entwéckelt, déi se "Energiebilanz-Modell" nennen. D’Fuerscher gi vun engem Duerchschnëtts-Mann aus, deen 1,75 Meter grouss ass a 75 Kilogramm weit. An dëse "Modell" loossen se déi verschidden Aspekter vum Wieder mat afléissen: Loftfiichtegkeet, Wandstäerkt, Nidderschlag (méi zum Modell an der Infobox).

Mee och, wéi sech en Duerchschnëtts-Mënsch passend dozou undeet: kuerz Box oder Thermoënnerwäsch, Hawaii-Hiem oder déck Jackett. All dëst fléisst an d’Berechnung an – an ergëtt, wéi en Duerchschnëtts-Mënsch d'Temperatur empfënnt. Fir dass een sech eppes dorënner virstelle kann, gëtt et a Grad Celsius uginn. 

Wat feiert dann zu enger héijer a wat zu enger niddreger gefillten Temperatur?

Wand a Reen beispillsweis loossen d’Temperature méi déif wierken, well dës eisem Kierper Wäermt ewech huelen. Héich Loftfiichtegkeet am Summer feiert awer dozou, dass mer mengen et wär méi waarm, well dann de Kierper Hëtzt net sou gutt lassgëtt (méi dozou an der Infobox).

So, a fréiert dann elo de Weier zou, wann d’Temperatur bei plus 3 Grad ass, awer d’gefillten Temperatur bei minus 2 Grad leien?

Nee. De Weier fillt jo näischt. Fir dee sinn 3 Grad plus och 3 Grad plus, an da fréiert d’Waasser net.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: shotshop.com

 

Infobox

Gefillten Temperaturen - Summer a Wanter

Jee no Wiederlag empfanne mir déi selwecht Temperatur ganz ënnerschiddlech. Am däitlechsten ass dat am Summer. Héich Temperature bei gerénger Loftfiichtegkeet empfannen déi meeschte Leit als méi oder manner erdrobar Hëtzt. Ganz anescht ass dat awer bei héijer Loftfiichtegkeet. Besonnesch Nordeuropäer kommen da schnell un d’Schweessen a beschwéieren sech well et schmeier ass. Naasskalt Wieder, wa méiglech och net mat guddem Wand verbonnen, léisst eis schnell fréieren. Een äiskalen, sonnegen Dag an de Bierger kennt dogéint meeschtens mat gerénger Loftfiichtegkeet Hand an Hand. Och dëse léisst sech besser aushale wéi en onfrëndlechen Niwweldaag.

De Klima-Michel

En gëllt als Klischee vum Däitsche – de Michel. Munchmol huet en och Humor. Zum Beispill beim däitsche Wiederdéngscht. Dee benotzt nämlech de „Klima-Michel-Modell“ fir d’Berechnunge vun der gefillter Temperatur. Dësen Energie-Bilanzmodell vum mënschleche Kierper geet vun engem 35-Järege Mann aus, deen 1,75 Meter grouss ass, 75 Kilogramm weit, eng Kiepersurface vun 1,9 Quadratmeter huet, sech dem Wieder passend ugedoen huet a séier spadséiere geet. D’Meteorologe ginn an de Modell an, wat fir eng gemoosse Lofttemperatur se erwaarden, genee sou wéi d’Wandvitesse, Loftfiichtegkeet a Sonnenastralung. De Computer errechent dann d’Wäerter fir Confort, Wärmebelaaschtung a Keeltstress. Well dem Michel dës Wäerter awer net vill soen, schwätzen d’Wiederfräsche léiwer direkt vu gefillter Temperatur a Grad Celsius.

 

Auch interessant

Äiskal ofhuelen Kann een ofhuelen, andeems een doheem d'Heizung erofdréint?

Eise Kierper brauch Energie, fir permanent op Betriebstemperatur ze bleiwen. Kann een dat notzen an duerch manner Hëtzen...

FNR
Wiermen am Wanter Hëlleft eng Drëpp géint Keelt?

Wann et engem kal ass, hëlleft eng Drëpp, seet de Volleksmond. Stëmmt dat wierklech?

FNR
Kierpergewiicht an Temperatur Weem ass et am Summer méi waarm: dem Décken oder dem Dënnen?

Leit déi iwwergewiichteg si, beschwéieren sech am Summer oft méi iwwer d’Hëtzt wéi Leit déi méi schlank sinn. Gëtt et d...

FNR