shotshop.com

D’Sonn huet dat stäerksten natierlechst Liicht.

Mr. Science, dës läscht owes wou d’Sonn déif um Himmel stoung, hunn ech kuerz an d’Sonn gekuckt. Duerno hunn ech eng gutt Zäit laang ee schwaarze Fleck gesinn, deen net do war. Wéi kënnt dat?

Wann s Du an eng ganz hell Luucht kucks, reegelt däin A d’Empfindlechkeet vun dénge Kuckzellen, op déi di staark Luucht fält, erof. Wann s Du däi Bléck da vun der heller Liichtsource fort dréins, brauchen d’Kuckzellen e bëssi, bis si hier Empfindlechkeet erëm eropgereegelt hunn. An dëser Zäit mengs Du, ee schwaarze Fleck amplaz vun der staarker Luucht ze gesinn. Dat nennt een iwwregens Nobild.

Ech lafen dach stänneg laanscht hell Luuchten, an hunn awer net all Kéiers esou Nobiller, wéi wann ech an d’Sonn gekuckt hunn. Firwat?

D’Sonn huet dat stäerksten natierlechst Liicht a provozéiert dowéinst séier een Nobild. Virun dëser Luucht muss Du Deng Ae gutt schützen, soss kënnt séier eppes drun.

Aner Luuchte sinn net esou grell wéi d’Sonn. D’Empfindlechkeet vun de Kuckzelle gëtt dowéinst net esou staarkt erofgereegelt. Ausserdeem wandert däin A beim normale Kucken dauernd hin an hier. Verschidde Beräicher vun denger Netzhaut ginn dobäi gereizt – an dann entsteet net sou een däitlecht Nobild wéi bei engem kuerzen, steiwe Bléck an d’Sonn.

Wéi laang dauert dat dann, bis sech d’Kuckzellen erëm calméiert hunn?

Bis d’Nobild, also dee schwaarze Fleck, verschwonnen ass, dauert et nëmmen e puer Minutten. Mee ëmgedréint, bis sech däin A u wéineg Luucht oder souguer un absolut Däischtert gewinnt huet, kann et schonn eng hallef Stonn daueren. Mee dann kann däin Aa awer souguer een eenzelt Liichtdeelechen gesinn, dat z.B. vun engem wäite Stär op deng Netzhaut fält. Däin A bréngt méi Leeschtung wéi all Fotoapparat.

Nobiller beim Faarwenkucken

Nobiller hëlt een net nëmme wouer, wann een an eng ganz hell Luucht gekuckt huet. Och Faarwen hannerloossen den Androck vun engem Nobild – an zwar an der Complementaire-Faarf: Kuckt ee méi laang op eppes Bloes, da gesäit ee wäisst Blat Pabeier duerno giel aus. Aus rout gëtt gréng. De Grond dofir läit un de verschiddene Kuckzellen, déi mir fir dat Faarwenkucken an der Netzhaut hunn: Et gëtt Rezeptore fir rout, gréng a blo.  Bei wiesselende Faarwen-Andréck déi dräi Rezeptor-Aarte gläichzäiteg an ënnerschiddlechem Ausmooss stimuléiert a schécke Signaler un d’Gehir. Sou kommen déi vill Faarfnuancen zustan, déi mir ophuele kënnen.

Wann een sech op eng eenheetlech Faarffläch konzentréiert, schéckt den entspriechende Rezeptortipp en permanent Signal – a gëtt dobäi midd. Wann een dann op ee wäisse Pabeier kuckt, sinn déi grad nach iwwerstrapazéiert Rezeptoren fir eng kuerz Dauer inaktiv. Et sinn fir e kuerze Moment also just déi Rezeptoren déi net midd sinn, déi Signaler un d’Gehir ginn, an dofir  entsteet een Nobild an de Complementaire-Faarwen vun dem urspréngleche Faarfbild.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Auch in dieser Rubrik