Di schéi Reefer déi eis esou fresch an topfit ausgesinn din, kennen eng ganz Réi vun Uersaachen hunn, wéi zum Beispill Middegkeet a Stress, oder  zevill Alkohol an Tubak. A verschiddene Fäll kann et awer och genetesch bedingt sinn.

Mee firwat weisen déi Symptomer sech da grad ennert den Aan?

Ma rondrem den Aan ass déi iewegt Hautschicht, den Epiderm, 10 mol méi denn wéi um Rescht vun eisem Kierper. Wëll se sou den ass, ass se natierlech och méi empfindlech a manner geschützt.

10 mol méi den??

Mir mierken dat zwar selwer net, mee eis Aan sinn de ganzen Daag iwer a Beweegung. Well den Epiderm esou dënn ass, loossen d’Aan an d’Aandeckele sech vill méi liicht a séier beweegen.

Mee wou kennt dann elo déi däischter Faarw hier?

D’medezinesch Ursaach ass eng schlecht Duerchbluddung! D’Oderen rondrem dem Aan si ganz kleng, mee normalerweis geet dat awer duer fir d’Aan mat Sauerstoff ze versuegen a Gëfter oder metabolesch Ooffallstoffer ze entsuegen.

Wanns de awer elo midd oder gestresst bass, da brauchs de méi Sauerstoff an et entstinn och méi Gëfter. An da geet d’normal Bluttzirkulatioun op eemol nemmi duer! Lues a lues stauen sech dann rout Bluttpigmenter, déis de duerch den dennen Epiderm gesäis. An dat sin dann deng Reefer!

An do kann ee guer naischt dergéint maan? Also ausser di langweileg Saachen wéi méi schloofen, manner Party maan…

Dach, do gin et natierlech Crèmen an sou Gedeesems, mee déi Saachen schloen natierlech bessi an de Portemonni! Wanns de dech wells ameséieren, da kanns de der och all moien während 15 Minutte warm schwaarz Téisäckelcher op d’Aan léen!

Text: Corinne Kroemmer

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR