Arpingstone via Wikimedia Commons

D’Concorde war méi séier wéi d’Schallgeschwëndegkeet

Haut ass en traurege Gebuertsdag, net nëmme fir d’Wëssenschaft, mee och fir d’Mënschheet : haut virun 13 Joer ass d’Concorde bei Paräis erofgefall. Et hat keen d’Accident iwwerlieft, wat natierlech d’Enn vun der Concorde bedeit huet.

Ech mengen d’Concorde war deen technesch impressionnanste kommerzielle Fliger deen et bis elo ginn ass! E war nämlech méi séier wéi Schallgeschwëndegkeet! Mat 2.000 km/h war en deemools scho méi wéi duebel esou séier wéi en normale Fliger vun haut.

Säit sengem éischte Fluch 76 huet en net opgehal Rekorder ze briechen! 86 ass en a knapp 30 Stonne rondrëm d’Welt geflunn a 96 huet en New York – London a manner wéi 3 Stonnen zeréckgeluecht ! Fir déi enorm Vitesse ze erreeche war natierlech eng grouss Erausfuerderung! An duerch d’Hëtzt, déi beim Duerchbroch vun der Schallmauer entstan ass, huet d’Metall sech 25 cm ausgedehnt an et huet missen eng extra Faarf entwéckelt ginn, fir der Dehnong an der Hëtzt ze widderstoen.

Anscheinend plangen d’Amerikaner rëm en neie supersonesche Fliger. Mee do musse mer eis awer nach e puer Joer gedëllegen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: Arpingstone via Wikimedia Commons

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch interessant

Looping mam Fliger Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet.

FNR
Löchrige Flugzeugfenster Warum haben Flugzeugfenster ein kleines Loch?

Wenn man sich die Fenster im Flugzeug genau ansieht, erkennt man ein kleines Loch. Wozu dient es?

FNR
Hightech-Flughafensicherheitssystem FLYSEC Schluss mit langen Warteschleifen und Eingriffen in die Privatsphäre

Gemeinsam mit dem Flughafen Luxemburg hat die Universität Luxemburg ein Hightech-Flughafensicherheitssystem in der Praxi...

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR