© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Mir kënne gesinn a fotograféiere, well alles ronderëm eis liicht. Datt dat sou ass, gesäit een op beandrockend Aart a Weis mat dem Mr Science senger begéibarer Camera Obscura.

Wann een e Raum komplett ofdonkelt a just e klengt Lach an de Rideau buert, mierkt een datt duerch d’Lach, net nëmme Luucht era kënnt mee och e Bild: D’Vue, déi een duerch d’Lach huet, gëtt duerch d’Lach an den däischtere Raum projezéiert.

Firwat dat sou ass, a firwat d’Bild op der Kopp ass, erkläert de Mr Science a sengem Experiment.

Ausserdeem spillt hie mat Luucht virun der Kamera a weist iech e spektakuläre Light graffiti.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Auch interessant

Light Graffiti Male mit Licht!

Mache ein originelles Neujahrsfoto!

FNR
Liichtplanzen Kënnen iergendwann liichtend Beem Luuchten ersetzen?

„Eis Visioun ass et, eng Planz ze entwéckelen, déi als Bürosluucht benotzt gëtt“, doru gleeft e Fuerscher vum renomméie...

FNR
Wanterblues Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Bio-Plastiktüte
“Zero Waste” Si Bioplastikstute gutt fir d’Ëmwelt?

Konventionell Plastikstute sollen ofgeschaaft ginn. Oder duerch Tuten aus Bioplastik ersat ginn. Mee Mr Science, ass dat eng besser Léisung?

FNR
Frau vs Mann
Ënnerscheeder tëscht Geschlechter Gëtt et en Ënnerscheed tëscht Fraen- a Männergehierer?

Mr. Science, den X oder Y deen d’Fraë vu Männer an de Chromosomen, also an eise Genen ënnerscheeden, spigelt sech dëse klengen Ënnerscheed och am Gehier erëm?

FNR
Insekten Auto
Insektestierwen Firwat peschen ëmmer manner Insekten op der Autosfënster?

Säit e puer Joer ass d'Insektestierwen e grousst Thema. Et kurséieren dramatesch Zuelen iwwert d'Verschwanne vun de klenge Krabbel- a Flugdéieren. Wéi schlëmm gesäit et fir si aus?

FNR